Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The National - New Order T-Shirt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mental hu mir net eis Leeschtung bruecht"

Darts

"Mental hu mir net eis Leeschtung bruecht"

Vum 7. bis den 12. Oktober hat d'WDF, d'World Darts Federation de World Cup am rumänesche Cluj organiséiert. Och d'Lëtzebuerger Nationalequipe vun den Dammen an Häre waren do am Asaz. D'Erwaardungen, déi een am Virfeld hat, goufen awer net erfëllt.

auto_stories

2 min

Souwuel am Eenzel, wéi och am Team ass d'Lëtzebuerger Nationalequipe a Rumänien ugetrueden. Am Eenzel bei den Häre waren d'Resultater och net schlecht, dem Tom Bourquel huet et bis an déi drëtt Ronn gepackt, den Dan Martins an de Jim Mayer an déi zweet.

Dat wier an der Rei, seet den Tom Becker, deen als Spiller a Rumänie mat dobäi war, awer och Vizepresident vun der FLD ass, der Federation Luxembourgeoise de Darts. "Ech mengen d'Resultat hätt nach kéinte besser sinn, mee domadder, wéi eis Spiller gekämpft hunn, si mir ganz zefridden. Et ass ëmmer schwéier bei enger Weltmeeschterschaft säi Land ze vertrieden."

"De Kapp huet net matgespillt"

Bei der Eenzelkompetitioun vun den Dammen, wéi och an den Teammatcher, gouf et fir d'Lëtzebuerger awer keng Victoire, do ass ee vun der Federatioun natierlech enttäuscht. Dat schlecht Ofschneiden hätt mat de staarke Gruppen ze dinn, an deenen d'Lëtzebuerger gespillt hätten, seet den Tom Becker, donieft hätt de Kapp vläicht net ganz matgespillt.

"Et war méi dran, mee et ass dann dee Moment schwéier mental déi Leeschtung ze bréngen. Den Darts ass ee ganz mentale Sport an et muss ee probéieren de Kapp auszeschalten, mee dat klappt awer net ëmmer an de Matcher. Et kënnt vir, datt gutt Spiller ënner Drock net méi hir Leeschtungen ofruffe kennen."

Aacht Sportler a Sportlerinne ware mat a Cluj, begleet vun zwee Teamcheffen. Do muss dann natierlech de Fluch an d'Hotelle bezuelt ginn. Wat sech d'Federatioun awer net eleng leeschte kennen, seet den Tom Becker:

"Dat ass e grousse Problem. Wéi och déi aner kleng Federatioune brauche mir Sponsore fir esou eppes bezuelen ze kennen. Déi hu mir awer net. Dowéinst bezilt d'FLD nëmmen den Deel vun de Käschten, de Rescht mussen d'Spiller selwer bäileeën."