Radioen

On air

Notturno  |  Badge Époque Ensemble - Sing A Silent Gospel Feat. U.S. Girls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mediatioun - eng Alternativ zu de Geriichter

Justiz

Mediatioun - eng Alternativ zu de Geriichter

Amplaz direkt säi Géigner viru Geriicht ze zitéiere mat engem ongewëssen Ausgank, kann een als Alternativ eng Mediatioun wielen: Eng Verhandlung tëschent Parteie mat engem neutrale Vermëttler, déi am beschte Fall zu engem Accord tëschent Parteie féiert an esou e Prozess kann iwwerflësseg maachen. Den Affekot Frank Wies erkläert.

auto_stories

7 min

De Frank Wies ass Affekot.

Et kléngt wéi den Albdram vun all Affekot. Kee laange Prozess, kee Riichter, bei dem ee plädéiere kann. D'Parteien, déi selwer sollen eng Léisung fannen, fir hire Sträitfall - an dat just mat der Hëllef vun enger neutraler Persoun, dem Mediateur.

Et ass e Wuert, dat an de leschte Joren ëmmer méi populär gouf. De fréiere Knoutermann, bei deem ee sech bekloe konnt, wann ee Problemer mat enger Verwaltung hat, deen heescht haut Mediateur. Zënter Kuerzem gëtt et och e Service de médiation am Beräich vun der Santé. Dee soll vermëttelen, tëscht Dokter oder Klinik a Patient, wann dëse sech falsch, oder schlecht behandelt spiert. 2012 gouf doriwwer eraus fir all ze vil a kommerziell Affären e Gesetz gestëmmt, dat der Mediatioun an dëse Matièrë soll e legale Kader ginn.

Firwat Mediatioun?

D'Ursaache fir dëse Succès si villfälteg. Engersäits ass et de Constat, datt eng Geriichtsaffär mat Käschten an Zäitopwand verbonnen ass. D'Mediatioun kéint méi séier a gënschteg eng Léisung vum Konflikt bréngen.

E weidere Grond ass d'Hoffnung, datt eng Solutioun, déi vun de betraffene Persounen ënnerteneen am Dialog am Kader vun enger Mediatioun ausgemaach gouf, méi liicht vun hinnen akzeptéiert gëtt, wéi eng geriichtlech Entscheedung. Well déi gëtt vun uewen imposéiert an op d'mannst eng vun de Parteien huet an der Regel d'Gefill, als Veréierer vum Terrain ze goen.

An da schliisslech nach d'Noutwennegkeet, fir nees eng Kommunikatioun tëschent den zerstriddene Leit hierzestellen. Während déi an enger Geriichtsaffär dacks iwwert eneen, mee seele matenee schwätzen, féiert bei der Mediatioun an der Regel ee konstruktiven Dialog zu engem Versteesdemech: Einfach ausgedréckt, ob d'mannst schwätzt een nees mateneen

Matenee schwätzen

Dat erschéngt besonnesch wichteg a Situatiounen, an deenen d'Parteien - ob si et wëllen oder net - och no hirer Affär nach mateneen ze di wäerten hunn a wuel oder iwwel musse mateneen auskommen.

Dat kënnen zwee Associéë vun enger Gesellschaft sinn, déi sech zwar iwwer ee spezifesche Projet an d'Hoer kruten, bei deenen awer keen Interêt huet d'Firma ze verloossen oder esouguer d'Baach erofgoen ze loossen. Oder Coproprietairen aus enger Residenz, déi sech an der Generalversammlung all Joer nees iwwer de Wee lafen an dofir Interêt hunn, fir hir Differenzen anescht ze regelen, wéi duerch Gestreits.

Haaptsächlech betrëfft et awer d'Familljerecht. Regelméisseg huet een d'Situatioun, datt zwou Persounen net méi matenee kënnen, mee duerch gemeinsam Kanner unenee gebonne sinn.

Mediatioun am Familljerecht

Et ass dann och an dëser Matière, an där d'Mediatioun am meeschte virkënnt. Esouwuel ausserhalb vun all Geriichtsprozedur, wéi och am Kader vun engem Prozess. A Scheedungsfäll oder am Kader vun enger Trennung ouni Bestietnes probéieren déi Concernéiert - dacks op Rot vun engem Service social oder Affekot - d'Zukunft vun hirer Relatioun no der Trennung iwwer eng Mediatioun ze regelen.

Dat setzt awer viraus, datt béid Parteien dozou bereet sinn. Mediatioun geschitt meeschtens op fräiwëlleger Basis.

Keng Garantie

Eng Garantie, datt d'Mediatioun Succès huet, gëtt et awer net. Och de beschte Mediateur ka keen zwéngen, ee Kompromëss ze fannen. Dacks hunn d'Leit falsch Erwaardungen an déi maachen een Accord onméiglech. Wann een an d'Mediatioun geet, mam Zil deen anere vu sengem Standpunkt z'iwwerzeegen, ouni selwer wëllen och nëmmen e bëssen dovunner ofzeréckelen, da kann et näischt ginn. Och wann de Konflikt tëschent den Elteren ze déif ass oder et an der Vergaangenheet schwéier Virfäll gouf, déi net ouni méi streng Mesuren ze léise sinn, dann ass eng Mediatioun net méiglech.

Kënnt et dann zu engem Accord, dann huet een all Interêt, trotzdem en Tour iwwer d'Gericht ze dréinen. An zwar fir dësen Accord ze homologéieren. Dat heescht, datt dat zoustännegt Geriicht en Uerteel hëlt, dat den Accord confirméiert. Dat ass néideg, fir sécher ze stellen, datt een den Accord spéider duerchsetze kann, falls sech ee vun de Concernéierten net méi dorunner hält. De Jurist schwätzt vun der "Force exécutoire".

Keen Zwang

Och wann de Konflikt tëscht den Eltere scho bei Geriicht ass, kann et awer zu enger Mediatioun kommen. Déi kann awer net opgezwonge ginn. Laut dem Gesetz vun 2012 kann d'Geriicht de Parteie just proposéieren, fir sech enger Mediatioun z'ënnerzéien.

Wat awer imposéiert ka ginn, dat ass eng Séance d'information iwwer d'Mediatioun. Dat heescht, de Riichter kann d'Leit zwéngen, un esou enger Séance deelzehuelen, fir sech iwwer de Fonctionnement, d'Vir- an d'Nodeeler vun enger Mediatioun z'informéieren. Méi awer net, d'Leit bléiwe fräi an hirem Choix, ob si d'Mediatioun maachen oder net. D'Gericht ka si herno och net sanktionéieren, just well si no der Séance d'information net weider ob d'Propositioun vun der Mediatioun agaange sinn.

An der Praxis stellt een awer fest, datt vill Léit d'Invitatioun vum Geriicht eng Mediatioun ze probéieren, dacks als Uerder verstinn dat ze maachen - verbonne mat der Suerg, datt e Refus negativ Konsequenzen op hir Affär hätt. An dat trotz alle Verspriechen, datt dat net geschitt. Et soll awer scho virkomm sinn, datt esou eng "forcéiert" Mediatioun zu engem Accord gefouert huet. Wann ee matenee schwätzt, geschéien heiansdo Wonner.

D'Roll vum Geriicht

D'Fro déi sech da stellt, ass wat fir ee Spillraum d'Gericht bei esou engem Accord de médiatioun huet. Kënne si nach dorunner fréckelen? D'Riichteren hate sech vläicht eng aner Léisung erwaart, wéi déi, déi d'Parteie gewielt hunn - si dierfen de Wëlle vun de Concernéierten net méi änneren. Et sief dann, d'Léisung, déi fonnt gouf wier zum Beispill net am Interessi vum Kand oder si géif géint déi ëffentlech Uerdnung verstoussen.

De Mediateur

Fir dierfen als Mediateur ze schaffen, muss een eng Formatioun matgemaach hunn, déi vum Justizministère unerkannt ass. Nëmmen d'Aarbecht vun agreéierte Mediateure ka bei Geriicht homologéiert ginn.

E wichtegen Aspekt vun der Mediatioun an zugläich eng vun de Konditiounen, fir datt si iwwerhaapt méiglech gëtt, ass d'Vertraulechkeet vun allem, wat gesot a geschriwwe gëtt. Nëmmen esou kënnen d'Leit fräi schwätzen a mussen net fäerten, datt hir Ausso viru Geriicht benotzt gëtt. Ähnlech wéi en Dokter oder en Affekot, dierf e Mediateur keng Informatioune publique maachen, déi hien am Kader vu senger Aarbecht kritt huet.

Et ginn awer Ausnamen: Den Accord, deen am Idealfall zustane kënnt, muss ëffentlech gemaach ginn, fir viru Geriicht kënnen homologéiert a respektéiert ze ginn. An e muss zum Beispill enger Crèche oder Maison relais gewise ginn, fir ze justifizéieren, datt de Papp d'Recht huet, d'Kanner dohinner sichen ze goen.

D'Fro vun der Confidentialitéit

Méi komplizéiert gëtt et, wann et ëm Aussoen oder d'Behuele vun de Parteien am Kader vun der Mediatioun geet: Zum Beispill wann een Elterendeel zougëtt, e Kand geschloen ze hunn. Wa keen Accord fonnt gëtt, wier déi aner Partei staark dorun interesséiert, dës Aussoen als belaaschtende Beweis am Prozess ze verwenden.

Esou Virfäll féieren dacks zu Spannunge mat de Mediateuren: Dëst, wa si opgefuerdert ginn, Stellung ze huelen iwwer d'Aussoen, déi am Gespréich bei hinne gemaach goufen. Si refuséieren dat, mat Verweis op hire Secret professionnel. Dobäi steet am Gesetz vun 2012 iwwer d'Mediatioun, datt d'Confidentialitéit net gëllt, wann et dorëm geet, fir den Interêt vum Kand ze schützen oder physesch oder psychesch Gewalt géint Persounen ze verhënneren.

Dës Formulatioun kann natierlech ganz large oder ganz restriktiv ausgeluecht ginn. Wat soll de Mediateur maachen, wann eng vun de Parteien an der Roserei zu der anerer seet: "Ech schloen dech futti"? Direkt e Signalement un de Parquet, wat den Echec vun der Mediatioun bedeit? Oder dorop vertrauen, datt dat just esou dohier gesot ass? Dëst Beispill weist, wéi sensibel de Metier vum Mediateur ass. Et muss vu Fall zu Fall entscheet ginn, wéi ee mat sensiblen Informatiounen ëmgeet.


Enger Etude vun der Uni Lëtzebuerg no hunn iwwer 50 Prozent vun de Leit, déi eng Mediatioun gemaach hunn, duerno keng Verännerung van hirer Relatioun mam Ex-Partner festgestallt. Bei 15 Prozent hat d'Relatioun sech esouguer verschlechtert. Eng 30 Prozent hunn dergéint effektiv e positiven Effekt vun der Mediatioun op hir Situatioun erlieft.