Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blue Hawaii - L.O.V.E.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martin Folz: E Liewe fir d'Sangen

Sot emol

Martin Folz: E Liewe fir d'Sangen

De Martin Folz ass zanter 2019 Chouerdirekter vum Theater Tréier, dat heescht en ass de Responsabele fir d'Kanner vu sechs Joer, de Jugendchouer awer och fir déi Grouss, dat heescht de Profi-Chouer vum Theater.

auto_stories

3 min

D'Musek louch beim Martin Folz an der Famill, de Grousspapp war Chef vum Akkordeon-Orchester an hirem Duerf, de Papp war Laiemuseker a d'Mamm Laieschauspillerin. A mat fënnef Joer huet de Martin Folz säin éischten Akkordeon kritt.

"Ech sinn do einfach eragewuess, mat 7, 8 hunn ech e méi grousst Instrument kritt. Mat zéng hunn ech déi éischt Akkordeonwettbewerbe gespillt, hunn och e puer gewonnen. A do koum enges Daags déi Entscheedung, ginn ech professionell a Richtung Akkordeon?"

"Ech hunn et an der Kierch esou spektakulär fonnt"

Dem Martin säi Papp huet dem Monni, deen Organist war, dacks registréiert an him hunn, och wann et kal war, déi Amenter an der Kierch immens gefall. De Martin Folz huet et sengem "Onkel Egon" nogemaach an huet ugefaangen mat Uergel an Piano.

De Martin Folz krut an der Schoul zu Völklingen geroden dach ganz an d'Richtung Musek ze goen, an en huet d'Première si gelooss, a sech mat 17 Joer op Musek konzentréiert.

"An do sinn ech op Tréier , hu Kierchemusek studéiert, an dat war genee dee richtege Wee. An do vun Tréier op Saarbrécken (...) Natierlech sinn ech fir d'éischt vum Instrument komm. Meng Elteren hu mech awer scho ganz fréi mat an Kierch geholl an hu beim Papa am Kierchechouer ugefaangen am Tenor ze sangen."

Wärend dem Studium ass de Martin Folz ëmmer méi an Direktioun Gesang gaangen.

"An ech hunn da gemierkt, do ass eng ongleeflech Freed bei mir dobäi, musikalesch a gesanglesch zu agéieren a dunn hunn ech dann nieft dem Dirigéieren och nach Gesang studéiert."

"Une idée de fou"

De Martin Folz huet besonnesch vill Freed un der Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen an e Beispill dofir ass e Chouer mat engem europäeschen Gedanken, de Robert Schuman Chouer, deen op eng Iddi vum Pierre Cao zeréck geet. De Martin Folz war deemools Directeur artistique vum "Saar-Sänger-Bond" an de Pierre Cao wollt zu Saarbrécken iwwert eng, wéi de Martin Folz seet, verréckten europäesch Jugendchouer-Iddi schwätzen.

"An do souz de Pierre Cao dann do, a wéi dee geschwat huet, dat huet mer dem Otem geholl. Ech hunn nur higekuckt, un de Lëpsen gehaangen. Deen huet dunn d'Iddi gebuer, Lëtzebuerg ass e klengt Land, d'Wallonie ass e klengt Land, Lothringen ass e klengt Land an d'Saarland och.(...) Mer grënnen mat deene véier Regiounen e grenziwwerschreidende Jugendchouer, wien ass dofir? Wupp, war ech deen éischten dee d'Hand gestreckt huet, do war mir ganz klar, datt dat géif goen."

20 Joer war den Martin Folz du beim Robert Schuman Chouer mat derbäi. Se hunn ganz geckeg Saache gemaach, mä politesch ass net gelongen de Chouer um Liewen ze halen, esou de Martin Folz.

"Obwuel mer am Bundestag gesongen hunn, deemools wou de Junker als éischten auslännesche President am Tag der deutschen Einheit do geschwat huet. Do huet hien säi Schuman-Chouer, wéi de Jean Claude Junker e genannt huet, matgeholl. Dat war unglaublich, datt hien deemools gesot huet: Jo, ech kommen, mä ech bréngen awer de Robert Schuman-Chouer mat als europäeschen Botschafter. An do hu mer Geleenheet verpasst, richtg dat ganzt fest ze zuren, dass och dann, wann ech ophalen oder de Camille Kerger, datt et dee Chouer ëmmer nach gëtt, mer hunn et net geschafft, et gibt dat Ding elo net méi."

An dat deet dem Martin Folz bis haut leet.