Zäithistoriker Metzeschmelz: Eng eemooleg Geschicht gëtt weidergeschriwwen

Zanter enger Woch schaffen véier international Urbanismusteams an engem kreativen a participative Prozess un engem Masterplang fir d'industriell Friche vun Esch-Schëffleng. Si schreiwen op hir Aart a Weis d'Geschicht vun der Metzeschmelz weider, déi viru bal 150 Joer gegrënnt gouf.

Jacques Maas / Denis Scuto / cbi

Metzeschmelz ëm 1870
D'Metzeschmelz ëm 1870. Foto: Wikicommons.

Fir de Start vun der urbanistescher Planung vun der Friche vun Esch-Schëffleng huet de Claude Turmes, Minister vum Aménagement du territoire a vun der Energie, eng bemierkenswäert Ried gehalen. Hien huet dëse Projet an de gréisseren Zesummenhang vum Bevëlkerungswuesstum vun den nächste Joerzéngten, mee och vun der Entwécklung vun anere Frichen am Land gesat.

Et misst een de Courage hunn aus dëse Frichen ökologesch Stadvéierel ze maachen. Dat géif och bedeiten, datt hei dat wat war, mat deem wat ass a mat deem wat entsteet verbonne gëtt, also och d'Geschicht, d'Séil vum Site an d'Planungen integréiert ginn. An dësem Fall ass dat d'Geschicht vun enger Schmelz, mee och vun hirer Relatioun zu de Stied Esch a Schëffleng, zur Uelzecht an zur Dipbech, zum Tagebau an senger Renaturéierung um Lallengerbierg an um Gaalgebierg, zum Naturgebitt um Pudel an um Brill an net zulescht zur Geschicht déi Mënschen op deem Site, geschriwwen hunn, dorënner en zentrale Moment vum Generalstreik géint den Naziokkupant den 31. August 1942.

D'Metzeschmelz: Eng wichteg Roll

D'Schmelz vun Esch-Schëffleng, d'Metzeschmelz, spillt a villen Hisiichten eng wichteg Roll an der Geschicht net nëmme vun Esch, mee och vun der Südregioun vu Lëtzebuerg souwéi vun der Stolgesellschaft Arbed a si huet eng spezifesch Entwécklung, déi se vun anere Schmelze wéi Terre rouge oder Belval ënnerscheet.

Wéi den éischten Héichuewe vun der Metzeschmelz den 10. Oktober 1871, also viru bal 150 Joer, gezünt gëtt an d'Joer drop den éischten Héichuewe vun der Brasseurschmelz, der spéiderer Terre rouge, och zu Esch, start anengems dat, wat de Minister Claude Turmes den éischte Boom vun der Stad Esch an doriwwer eraus vum Bassin minier genannt huet. De wirtschaftleche Schwéierpunkt vum Land verlagert sech fir déi nächst 100 Joer vum Zentrum an de Süden. D'Bevëlkerung vun Esch klëmmt a véierzeg Joer vun 2.000 Awunner op 17.000 am Joer 1910 an op 30.000 am Joer 1930, en Niveau deen se bis zur Stolkris 1974 ongeféier hält.

Eng éischt Specificitéit vun der Metzeschmelz ass, datt se am Géigesaz zur Brasseurschmelz zur Halschent vun zwou Gesellschafte bedriwwe gouf, der Société des Forges d'Eich, Metz et cie, déi eng Schmelz zu Eech an zu Dummeldeng hat, an der Société des Mines du Luxembourg et des Forges de Sarrebruck, mat enger Schmelz zu Burbach am Saarland.

D'Schmelzhären Norbert Metz, anengems liberalen Deputéierten, a Victor Tesch, dee sech als Lëtzebuerger no 1839 fir d'Belsch entscheet hat, ware Famill an hate sech drop gëeenegt, datt d'Wierk aus véier Héichiewe géif bestoen, déi bridderlech an zwou gläich Gruppen ënnerdeelt waren an datt och soss Käschten, Investitiounen an Erträg opgedeelt géife ginn. D'Produktiounsanlage goufen einfach verduebelt, fir datt am Sträit- oder Krisefall och alles einfach gedeelt kéint ginn.

Den Norbert Metz hat scho virun der Grënnung 23 Hektar Terrainen zu Esch an zu Schëffleng souwéi d'Berwart-Schlass opkaf. D'Schmelz gouf nieft d'Zuchlinn an no bei d'Minière vum Lallengerbierg a vum Gaalgebierg gebaut. Tëscht 1871 an 1875 goufen déi véier Héichiewen a Betrib geholl. Produzéiert gouf bis 1911 Gosseisen (fir d'Géissereien), Puddeleisen (fir d'Puddleriewen) a vun 1880 un och Thomaseisen (fir d'Thomasstolwierker).

E villsäitegt Wierk

D'Wierk hat och eng duebel wirtschaftlech Zilsetzung: éischtens d'Wierk vu Burbach mat bëllegem Gosseisen ze versuergen an zweetens, d'Vermaartung vun der anerer Produktiounshallschent am däitschen Zollveräin, besonnesch bei de Produzente vu Puddel- an Thomaseisen a Rheinland-Pfalz. D'Schmelz ass zesumme gefouert gi vum Victor Tesch sengem Edem, dem Ingenieur Hubert Muller-Tesch, als Direkter vun de Minièren, a vum Leo Metz, dem Bouf vum Auguste Metz, als Direkter vun der Schmelz.

Eng weider Specificitéit vun der Metzeschmelz nieft dëser duebeler Identitéit sinn déi déif Verännerungen an der Struktur vun der Industrieanlag am Laf vun de bal 150 Joer vu senger Existenz. Scho 40 Joer no senger Grënnung war dëse Gosseiseproduzent ëmmer manner rentabel.

D'Entwécklung vu gewaltege Gasmaschinnen hat mëttlerweil d'Eiseproduktioun revolutionéiert. Déi maximal a rationell Notzung vun den Héichuewegasen duerch hir Transformatioun an Untribsenergie huet eng Produktioun an engem geschlossenen Energiekreeslaf erméiglecht an domat eng Baisse vun de Präisser vun den Endproduiten. D'Zukunft huet also integréierte Fabricken (Héichiewen, Stolwierk, Walzwierk) gehéiert.

Well Burbach dat schonn direkt ëmgesat hat, war se manner op Eise vun Esch-Schëffleng ugewisen. Bei den technologesche Retard koum den Zesummebroch vun de Verkafspräisser vum Eisen dobäi.

E Moderniséierungsprozess

An deem Kader huet den Emile Mayrisch, Direkter vun der Diddelenger Schmelz, deem seng Mamm eng Niess vum Norbert Metz war, en ambitiéise Moderniséierungsplang fir Esch-Schëffleng entwéckelt an deem d'Gichtgase vun den Héichiewen effikass genotzt goufe fir eng integréiert Schmelz mat Stol- a Walzwierker do ze bauen.

Dës Moderniséierung war nëmmen duerch e gréisseren Emprunt ze finanzéieren. Vu datt d'Metzeschmelz keng eege Gesellschaft war, konnt se och keen Emprunt maachen. De Mayrisch notzt dofir deen Emprunt fir Esch-Schëffleng fir en aneren ambitiéise Projet, géint den Avis vun anere Membere vun der Metzefamill duerchzesetzen, an zwar d'Fusioun vun den dräi Gesellschafte Burbach, Eich an Diddeleng. Deen neie Stolkonzern gëtt am Oktober 1911 gegrënnt mam Numm Aciéries réunies Burbach Eich Dudelange. Et ass d'Arbed, déi en Emprunt obligataire zu véier Prozent vun 20 Millioune Frang mécht fir d'Metzeschmelz ze moderniséieren.

D'Wierk vun Esch-Schëffleng steet also net nëmmen un der Wéi vun der Industrialiséierung vum Süde vu Lëtzebuerg, mee och vun deem Konzern, deen d'Zäitalter vum Stol national symboliséiert huet: d'Arbed. D'Moderniséierung vum Wierk ënner der Direktioun vum däitschen Ingenieur a spéidere Recteur vun der Technescher Héichschoul Aachen, Hubert Hoff, huet engersäits zum Bau vum engem fënneften a sechsten Héichuewe gefouert, mee virun allem vun engem Stolwierk mat véier Thomaskonverteren an engem grousse Walzwierk mat fënnef Walzstroossen. Gewalzt gouf Handelseisen, Drot a Maschinnendrot, deen eng Spezialitéit vum Wierk sollt ginn. D'Dispositioun vun de Walzstroosse gouf esou gestalt, datt se souwuel, an der Längt wéi en der Breet ausgeweit konnte ginn. Finissage a Chargementshalen hunn se schonns an de Joren 1911 bis 1913 vergréissert.

De Streik géint d'Occupatioun

An deem Walzwierk hu mam Henri Adam a mam Eugène Biren zwee vun den Organisateure vum Streik géint d'Zwangsrekrutéierung vun de Lëtzebuerger Jongen an d'Wehrmacht, den 31. August 1942, geschafft, e Streik, deen de Minister a senger Usprooch ervirgehuewen huet.

Den Henri Adam ass net nëmmen deen, deen d'Sireenen am Walzwierk aktionéiert huet, hien huet vun Ufank un, dat heescht vun 1912 un do geschafft, hien, deen am Alter vu véier Joer op Lëtzebuerg koum, deen eng zentral Roll schonns an de Streiker vun 1917 an 1921 gespillt hat. Dowéinst sollt en expulséiert ginn an dowéinst gouf seng Naturaliséierungsdemande net ugeholl. Fir d'Fräiheet vun deem Land, wou hien net als Lëtzebuerger wollt ophuelen, affert hie säi Liewen 1942.

Déi éischt Nuecht no senger Verhaftung, den 9. September, verbréngt hien an enger Zell vum Polizeikommissariat an Esch. Den italieneschen Antifaschist Luigi Peruzzi, deen déi Nuecht mat him do agespaart war, beschreift an senge Memoiren d'Haltung vun deem Mann, deen déi ganz Nuecht am Stoe verbruecht huet, eng Haltung, déi de Peruzzi impressionnéiert huet: "Parmi nous il y avait l'ouvrier héroïque qui actionna la sirène donnant le signal de la grève générale du 31 août. Je fus frappé par sa manière de rester toujours debout. Il se maintenait avec les coudes appuyés transversalement sur les barreaux en fer de notre cellule. Dans cette première et unique nuit qu'il resta avec nous, il dormit ainsi. Même si sur les parties découvertes de son corps, on ne voyait aucune trace de sévices, j'imaginais que les parties recouvertes ne devaient être qu'une seule plaie. Ce fut pendant cette première nuit de ma vie (de prisonnier) que j'appris combien on peut souffrir sans perdre la dignité. Ce fut également la première expérience de solidarité pour celui qui souffre davantage."

Den Henri Adam gëtt zwee Deeg drop zu Köln-Klingelpütz gekäppt, den Eugène Biren gëtt zu Hinzert erschoss, während den Direkter vun der Schmelz, Mathias Koener, seng Mësshandlungen am Prisong an zu Hinzert net iwwerlieft.

D'Geschicht vum Wierk würdegen

Och an dësem mënschlech-heroesche Beräich huet dës Schmelz besonnesch Geschichten ze erzielen. En industrielle Site, deen no 1912 an seng zweet Phas goung. An dëser Phas si mat de Walzwierker déi Kathedralen aus Stol entstanen, bei deenen de véier internationalen Urbanismusteams den Otem stoe bliwwen ass. Teams, déi no enger Woch kreativem Plangen, wäerte virstelle wéi eng Zwëschenotzungen, wéi eng Ëmnotzungen si sech virstellen, wéi si déi Geschicht nees ëmschreiwen, no där vun der Pionéierzäit no 1871, no där vun der éischter grousser Moderniséierung vun 1912, mee och där vun der nächster Erweiderung vum Site mat den neie Walz- an Drotstroossen an den 1960er Joren, der Rue des vestiaires, déi wéi eng kleng Stad wierkt, oder där an den 1990er Jore mam éischten Elektrostolwierk zu Lëtzebuerg mat senge bekannten Ëmweltproblemer. Ier de Mittal 2012 d'Drotproduktioun zu Esch-Schëffleng zugonschte vun Duisburg opginn huet.

Déi véier Teams haten an hiren éischte Presentatiounen alleguerten hir Aart a Weis d'Geschicht an d'Identitéit vum Site ze würdegen: "Wahnsinniger Ort" fir déi eng, "site magique" fir déi aner oder nach "spannende Areale". Seng eenzegaarteg Geschicht gëtt op jiddwer Fall am Moment op eng Aart a Weis weidergeschriwwen, déi mir zu ville mat Spannung verfollegen.

An der Mediathéik:

ZäithistorikerIn / / Jacques Maas
Lauschteren

Méi zum Thema

Vincent Artuso
Zäithistoriker

D'Erzielung vum Zweete Weltkrich kann net neutral sinn. Fréier war se patriotesch gepräägt, haut éischter moralesch. E Buch versicht déi üblech Schwaarzwäissmolerei z'iwwerwannen.

Europa-am-Joer-1919.jpg
Zäithistoriker

Am Géigesaz zum Enn vum Zweete Weltkrich houng d'Existenz vun engen onofhängege Lëtzebuerg um Enn vum Éischte Weltkrich un engem seidene Fuedem. Firwat dat esou war, erkläert den Zäithistoriker Jacques Maas.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen