Radioen

On air

Notturno  |  Gilad Hekselman - Verona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalen Zenter fir Lëtzebuerg ze schützen

DDos Cyber-Attacken

Nationalen Zenter fir Lëtzebuerg ze schützen

DDos (Denial of Service) Cyber-Attacke bombardéiere Serveren a Betribssystemer mat esou vill Informatiounen, datt se iwwerlaascht ginn an am schlëmmste Fall zesummebriechen. En neien nationalen Ofwier-Zenter soll dogéint schützen.

auto_stories

1 min

Den Ofwier-Zenter kënnt ënner d'Autoritéit vum Haut-Commissariat à la Protection nationale (HCPN). Haaptbedreiwer ass de Luxembourg Commercial Internet Exchange (LU-CIX).

Et ass gewosst, datt all Dag sou Attacken zu Lëtzebuerg geschéien. Vill Attacke ginn awer net publizéiert, well dat nach net obligatoresch ass. D'lescht Joer goufen et dräi gréisser Attacken, mee de Claude Demuth, President vum LU-CIX Direktiouns-Comité an Haapt-Responsabele fir deen neien Zenter, konnt keng Nimm soen, wie betraff war.

Et ass awer kloer, datt dës Attacke e gréisseren Impakt op verschidde Firme gehat hunn. Eng vun den Attacken huet eng Firma aus der Privatwirtschaft betraff, déi zwou aner ware méi sensibel a ware wichteg Infrastrukture fir de Fonctionnement vum Land.

Wéi fonctionnéiert dës Ofwier vun DDos Cyberattacken? A wéi kann de Schutz vun der Privatsphär dobäi garantéiert ginn? De Claude Demuth gëtt weider Informatiounen am Gespréich mam Pierre Reyland.