Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine, Fiona Apple - All in Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir huele kee Boergeld"

Warnung viru falsche Kollekten

"Mir huele kee Boergeld"

An engem Communiqué warnen Amnesty International, Greenpeace, Handicap international, Medecins sans Frontières an Unicef Lëtzebuerg viru falsche Kollekte vun Onéierlechen, déi am Numm vun dësen ONGe Sue sammelen.

auto_stories

2 min

E Problem, deen et awer net nëmme wärend de Chrëschtdeeg gëtt, seet den Anthony Jacopucci, Responsabele fir d'Kollekte bei Handicap International. Et wier awer méiglech, datt de Phenomen um Enn vum Joer kéint an d'Luucht goen. "D'Täter wëssen datt se elo méi Chance hunn Suen ze kréien, well d'Mënsche vläicht méi oppe si Suen ze spenden."

An der Moyenne géifen d'ONGen zweemol an der Woch Bescheed gesot kréien, datt esou falsch Kollekten ënnerwee sinn. An et géifen e puer Saache ginn, un deenen een dës Onéierlecher erkenne géif, sou den den Anthony Jacopucci. Zum Beispill géife seriö ONGe kee Boergeld froen an d'Mataarbechter wiere iwwer d'Aarbecht an d'Projete vun hirer ONG informéiert. "Se wëssen zum Beispill a wéi enge Länner mir täteg sinn", seet den Anthony Jacopucci.

"Eis Volontairen hunn dann och Kleeder mat eisem Logo un an e Badge, mat dem Numm an enger Telefonsnummer, op déi en uruffe kann a nofroen, ob se tatsächlech fir eis schaffen."

Déi falsch Kollekte géif et iwwerall ginn, seet den Anthony Jacopucci, an Akafszentren, op engem Parking, op der Strooss oder och am ëffentlechen Transport.

Fir dobäi ze hëllefen, déi falsch Kollekten ze erkennen, huet Handicap International och eng Tabell mat e puer Hiweiser ausgeschafft.