Radioen

On air

Notturno  |  Gruff Rhys - People Are Pissed

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi konsequent Mesurë géint d'Biodiversitéitskatastroph

Biophilia

Méi konsequent Mesurë géint d'Biodiversitéitskatastroph

Den Energieministère huet de Gemenge proposéiert, d'Stroossebeliichtung an der Nuecht tëschent 01h00 Auer a 05h00 Auer auszemaachen. Duerch déi véier Stonne kéinte bis zu 30 Prozent Elektresch d'Joer agespuert ginn. D'Mesure, fir d'Luuchten an der Nuecht auszemaachen ass luewenswäert, mee längst iwwerfälleg - virun allem am Hibléck op de Verloscht vun der Biodiversitéit, fënnt d'Tessy Steffen Koenig.

auto_stories

3 min

D'Tessy Steffen Koenig.

Et gëtt elo gehandelt, well et ëm eis a virun allem em eise Portmonnie geet. Et gëtt séier gehandelt, well mir d'Noutwennegkeet gesinn. Mir sinn an enger Energiekris.

Mee mir sinn och an enger Biodiversitéits- a Klimakatastroph. Den Eescht vun der Situatioun schéngt leider ëmmer nach net ganz erkannt ze sinn.

Liichtverschmotzung: E Problem fir den Dages-Nuets-Rhythmus

D'Liichtverschmotzung an eise Stied an urbane Raim huet staark negativ Konsequenzen fir d'Déieren a Planzewelt - an net zulescht och fir eis.

D'Däischtert ass wichteg fir den Dages-Nuets-Rhythmus. Deen ass bei nuetsaktiven Insekte gestéiert, wann et nuets ze hell ass. Wann owes d'Luuchten uginn, gi si wéi vum Staubsauger vun der Luucht ugezunn. Si schwirre ronderëm d'Luucht bis si wéinst Erschëpfung op de Buedem falen a stierwen - oder si vun der Hëtzt vun de Luuchten gegrillt ginn.

Déi kleng Zwergfliedermaus, déi ronderëm eis Haiser flitt, an och Spanne freeë sech iwwer dësen Insektebuffet - mee längerfristeg ginn et duerch déi grell Luucht an der Nuecht iergendwa manner Insekten, doduerch och manner Friesse fir Fliedermais, Spannen a Villercher... Fanne si näischt méi ze friessen, diminuéiert och hir Zuel.

Negativen Afloss op de Biorhythmus

D'Beliichtung an der Nuecht huet och Afloss op eise Biorhythmus a kann zu verschiddene medezinesche Problemer wéi Häerz-Kreeslafproblemer, Schloflosegkeet, Depressiounen a sou weider féieren.

Awer och d'Planzewelt ass betraff: Ass et nuets ze laang hell, denkt de Bam, den Dag wier nach net eriwwer. Dat ass eng Feelinformatioun, a kann dramatesch Konsequenzen hunn, wann et ufänkt méi kal ze ginn. D'Beem geheien dann hir Blieder ze spéit erof. Doduerch kënne si Schied wéinst Frascht kréien, a sinn och méi ufälleg fir Parasitten.

Liewewiesen, op aus der Planzen- oder Déierewelt kënnen net esou gutt tëschent der natierlecher an der kënschtlecher Luucht ënnerscheeden. Dat virun allem, well d'Luucht vun den LEDen e méi e groussen Undeel u bloer Luucht opweist, déi zum Spektrum vum Sonneliicht gehéiert. Sonneliicht bedeit Dagesliicht.

Méi hell Nuechten duerch kënschtlech Luucht

Déi kënschtlech Luucht, där mir an der Nuecht ausgesat sinn, huet iwwer d'Joren exponentiell zougeholl.

D'Ëmstellung op energieeffizient LED- an Energiespuerluuchten huet zu engem "Rebound-Effekt" gefouert. Doduerch, datt mer op der enger Säit Energie gespuert hunn, hu mer se op der anerer Säit méi benotzt. D'Nuecht ass méi hell ginn. Dat ass normal, d'Mënsch sinn dagaktiv Primaten, déi sech méi sécher fillen, wa si eppes gesinn.

Eng kontinuéierlech Beliichtung, déi manner hell ass, géif eis d'Gefill vun der Sécherheet net ewechhuelen, géif awer och Energie spueren an déi verschidden Organismen an der Natur manner beaflossen.

Kulturelle Verloscht duerch zevill Hellegkeet an der Nuecht?

Nuets de Stärenhimmel gesinn huet net nëmmen eppes Romantesches, mee hëlleft och d'Natur besser ze verstoen - eppes wat mir besser kennen a besser verstinn, lount sech och méi ze schützen.

Datt vill Leit ënner 30 nach ni d'Mëllechstrooss an der Nuecht gesinn hunn, well et dobaussen ze hell ass, féiert och zu engem kulturelle Verloscht. D'Stäerenobservatioun, d'Navigatioun... alles dat gehéiert zu enger Joerdausend-aler Kultur, déi duerch ze vill Hellegkeet verschwënnt.

Positiv ass, datt ganz liicht a séier eppes géint Liichtverschmotzung ka gemaach ginn. D'Ausschalte oder d'Dimme vun der Beliichtung geet duer, fir séier positiv Verännerungen ze kréien an d'Liichtverschmotzung ze verréngeren.

Mir elo sollten d'Geleeënheet notzen, fir eise Liewensstil an dësem Beräich net nëmmen ze iwwerdenken, mee konsequent ze änneren. Manner Luucht bedeit nämlech och méi: méi Schlof, méi Rou, méi Aartevillfalt, méi Liewensqualitéit - an: méi Energiespueren.