Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Natioun an de Kitsch

Symboler

D'Natioun an de Kitsch

Wouhier kënnt et, datt mer iwwert déi leschte Joren a Méint nees mat enger Onmass vun allerhand nationaler Symbolik a legendenhaftem Gedéiesch gefierfte Kitsch beliwwert ginn? Iwwer d'Symboler vun der Natioun ... an hire Mëssbrauch.

auto_stories

6 min

Am Dezember 1944, ganz kuerz no der Liberatioun a just am Ufank vun der Ardennenoffensiv, huet de Louis Wirion d'Manuskript fir säi klengt Bichelchen "La maison de Luxembourg et son Blason" fäerdeg geschriwwen. 1945 koum et eraus. De Joseph Meyers, spéideren Direkter vum Nationalmusée, huet am Virwuert dat heite geschriwwen: "Nous avons vu le lion de gueules d’abord âprement combattu, ensuite admis par les autorités nazies; il a son histoire, on le voit même dans le passé le plus récent".

En halleft Joerhonnert méi spéit huet den Historiker Michel Margue preziséiert, datt d'Symbol vum roude Léiw eben net nëmmen zur Ikonographie vun der Resistenz oder dem Spéngelskrich gehéiert huet, mee datt d'Nazien en 1942 och zum Symbol vun der VdB, der Volksdeutschen Bewegung gemaach haten. Aus dem patrioteschen "Roude Léiw erwäch" ass e propagandisteschen "Erwache!" ginn.

1200: Léiwen a 60 Prozent vun de Wopen

An sengem Heraldik-Bichelche beklot de Louis Wirion sech weider: "L'héraldique est une matière trop peu connue de l'histoire de l’art et même de l’histoire tout court. L'héraldique est à l’art public (officiel) et au patriotisme, ce que le symbolisme et l'iconographie sont à la religion".

De roude Léiw huet haut nach kee sécher festgeluechten Ursprong: "Elle se perd dans la nuit des temps légendaires et héroïques du haut moyen-âge". Wesentlech méi sober schreift de Michel Margue vun dem Ufank vum 13. Joerhonnert, net ouni ze vergiessen, datt géint d'Joer 1200 eng 60 Prozent vun de Wope Léiwen a sech gedroen hunn.

Indigestioun vun Nationalnippes

Mir liewen haut nach ëmmer net an enger Kenntnis vun der Heraldik, mee vill méi an enger Indigestioun vun Nationalnippes. Et huet een d'Gefill, datt nach ni sou vill rout-wäiss-bloe Kreemchen a "Roudgeléiws" am Ëmlaf waren, wéi elo. An et kann ee sech froen, wéi de Louis Wirion reagéiert hätt, wann en déi rout-wäiss-blo Plastikskéi an d'Elefante mat engem roude Léiw drop gesinn hätt.

Wouhier kënnt et, datt mer iwwert déi leschte Joren a Méint nees mat enger Onmass vun allerhand nationaler Symbolik a legendenhaftem Kitsch beliwwert ginn? Och d'Bebillerung a vill Iwwerflächleches zum Thema Dynastie ass nees am Ëmlaf: Stéchwuert Projektioun um Palais zu den 125 Joer Dynastie.

1872: Chamber well näischt vun Amalia-Monument wëssen

Am Joer 1872, kuerz nom Dout vun der ganz beléifter Prinzessin Amalia, dem Prënz Hary seng Fra, ass e Comité zesummekomm fir d'Finanzement vun engem Monument op d'Been ze stellen. D'Chamber wollt deemools näischt dermat ze dinn hunn. Eréischt mat engem Subside vun der Gemeng Lëtzebuerg konnt dat Ganzt bezuelt ginn.

Beim Monument fir de Wëllem II. sollt eng Souscriptioun ausgeschriwwe ginn, fir dat Ganzt ze bezuelen, et ass dunn awer de Staat, deen dat schlussendlech bezuele sollt. Nach méi symbolesch: nach laang, während den 20er Joren, hunn déi sozialistesch gefouert Südgemenge sech einfach geweigert, Grossherzoginsgebuertsdag ze feieren - als Konsequenz vum gescheiterten Ëmstuerz fir d'Dynastie duerch eng Republik z'ersetzen.

Nei Bedeitung fir national Symboler am Krich

Wéi dee Gebuertsdag dunn awer zum Nationalfeierdag ginn ass, huet sech alles geännert. Besonnesch déi zweet Halschent vun den 30er Jore bis zum Héichpunkt vun der Joerhonnertfeier vun 1939. Matt der kuerz dorops duerchgefouerter Occupatioun duerch Nazi Däitschland, krut dunn alles, wat d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg kéint symboliséieren, nees eng nei, nach méi staark Bedeitung oder Symbolik.

Och duerch d'Ofrappe vu Monumenter wéi der Gëlle Fra, oder eben de Recuperatiounsversich vu Symboler wéi dem Roude Léiw, huet dat awer net wierklech funktionéiert. Och lieweg Personnagen, wéi d'Grande-Duchesse Charlotte, sinn aus dem Exil eraus zu ganz staarke Symbolfigure ginn. A wann dat eent verbuede war, gouf ënnert der Besatzung och alt emol Franséisches iwwerholl, esou wéi de Beret, deen dunn zu enger Zort "Beretskrich" gefouert huet, bis déi franséisch Kap dunn och verbuede gouf.

No der Liberatioun: Keng "Question royale"

Et ass dann och kloer, datt sech dat alles bei der Liberatioun nei konnt entfalen, wat iwwert d’Occupatiounsjore verhënnert gi war. Well anescht wéi an der Belsch koum et bei eis eben net zu enger "Question royale", déi bei eisen Noperen zu deelweis biergerkrichsähnlechen Zoustänn gefouert hat. Zu Lëtzebuerg war d'Grande Duchesse Charlotte, quasi als Helleg, nees heemkomm, während déi wierklech Streidereien hannergrënneg - an dunn och ëffentlech - tëscht Regierung an deelweis Resistenzler gefouert goufen, well déi éischt am Exil versot hätt.

Mee dat alles war virun elo bal méi wéi 70 Joer. An eben an den Trente glorieuses waren d'Leit anescht beschäftegt, wéi sech mat Nationalkitsch ze beschäftegen. Natierlech gouf et Commemoratioun a Feieren, mee déi ganz speziell Situatioun vu kënschtlerescher Selbstbehaaptung an nationalem Kitsch, wéi se sech iwwert déi leschte Méint zu Lëtzebuerg entfaalt hunn, ass dann awer nach eppes anescht.

D'Episod Michel Wolter

Een zweete Moment, deen an der Reanimatioun vun ale bis ganz ale Symboler gëllt, ass sécher dem CSV-Deputéierte Michel Wolter säi Gesetzesvirschlag vun 2006, fir de rout-wäiss-bloe Fändel, dee mer jo vu Holland an enger liichter Variatioun geierft haten, duerch de Wopen vum Roude Léiw z'ersetzen.

Op der Online Enzyklopedie Wikipedia kann een haut eng ganz Oplëschtung vun den Argumenter zu dësem Wiessel vum Nationalfändel noliese goen. Do steet zum Beispill als pro-Argument: "Die neue Flagge würde das Traditionsbewusstsein vieler Luxemburger, sowie die luxemburgische Identität stärken und wäre zudem ein Bekenntnis zur Monarchie. Da aber die Herrscherfamilie eine eigene Flagge hat, kann dieses Argument eben so gut als Gegenargument verwendet werden".

Keng Diskussioun, déi vun der Politik ageleet gouf

Et steet awer am nämmlechten Artikel, e bësse méi wäit, ee Géigenargument: "Bis 2006 hat die ganze Frage niemanden gekümmert". An eleng an dem Saz stécht natierlech dat, wat een haut eigentlech wonnere misst. Déi ganz Vermëschung vun nationale Symboler, vun historescher Ikonographie, vu Sträit tëscht reaktionären a progressiven Haltungen, kristalliséiert sech zu Lëtzebuerg 2017 net an enger Diskussioun, déi vun der Politik ageleet gouf, wéi den CSV-Politiker Michel Wolter dat probéiert hat, mee wat him awer nëmmen zum Deel gelongen ass. Et kristalliséiert sech vill méi an enger Beweegung, déi dës Kéier villäicht méi diffus vun de soziale Medie kënnt. Et brauch een op Netzwierker wéi Facebook nëmmen dat Wuert "Lëtzebuerg" anzeginn, a scho kritt de Computer all Variatioune vu rout-wäiss-blo, de Roude Léiw an hiren Hybriden opgelueden.

Bizaren Zeitgeist

Dorausser kann een, een dach bizaren Zeitgeist erausfilteren, bei deem ech eng méi emotionell provozéiert wéi faktuell geduechte Situatioun erausfilteren: am Genre vun "Et geet eis zwar gréisstendeels gutt, oder awer besser wéi virdrun, an dach si mer onzefridden". Eng Situatioun mat där dann och Politik, wéi seele virdrun, mat Referenden a Petitioune gemaach gëtt.

D'Sproochen-Diskussioun brécht dann och nach iwwert dat Ganzt eran. De Guy Rewenig huet an engem Interview mat der Zeitung Quotidien gesot, datt d'Verteideger vun der Sproochepetitioun 698, zum Beispill, déi Lëtzebuerger Literatur komplett zu Gonschte vun engem Kulturbegrëff géing vernoléissegen, dee sech "op engem 'fond tricolore criard' entwéckelt.

E bësse méi Fiisschen

An et kann een dem Guy Rewening jo wuel kaum virwerfen, datt hie sech net mat der Sprooch beschäftegt hätt. Mee dës méi reflektéiert Kritik huet et net einfach an engem Mischmasch vun Nationalkitsch an héichgspillten Emotiounen, déi d'Angscht ausdrécken, datt een iergendeppes kéint ewechgeholl kréien, wat engem awer an engems ni wierklech ganz gehéiert huet.

Der Nationalunioun oder dem Siggy vu Lëtzebuerg säi Lëtzebuerg de Lëtzebuerger ... an och de "Roude Léiw huel se" ginn haut nees recycléiert. Mee villäicht bréichte mer am Moment e bësse manner Roude Léiw an e bësse méi Fiisschen.