Souwuel am Enseignement fondamental wéi och Secondaire steet d'Léierpersonal den Ament viru groussen Defien: dorënner den Ëmgang mat digitale Medien, neie Léiermethoden, a wéineg Virbereedungszäit.
Dem Wëlzer Schoulmeeschter Ralph Schon no misst sech elo jiddwereen iwwerleeën, wéi e seng Matière am beschten un de Schüler bréngt.
Et misst ee sech e bësse selwer eraschaffen, wat et fir Méiglechkeete vun Homeschooling oder d'Léieren iwwer Distanz géif ginn. "Wéi kënne mir Coursen halen iwwer Internet, oder mat Video, oder wéi och ëmmer?"
D'Ëmstellung ass ass net ëmmer einfach
Momentan wier een an enger "Findungsphas", verschidden Enseignante géife sech besser mat den neie Medien auskenne wéi anerer. D'Ëmstellung wier den Ament awer fir keen einfach, mengt d'Vicky Stoll:
"Ech fannen dat muss en och am Hannerkapp behalen, datt déi ganz Situatioun, an och déi Onsécherheet an och d'Hysterie dobaussen, belaaschtend ass fir de Schüler, a fir d'Famill, a fir jiddwereen amfong, an datt een do vläicht och Zäit loosse muss, mat der Situatioun ëmzegoen, oder sech ze gewinnen."
Wärend den éischten Deeg wiere bei verschiddene Schüler virun allem eng Rei logistesch Problemer opgetrueden, sou d'Däitschproff aus dem Athenée. Verschiddener hätte Problemer gehat sech am System anzeloggen, anerer hätten hiert Passwuert net gewosst, an net jiddwereen hätt Accès zu engem Laptop gehat, well d'Elteren och vun doheem aus schaffen.
Verschidde Klassen hu schonn Erfarung
Am Virdeel wieren den Ament Klassen, déi scho gewinnt si mat digitale Medien ze schaffen. Dorënner fale beispillsweis d'iPad-Klassen am Lycée Michel Rodange. Der Laurence Baum no hätte sech hir Schüler deemno séier un déi nei Kommunikatiounsplattforme gewinnt.
Et wieren awer Problemer mam Reseau ginn: net alles hätt sech ëmmer synchroniséiert, well ze vill Leit de Reseau benotzt hätten. D'Schüler wieren net alleguer direkt un hiert Material komm oder hir Saache wieren net direkt eropgeluede ginn, erzielt d'Laurence Baum.
Mat den Elteren zesummeschaffen
Et wier kloer, datt de Fonctionnement vum Homeschooling nëmme garantéiert ass, wa jiddwereen Accès op den Internet huet. D'Schüler wiere lo gefrot fir hir Selbststännegkeet an den nächste Wochen ënner Beweis ze stellen.
De Carlo Muller, Enseignant zu Näerzeng, erkläert, datt dat virun allem an de Primärschoulen eng Erausfuerderung ass. Am Cycle 3 wiere verschidde Schüler scho ganz selbststänneg, verschiddener wieren awer op d'Ënnerstëtzung vun engem Erwuessenen ugewisen. Eng gutt Zesummenaarbecht mat den Eltere wier elo wichteg.
Als Enseignant hätt een och d'Aufgab, sécherzestellen, datt keen op der Streck bleift. Net all d'Elteren hätten d'Méiglechkeet hire Kanner ze hëllefen, zum Beispill aus sproochleche Grënn. Dofir misst een oppassen, datt et net zu ze vill Ongerechtegkeete kënnt. "Mee dat ass natierlech en Challenge."
De Kontakt mat de Schüler
Déi kommend Woche wieren awer och eng Chance d'Digitaliséierung weider an de Schoulen ze fërderen, sou d'Laurence Baum. Och d'Annick Welscher, Mathesproff am Michel Rodange, geet dovun aus, datt een an Zukunft verschidden digital Léiermethoden an d'Course kéint integréieren.
Do géif dann zwar de Kontakt an der Schoul feelen, well och wann de Proff iwwer Internet a Kontakt mat de Schüler wier, "Et ass awer eppes Anescht."
Där Meenung ass och d'Vicky Stoll: et géif een no enger gewësser Zäit mierken, datt et flott wier an enger Klass ze stoen an zesummen ze schaffen. "Dat heiten ass op Dauer relativ dréchen." Trotzdeem wier et eng gutt Lektioun fir sech selwer z'organiséieren, sech anescht organiséieren, adaptéieren an anescht schaffen a léieren.
D'Enseignanten erhoffe sech, datt de Cours erëm no der Ouschtervakanz normal ka virufueren.