Radioen

On air

Notturno  |  Alice Coltrane - Blue Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn net fräi vun de Suen zu Lëtzebuerg"

Land a Leit

"Mir sinn net fräi vun de Suen zu Lëtzebuerg"

Mat quickies.lu hunn d'Filmemaacher Govinda Van Maele an Adolf El Assal wärend dem Lockdown en Dispositif op d'Bee gestallt fir séier an onkomplizéiert Kuerzfilmer ze dréien. Nom Motto: manner nodenken, einfach maachen. De Frédéric Braun huet sech mam Govinda Van Maele iwwer d'Befreiung vun der Kreatioun zu Lëtzebuerg ënnerhalen.

auto_stories

6 min

Bei de Govinda Van Maele erop op Hierber ze fueren, op engem niwwelege Januar Owend, heescht sech onweigerlech a Gutland erëmzefannen, sengem bis ewell erfollegräichste Film, dee ganz hei uewen an dëser landwirtschaftlech gepräägter, monotoner Bësch- a Feldlandschaft gedréint ginn ass, aus deene bedreelech Trakteren optauche kënnen, déi de Friemen a verschwigen Dierfer lotsen.

De Film, dee fir de Max-Ophüls-Präis nominéiert war an 2018 de Lëtzebuerger Filmpräis krut, erzielt d'Geschicht vun engem däitsche Bankraiber (gespillt vum Frederik Lau), deen an engem imaginäre Lëtzebuerger Duerf ënnerkënnt, fir do zimmlech séier am Lucy Loschetter (gespillt vum Vicky Krieps) sengem Bett ze landen.

Nieft der éischter Sexzeen op Lëtzebuergesch liwwert Gutland dann eng universell gülteg Etüd iwwer d'Konditioune vu gesellschaftlechem Zesummeliewen an der Fräiheet am Kollektiv.

Froen, déi dem Govinda Van Maele seng subtil Filmer wéi e roude Fuedem duerchzéien a sech mat enger fir Lëtzebuerg bemierkenswäerter Radikalitéit mat den Tatsaachen ausernee setzen. Tatsaachen, déi nämlech genau esou radikal d'Konscht zu Lëtzebuerg a bis zu hirer Berechtegung erausfuerderen an a Fro stellen.

Auszich aus dem Gespréich

"Et ass alles am Kontext vu Suen zu Lëtzebuerg. Mir simm net fräi vun de Suen hei zu Lëtzebuerg. Dattden Dreh- an Angelpunkt vun der ganzer Diskussioun. An dat huet einfach domat ze dinn, datt s de einfach net liewe kanns zu Lëtzebuerg ouni Suen. Et ass einfach net dran. An ech mengen: vill Suen. Du muss der e gewësse Loyer leeschte kënnen a wann s de dat net kanns, da muss de an d'Ausland zéien. (...) Déi Leit, déi zu Lëtzebuerg kulturell täteg sinn, déi sech dat scho laang net méi leeschte kéinten hei ze wunnen, déi wunne just zu Lëtzebuerg well se an der Famill Immobilien hunn. Dass dat als normal ugesi gëtt, datt es en immense Geforepunkt well dat gëtt jo mat all Generatioun manner. An e puer Generatiounen, ka sech dat kee méi leeschten. Da gëtt et einfach keng Immobilie méi an der Famill. Wat bedeit dat? Do muss de Staat einfach nach méi Suen era pompele fir datt mir hei kënnen artifiziell liewen. Da mussen Aiden kreéiert gi fir datt och Kënschtler kënnen sech dee Loyer bezuelen oder villäicht eng Kéier eppes kafen andeems se einfach eppes zougestach kréien. D.h. mir sinn alleguer un där Sprëtz drun. Et geet guer net méi ouni an dat ass eigentlech fatal."

An engem Land wou et fir Kënschtler onméiglech ass ouni staatlech Hëllef ze iwwerliewen, een awer och ouni grousse Réckhalt an der Gesellschaft relativ séier Opmierksamkeet kritt an een e Gefill vun Erfolleg huet, stellt sech natierlech d'Fro ob een dobäi net dat Wesentlecht aus den A verléiert, gefälleg gëtt oder schlëmmstefalls onproduktiv.

"Ech mengen et brauch een och eng gewëssen Anonymitéit wann ee Filmer mécht oder iwwerhaapt Konscht. Ech mengen datt et wichteg ass, datt ee sech seng Sécherheet am Denke lues kann opbauen. Et gëtt een immens schnell vun enger grousser Proportioun vum Land oder vun der kultureller Zeen gehéiert zu Lëtzebuerg. An et muss een net vill gemaach hunn dofir. Dobäi sinn dat esou Stadien an enger Karriär, wou et villäicht besser wier, wann een einfach e bësse méi anonym wier an een sech einfach kéint fräi ausliewen a fräi radikal denken, ouni datt all Mënsch dat matkritt. Zu Lëtzebuerg hues de d'Gefill, datt ee muss immens oppasse mat deem wat ee seet, wat ee mécht, well een direkt iergendwéi bei all Mënsch virun der Dir steet domat.(...) Et ass net wéi wann ech hei op engem klengen amerikaneschen Underground-Radio wier. Ech sinn hei um nationale Radio a potentiell kann dat e groussen Deel vun der Gesellschaft matkréien. Et ass zwar eng Mini-Gesellschaft, mee et sinn awer all déi Leit déi zielen déi domat derbäi sinn. De Prozentsaz vun de Leit déi dat heiten elo kéinten héieren ass villäicht 15 oder 20 Prozent. Woubäi, wann ech elo op engem klenge Podcast sinn an Amerika, dat kréien 10 000 onwichteg Leit mat."

Mat Quickies.lu hunn de Govinda Van Maele an den Adolf El Assel wärend dem Lockdown eng Plattform an d'Liewe geruff, déi Filmschaafenden hei am Land erlabe soll, mat wéinege Mëttel, einfach an onkomplizéiert Filmer ze dréinen an esou eng der Kreatioun fërderlech Haltung an Onbeschwéiertheet erëm ze fannen, déi si mol eng Kéier zu schaafende Mënsche gemaach huet.

"Eppes wou ech mech froen ass: Firwat maache mer net einfach méi Filmer. Et sëtzt ee sou oft esou laang doheem an et iwwerleet ee sech, wéi een de nächste Projet soll schreiwen, wéi een e soll finanzéieren, ob et derwäert ass et ze maachen oder net. An et huet een esouvill Zweiwel am kreative Schaffen... wat een als nächst maache soll... asw. Et gëtt ze vill gezweiwelt, mengen ech, an all déi Zäit ass verluer. Am Fong misst ee sech ouni Angscht op Verloschter einfach dra schmäissen an ee Projet nom anere maachen. Dat soen ech mer heiansdo. Mee et ass méi einfach gesot, wéi gemaach."

Mam Filmreakter als Produzent am Lockdown entwéckelt a mat der Ënnerstëtzung vum Filmfund huet Quickies 18 Realisateuren a Realisatricë jeeweils 2020 Euro zur Verfügung gestallt fir innerhalb kuerzer Zäit e fäerdege Kuerzfilm anzereechen, deen direkt dorops um Internet an op RTL ze gesinn ass. Nieft klenge Bijouen, wéi dem Catherine Dauphin sengem Coffee & Water oder dem Max Jacoby sengem Grandma's Chillies fannen sech um Site nieft den Initiatoren hire Filmer, d'Wierker vu Schaafende wéi Nadia Masri, Larisa Faber, Suzan Noesen a Nilton Martins. Alles fräi zougänglech um Site quickies.lu nieft Interviewe mat de Realisateuren.

Eng Experienz mat déi dem Govinda Van Maele virun allem enges nach eng Kéier kloer gemaach huet:

"Ech mengen, et läit einfach un eis, an der Konscht-Zeen oder an der Film-Zeen, datt ee selwer probéiert déi Saachen ze änneren. Et kann een net erwaarden, datt dat vun uewe kënnt oder dat iergendwéi un ons erun bruecht gëtt, vum Ministère oder esou. Mir mussen ons eege Systemer fannen."

Iwwerraschend fënnt hien dann, datt trotz allem bis elo wichteg Theemen net behandelt goufen:

"Ech war op engem Meeting mat Filmemaacher aus dem Ausland, déi op Lëtzebuerg komm sinn an do hunn ech mat engem Osteuropäer geschwat. Ech hunn erwäänt, datt zu Lëtzebuerg nach kee Lëtzebuerger Filmemaacher e Film iwwer d'Finanzen zu Lëtzebuerg oder iwwer Steiere gedréint huet. Deen huet einfach net verstanen, wéi dat méiglech ass. Villäicht vergiessen ech elo Filmer, villäicht gëtt et dat. Mee aus mengem Ëmfeld huet an de leschte Jore keen e Long-métrage oder en Documentaire gedréint, dee spezifesch iwwer dat schwätzt wat Lëtzebuerg am Ausland an allen Aen eigentlech ass - nämlech e Land wat virun Allem duerch dee finanzielle System dee mer hei hunn, lieft."