Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mär" oder "mir"? "Séier" oder "schnell"

Sproochfuerschung

"Mär" oder "mir"? "Séier" oder "schnell"

Wéi gëtt zu Lëtzebuerg geschwat a wou sinn déi ënnerschiddlech Variatiounen am Lëtzebuergeschen ze fannen? "Schnëssen" ass eng Applikatioun fir de Smartphone, déi d'Lëtzebuerger Sprooch an all hire Facetten erfuerscht.

auto_stories

2 min

Wéi eng Variatioune ginn et am Lëtzebuergeschen a wou gëtt wéi geschwat? Mat deene Froe beschäftegen sech fënnef Sproochfuerscher op der Uni Lëtzebuerg. Dorënner och d'Sara Martin, déi d'Variatioun tëscht de Pronomen "hatt" a "si" analyséiert.

Fir sech d'Aarbecht ze erliichteren, gouf d'Applikatioun "Schnëssen" an d'Liewe geruff. Déi App fir de Smartphone hëlleft der Doktorantin dobäi, séier vill Leit ze erreechen. D'Leit - d'Lékt oder d'Lëtt - kréien iwwert d'Applikatioun Sätz aus dem Däitschen oder Franséischen op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen respektiv eng honnert Biller ze beschreiwen an huele sech dobäi op. Dës Opnamen ginn duerno vun de Sproochfuerscher ausgewäert. "An da kréie mer hoffentlech ganz spannend Resultater."

Modern Technologien vereinfachen d'Fuerschung

"Et mécht ee sech e Profil, bei deem just e puer perséinlech Daten ofgefrot ginn," esou d'Sara Martin. Et gëtt een zum Beispill gefrot, a wéi enger Regioun zu Lëtzebuerg een opgewuess ass, ob ee Mammesproochler ass oder net an ob a wéi vill Joer een am Ausland gewunnt huet.

Esou kann een d'Leit lokaliséieren an an e Kontext setzen. "Mir kënnen dann och déi verschidden Altersgruppen matenee vergläichen." Eng Fro, déi dobäi soll beäntwert ginn: "Wéi ënnerscheet sech zum Beispill d'Aart a Weis lëtzebuergesch ze schwätzen vu jonke Leit am Verglach zu eelere Leit. Eventuell och tëscht Männer a Fraen".

Déi modern Technologien mécht d'Sproochfuerschung méi liicht. Fréier, deelweis och haut nach, huet ee mat ënnerschiddleche Persounen uechter d'ganzt Land hunn d'Sproochfuerscher missen op d'Plaz fueren. Dat war dacks relativ zäitintensiv. Duerch d'Applikatioun "Schnëssen" kritt een bannent kuerzer Zäit Toun-Opnamen vu Leit iwwerall aus dem Land.

"Mir sammelen nach weider"

Bis ewell konnten iwwert dëse Wee eng 52.000 Opname vun ongeféier 1.200 Leit gesammelt ginn. "Mir maachen zwar schonn éischt Auswäertungen, mee sammelen ëmmer nach weider," seet d'Sara Martin. D'Zil wier et duebel esou vill Opnamen "vun all Eck vum Land" ze kréien.

Kleng Auswäertungen goufen awer och elo scho gemaach. Et gouf zum Beispill gekuckt, wou a wéini d'Leit zum Beispill "Ameis" oder "Seechomes" soen oder wéi déi verschidde Variante vu "Freideg", "Freiden" oder "Fregdeg" am Land verdeelt sinn.

En neie Lëtzebuerger Sproochatlas?

Vergläicher zéien d'Sproochfuerscher vun der Uni Lëtzebuerg och tëscht dem Sproochgebrauch an dem "Lëtzebuerger Sproochatlas" vun 1963. D'Iddi ass et och en neie Sproochatlas vun haut ze publizéieren. Dobäi sollen aktualiséiert Kaarten verëffentlecht ginn.

D'Resultater vun den Toun-Opnamen an deene verschiddene Varianten kënne sech d'Participanten och selwer an der Applikatioun ulauschteren.