Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mee 1945: Eng komplizéiert Versönung

Zäithistoriker

Mee 1945: Eng komplizéiert Versönung

Am Mee 1945 sinn d'diplomatesch Bezéiungen tëschent Lëtzebuerg an Italien erëm opgeholl ginn. Domat gouf eng Period op en Enn, an där d'Italiener zu Lëtzebuerg kollektiv wéi Feinde betruecht goufen.

auto_stories

6 min

D'Liberatioun war fir déi bal 8.000 Italiener, déi deemools zu Lëtzebuerg gelieft hunn, eng extrem komplex Zäit. Vill vun hinnen hate voller Hoffnung op d'Enn vum Terrorregimm gewaart, deen hir eegen Ambassade hinnen opgezwongen hat. De Gesandten Tamburini war der Mussolini-Diktatur nämlech bis zum Schluss trei bliwwen.

An hirem Numm, an an deem vum däitsche Besatzer, hat e seng Landsleit ënner der strikter Supervisioun vun der faschistescher Partei gestallt. D'Antifaschisten, déi sech virum Krich am Land niddergelooss haten, hat e besonnesch am Viséier. Bal 100 vun hinne waren am Laf vum Krich an däitsche KZer oder italienesch Prisonge gestach ginn.

D'Befreiung vu Nazismus a Faschismus am September 1944 war awer keen Happyend - am Géigendeel. Si huet eng nei Zäit ageleet, an déi d'Italiener all - ob Faschisten oder Antifaschisten, Resistenzler oder Kollaborateuren - an een Dëppe geheit goufen.

D'Italiener ginn als Feinde betruecht

Kuerz nom Amarsch vun den amerikaneschen Truppe gouf d'italienesch Ambassade vun den operstane Lëtzebuerger Autoritéiten zougemaach a versigelt. Dat war iergendwéi logesch, well d'Ambassade d'faschistesch Republik vu Salò representéiert hat. Mee iergendwéi war dat awer och extrem ongerecht, well Italien zu deem Zäitpunkt mëtten an engem Biergerkrich war.

Et gouf also eng zweet italienesch Regierung, déi vum Marschall Badoglio, déi sech op der Säit vun den Alliéierten engagéiert hat. D'Lëtzebuerger Regierung huet dës Tatsaach awer momentan ignoréiert. A si huet net nëmmen d'diplomatesch Bezéiunge mat Italien ofgebrach, si huet och all Italiener wéi potenziell Feinden ugesinn.

Duerch den Arrêté grand-ducal vum 17. Juni 1944 huet se hire gesamte Besëtz ënner Sequester gestallt, souwéi all hir Rechter an Interessen - wat zum Beispill bedeit huet, datt hir Pensiounen net méi bezuelt goufen. Dës Noutsituatioun war ëmsou méi grouss, well d'Italiener keng offiziell Vertrieder méi haten.

D'Antifaschisten als Gespréichspartner

Den 29. Oktober 1944 hu sech dann awer déi wichtegst antifaschistesch Organisatiounen zesummegedoen, an hunn d'Unione Antifascisti Italiani - d'Unioun vun den italieneschen Antifaschisten - gegrënnt. Dës UAI gouf vun de Lëtzebuerger Autoritéiten unerkannt a krut eleng d'Recht d'Certificats de bonne conduite politique ze erstellen, mat deenen een als Italiener säi Besëtz konnt zeréckkréien.

Et huet sech awer lues erausgestallt, datt dës Léisung net optimal war. Fir d'éischt Mol well verschidde Membere vun der UAI vun hirer neier Muechtpositioun profitéiert hu fir mam Klassefeind ofzerechnen - also mat deenen italieneschen Entrepreneuren an Händler, déi d'Faschisten ënnerstëtzt haten. Den anere grousse Problem war, datt dës sougenannt Unioun eigentlech keng war, wéi een dat an enger Nott vum Ausseministère vum 5. Januar 1945 ka liesen :

"L'entrevue que le soussigné a eue avec le délégué du Groupement antifasciste de Dudelange montre qu'il existe au sein de la colonie italienne des divergences assez marquantes rendant une prise de contact, même à titre de pure information, aléatoire avec les différentes organisations italiennes. Il est douteux que les quatre principaux groupements (Dudelange, Esch, Differdange et Luxembourg) puissent s'accorder sur le choix d'une personne qui pourrait discuter avec le Gouvernement de la même manière que le délégué des Groupements italiens à Bruxelles avec les Affaires étrangères belge."

Den Auteur huet also folgend Léisung virgeschloen:

"Comme l'Italie est reconnue comme cobelligérant par les principales nations unies rien ne s'oppose à la reprise des relations diplomatiques et consulaires."

Diplomatesch Bezéiunge ginn erëm opgeholl

Déi éischt Diskussioune mat der italienescher Ambassade zu Bréissel hu warscheinlech kuerz dono stattfonnt, an den 18. Mee 1945 sinn d'diplomatesch Bezéiungen tëschent Lëtzebuerg an Italien erëm opgeholl ginn. Et huet dann awer nach en halleft Joer gedauert, bis den neien Ambassadeur, de Stanislao Corvino-Milkovski, akkreditéiert gouf.

Et huet sech ganz séier erausgestallt, datt dësen antifaschisteschen Aristokrat, dee seng Karriär, virum Éischte Weltkrich an der k. u. k. Diplomatie ugefaangen hat, kee kamouden Interlocuteur war. De Lëtzebuerger Autoritéiten huet e virun allem virgeworf seng Landsleit willkürlech ze behandelen, wéi en dat an engem Rapport u senger Regierung festgehalen huet:

"Étant donné que le gouvernement luxembourgeois, en exil à Londres, déclara, après l'invasion de son pays, la guerre à l'Italie, alliée de l'Allemagne, les Italiens résidant au Grand-Duché furent automatiquement considérés comme des ennemis par les indigènes. En outre, le comportement effronté et provoquant du ministre Tamburini [...] et surtout la collaboration sous toutes ses formes, poussée souvent jusqu'à des dénonciations à la Gestapo, ont fini par exacerber la population locale, et même si la majorité des Italiens avait fait preuve d'un comportement loyal envers le pays hôte tout au long de la période d'occupation, les Luxembourgeois les considéraient comme leurs ennemis. [Des] procédés arbitraires furent plus ou moins légalisés par une mesure de séquestre général des biens des ennemis, décrétée le 17 août 1944, et les Italiens furent dans ce sens assimilés aux Allemands. [...] Il faut noter que la mesure de séquestre frappait de très nombreux Italiens qui n'avaient agi d'aucune façon contre les intérêts du pays, mais qui par contre étaient souvent venus en aide à la résistance contre l'envahisseur. [...] La situation qui s'était créée au Grand-Duché devint vite insoutenable."

En neit Kapitel

Den 2. Januar 1947, wärend engem Treffen tëschent dem Corvino an dem Joseph Bech, deemools Ausseminister, koum et dann zu engem Eclat. Den italieneschen Ambassadeur huet ganz ondiplomatesch domadder gedreet d'Awanderung vun Italiener am Grand-Duché ze stoppen. An am deemolegen ekonomesche Kontext war dat fir Lëtzebuerg eng eescht Droung.

Déi 2.000 däitsch Krichsgefaangener, déi an der Landwirtschaft an un der Rekonstruktioun geschafft haten, sollte gläich erëm befreit ginn. Der Lëtzebuerger Wirtschaft, där et knapp zwee Joer nom Krich schonn un Aarbechtskräfte gefeelt huet, huet a Richtung Italien geluusst. Mee do war d'Konkurrenz grouss, wéi een dat an enger Nott un d'Regierung vum Abrëll 1947 liese kann:

"Rome est actuellement le rendez-vous d'un grand nombre de délégués gouvernementaux en quête de main-d'œuvre italienne. Après la Belgique et l'Angleterre, c'est le tour de la France et de la Suisse et surtout de l'Argentine et d'autres pays de l'Amérique du Sud. Les avantages accordés par ces nations à l'Italie sont parfois très appréciables. La main-d'œuvre italienne est très recherchée, ce qui ne facilite certainement pas les pourparlers."

Et war also net de Moment fir e Streit mat den Italiener unzefänken. Mee anscheinend hunn déi et och esou gesinn. Den 12. Juni 1947 gouf de Bech zu Roum empfaangen an zwee Méint dono gouf de Corvino ofgesat. Soumat huet fir d'Italiener zu Lëtzebuerg e neit Kapitel ugefaangen.