Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mia Oberländer - Anna

BD vum Mount

Mia Oberländer - Anna

Bei Gezeechent geet et haut ëm de Debut vun der däitscher Zeechnerin Mia Oberländer. Anna heescht hir Graphic Novel, an där et ëm dräi metaphoresch ewéi wuertwiertlech grouss Frae geet.

auto_stories

5 min

Et kënnt net esou oft vir, dass ee mat senger Ofschlossaarbecht vun der Uni direkt e grousse Coup lant. Dem Mia Oberländer ass dat gelongen: D'Graphic Novel Anna, déi et zu Enn vu sengem Illustratiounsstudium zu Hamburg gezeechent huet, krut de Comicbuchpreis vun der Berthold-Leibinger-Stiftung, de bedeitendsten däitsche Präis fir onverëffentlecht Wierker, an ass elo beim renomméierte Schwäizer Verlag Edition Moderne erauskommt. Grond genuch also, fir d'Buch bei Gezeechent ënnert d'Lupp ze huelen.

D'Mia Oberländer erzielt an Anna mat subtillem Humor an enger minimalistescher Billersprooch vun dräi Generatioune vu Fraen aus engem Duerf an de Bierger. Si heeschen alleguer Anna a gi vun der Erzielerin als Anna 1, Anna 2 an Anna 3 bezeechent. D'Anna 1 wiisst an der éischter Hallschent vum zwanzegste Joerhonnert op a krit nom Krich e Kand, d'Anna 2, dat d'Duerf no senger Jugend an de Sechzeger an Siwwenzeger verléisst, kuerz duerno awer erëm zeréckkënnt, fir d'Anna 3 grousszezéien, dat eis da bis an d'Géigewaart begleet.

"Was ist der Mensch neben einem Berg?"

Déi dräi Fraen hunn net nëmmen alleguer de selwechten Numm, mee si sinn och all grouss. D'Mia Oberländer zeechent speziell d'Anna zwee an d'Anna dräi mat absurd laange Been, déi si komesch verrenke mussen, fir sech bei en Dësch ze setzen oder an en Auto ze klammen. Duerch hier Gréisst falen di dräi am Duerf natierlech op. Zu Bad Hohenheim si just d'Bierger grouss, d'Mënschen dogéint hu kleng ze sinn. D'Graphic Novel handelt vun Upassung a Konformismus an engem ländleche Kader - an vum Wonsch, aus dësen enke Verhältnisser auszebriechen a sech selwer ze verwierklechen.

"Was ist der Mensch neben einem Berg?", zitéiert d'Zeechnerin fir hiert Motto den Ödön von Horváth. "Ein großes Nichts ist der Mensch neben einem Berg. Also ständig möcht ich nicht in den Bergen wohnen." Allerdéngs ass Anna elo keng klassesch sozialkritisch Erzielung iwwert de Konflikt tëschent Individuum a Gesellschaft, keng moraliséierend Uklo vun enger provinzieller Bornéiertheet. Dofir fleegt d'Buch en ze liichten, verspillten Ëmgang mat sengen Themen, bei där d'Kritik ni opdrénglech wierkt, mee sech ënnert der Surface vu Bild an Text verstoppt.

Eng permanent ironesch Attitüd vun der Erzielerin

Wuel kaum e Spréchwuert iwwer Gréisst a Grouss gi gëtt hei net iergendwou verdréint, wärend d'Klischeeë vum Duerfliewen zougespëtzt ginn, bis se sech vum selwen erleedegen. Zu Bad Hohenheim hunn d'Hénger an d'Kéi op ëmmer grénge Wisen nach e glécklecht Liewen, a beim Metzler kréien d'Kanner selbstverständlech nach e Rondel Lyoner geschenkt - ausser natierlech, si si schonn "ze grouss", wéi dat klengt Anna 2. Da gëtt gelaacht beim Mia Oberländer, esou haart an esou laang, dass de Lieserinnen a Lieser d'Laache vläicht am Hals stieche bleift. D'Diskriminatioun vun de groussgewuessenen Annaen stécht oft am Detail, a klenge, bäileefege Bemierkungen.

De Comic zeechent sech duerch déi permanent ironesch Attitüd vun der Erzielerin aus, déi Episoden aus der Kandheet oder aus der Jugend vu de Figuren ni ouni engem en Aen zouzepëtze presentéiert. D'Anna 1 kritt vun den Elteren en Dackel geschenkt, dee, ganz ongewinnt, extrem laang Been huet. D'Anna 2 verzweifelt bei enger edukativer Fernseesendung iwwer d'Problemer vu grousse Fraen. An d'Anna 3 kann an der Duerfdisco ausnamsweis vu senger Gréisst profitéieren - et kënnt nämlech ouni Problem eran, och wann et u sech nach ze jonk ass. Eng gewësse Liberaliséierung vun de gesellschaftlechen Ëmstänn ass iwwer déi dräi Generatiounen, vun deenen de Comic erzielt, festzestellen, mee och d'Anna 3 muss bei der Sich no engem Partner waarden, bis et mam Schwammmeeschter e Mann fonnt huet, deen esou grouss ass wéi hatt an et dofir och akzeptéiert.

Witeg an amusant

Anna ass eng witzeg an amusant Graphic Novel iergendwou tëschent Familieportrait, Duerfgeschicht a Bildungsroman, mat enger cleverer Analys vun der gesellschaftlecher Norméierung vu Fraekierper. Dat Ganzt wier awer bei wäitem net esou remarkabel, wann d'Mia Oberländer net och en e ganz eegene Stil dofir geschaf hätt. Formen a Faarwe si reduzéiert, bal naiv oder primitiv. Iwwer Säite gi just Grondfaarwen an einfach Fläche benotzt, heiansdo ginn Deeler aus der Kandheet vum Anna 1 oder 2 och just brong oder guer net koloréiert. Do, wou d'Figuren aus der Monotonie vum Duerfliewen ausbriechen, wiesselt d'Zeechnerin awer och emol vun Acryl- zu Aquarellfaarwen, fir eng nei Dynamik eranzebréngen.

Donieft dreift et iwwer déi 200 Säite vu Buch e Spill mat Perspektiven a Proportiounen - passend zur "Onproportionalitéit", déi den Annaen déi ganzen Zäit virgehäit gëtt. D'Mia Oberländer zitt Casen an d'Längt, verzerrt Dimensiounen oder léisst d'Anna 2 wéi e Ris iwwer Haiser a Bierger driwwertrëppelen, wat e vläicht och als Allusioun un, an Appropriatioun vun, Biller aus klasseschen Horrorfilmer verstoe kann. Trotz de minimalistesche Stilmëttele geléngt et der Auteurin sou, vill Ofwiesslung an d'Buch ze bréngen an dofir ze suergen, dass sech Form an Inhalt ëmmer ënnerstëtzen an ergänzen.

Ganz konsequent geet et zum Schluss fir d'Figuren erop op an d'Bierger, wou een en anere Bléck op d'Welt kritt an erkennt, wéi kleng, wéi winzeg d'Mënschen do ënnen am Dall dach sinn. Och d'Mia Oberländer invitéiert eis als Lieser a Lieserinne mat senger Graphic Novel dozou, d'Perspektiv ze wiesselen an eng nei Optik auszeprobéieren, an dat op eng genausou agreabel wéi iwwerzeegend Manéier. Et ass en originellt Buch, dat een sech net entgoe loosse sollt a bei dem ee gespaant dierf sinn, wat d'Zeechnerin als Nächst upaakt.


Anna vum Mia Oberländer ass bei Edition Moderne erauskomm a kascht mat sengem 220 Säite 25 €.