Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi responsabel mam Iessen ëmgoen

Frigo Anti-Gaspillage

Méi responsabel mam Iessen ëmgoen

Zanter zwee Méint steet an der Gemeng Helperknapp e Frigo, deen dozou bäidroe soll d'Verschwendung vu Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze reduzéieren. De Stéphane Mossay ass Gerant vun der Jugendherberg zu Huelmes an huet den neien Ëmweltprojet an d'Liewe geruff.

auto_stories

3 min

Op der Menüskaart steet haut Schnitzel mat Geméis. Am bloe Frigo, lenks niewent dem Veräinshaus zu Tënten, kann ee sech all Dag agepaakten Iessensreschter siche kommen, déi mëttes an der Kiche vu der Jugendherberg zu Huelmes iwwreg bliwwe sinn.

D'Zil vum Frigo ass et manner Liewensmëttel ewechzegeheien. Dat seet de Stéphane Mossay, Entwéckler vum neien Ëmweltprojet. Wann een nämlech géif héichrechnen, wéi vill Iessen ewechgeheit géif ginn, da kéim een op néng Tonnen d'Joer: dat wier enorm. Wann een dat awer op 80.000 Moolzechte géif héichrechnen, da wier et net méi grad esouvill, mee d'Zuel wier nach ëmmer impressionnant. Dës Rechnungen hätten de Stéphane Mossay dozou inspiréiert, dëse Projet an d'Liewen ze ruffen.

Méi kleng Quantitéiten u Liewensmëttel

Et géif also dorëms goe méi responsabel mat Liewensmëttel an der Kichen ëmzegoen. Niewen der Weiderverwäertung géif dat och bedeiten, datt Iessen a méi klenge Quantitéiten aus der Kichen an d'Kantinne bruecht géif ginn. No an no géif d'Iessen dann der Demande no weider opgefëllt ginn.

Sou kéint ee vermeiden, datt ze vill Iessen erausgeet an herno ewechgeheit misst ginn. De Stéphane Mossay erkläert, datt dat un enger nationaler Reegel géif leien, déi beseet, datt nëmme Liewensmëttel, déi d'Kichen am Dag nach net verlooss hunn, weider verwäert kënne ginn.

Iesse fir jiddwereen, fir dräi Euro

D'Liewensmëttel fir de Frigo Anti-Gaspillage ginn an enger Kichen ënner gewësse Bedingunge stockéiert, wou se spéider op Barquettë gemaach ginn. An der Moyenne géife ronn 16 fäerdeg-virbereet Plate pro Dag an de Frigo gestallt ginn - meeschtens géint dräi Auer mëttes.

D'Unzuel vun de Plate kéint awer liicht variéieren, sou de Responsabele vun der Jugendherberg Huelmes. Et géif ganz dorobber ukommen, wéi vill Demande et mëttes an da Kantinnen un Iesse gouf. D'Leit kéinte sech selwer zerwéieren: si huelen d'Iessen aus dem Frigo a leeën dräi Euro an eng kleng Bréifboîte niewendrun. Et ass also de Leit hir eege Responsabilitéit, datt si dofir bezuelen.

Positive Feedback

De Stéphane Mossay weist och dorobber hin, datt d'Verpackung vun de Platen ëmweltfrëndlech ass: all Barquette wier zu 100 Prozent bio-degradabel. Duerch d'Niewekäschten déi ufalen, géif de Gerant vun der Jugendherberg Huelmes mat de Suen, déi fir d'Plate bezuelt ginn, kee Profit maachen. An awer géif hie mam Frigo Sue spueren, déi hie soss hei am Land fir den Offall vu Liewensmëttel bezuele misst, sou de Stéphane Mossay.

Hien ass ganz zefridde mam Verlaf vum Projet. Och d'Leit aus der Géigend reagéiere positiv op de Frigo, deen neierdéngs an der Gemeng steet. Et wier flott, datt Iessen net méi ewech geheit gëtt a manner Iesse verschwent gëtt, esou den Echo vun de Leit.