Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Natioun: Emanzipatioun a Repli

Geschicht

D'Natioun: Emanzipatioun a Repli

D'Pandemie hätt gewisen, datt den Nationalstaat weiderhin eng wichteg Roll spillt, seet den Historiker Pascal Ory. Iwwerhaapt wier d'Iddi vun der Natioun hirem Ursprong no méi fortschrëttlech wéi hire Ruff. De franséischen Historiker war rezent op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg.

auto_stories

5 min

Lauschterenplay_arrow


Wat ass eng Natioun? Op d'Fro, déi och den Titel vu sengem neie Buch ass, gëtt de Pascal Ory déi heiten Äntwert: "C'est un peuple avec un petit p qui devient le Peuple avec un grand P".

Réischt mat de Revolutioune vum 17. an 18. Joerhonnert - an Holland, England, Amerika an zum Schluss a Frankräich - wier d'Iddi vun der Souveränitéit vum Vollek entstanen, dat sech vun den despotesche Regimer emanzipéiert:

"La France naît en juin 1789, quand la crise des Etats Généraux accouche d'une Assemblée nationale. Et une douzaine d'années plus tôt, les Etats-Unis proclamaient leur indépendance au nom de la nation - identifiée à un peuple souverain."

Natioun an Nationalismus

D'Natioun ass fir de Pascal Ory, déi "kleng Schwëster vun der Fräiheet": Also eng emanzipatoresch Iddi - mat Nationalismus hätt dat direkt näischt ze dinn:

"La nation va devenir un critère de clivage interne. Et c'est là qu'on passe au nationalisme. C'est-à-dire que vous avez une forme de renouvellement de la droite politique, qui conserve un certain nombre de présupposés vitalistes, inégalitaires, autoritaires - mais qui se sert de cette notion qui vient de gauche, qui est la nation. Car la nation, ça vient absolument de la gauche."

Fir de Pascal Ory féiert d'Natioun awer net automatesch zum Nationalismus. An datt just d'Natiounen an den Nationalismus zu Kricher oder Ënnerdréckung féieren, hält de Pascal Ory fir eng falsch Duerstellung. Och den Internationalismus hätt esou ee Gewaltpotential. An déi reliéis, aristokratesch, oder monarchesch Gesellschafte vum Ancien Régime wieren stänneg am Krichszoustand gewiescht: "Il n'y a malheureusement pas une forme politique qui puisse vraiment échapper à ce type de procès."

Kann een d'Natioun dekonstruéieren?

D'Natioun maach just eng Iddi oder och ee Mythos sinn. Mee egal wéi abstrakt d'Konzept ass, et hätt zënter dem 17. Joerhonnert a bis haut eng Wierkungskraaft op eist politescht Handelen, betount de Pascal Ory. De Versuch, d'Iddi vun der Natioun ze dekonstruiéieren, wier deemno vläicht een interessanten theoreteschen Exercice - mee anescht wéi vill Wëssenschaftler sech dat virgestallt hätten, géif d'Natioun doduerch net u praktescher Relevanz verléieren:

"Le mythe ça veut simplement dire qu'il y a un récit. C'est une histoire que nous nous racontons. Et nous, ça peut être une nation, une église, une famille, un individu. Et cela nous permet de tenir. Si vous retirez le mythe, il n'y a plus rien."

D'Dekonstruktioun vun esou Mythen kéint natierlech interessant sinn. Zum Beispill fir ze verstoen, wéi Nationalhelden entstinn, oder datt d'Vergaangenheet eigentlech méi widderspréchlech ass ewéi mir se eis verzielen: "Mais l'essentiel est de savoir : A quoi ça sert aujourd'hui? Et évidemment ça continue à servir."

Lëtzebuerg: Vum Zoufall zur Natioun

Lëtzebuerg wier ee gutt Beispill fir d'Relevanz vun der nationaler Iddi: D'Land, deem seng Existenz als historeschen Zoufall kéint consideréiert ginn, hätt eng national Identitéit entwéckelt, sou de Constat vum franséischen Historiker: "Je trouve que cette identité nationale s'est plutôt enracinée sur la moyenne durée d'un siècle et demi. Du coup, cela me semblait intéressant de le rappeler, étant donné que c'est un 'petit pays'."

De kloren Neen zum Auslännerwahlrecht beim Referendum vun 2015 géif och weisen, wéi een Exclusiounspotential d'Iddi vun der Natioun ëmmer och a sech dréit:

"Ce type de 'votation', comme diraient les Suisses, montre bien que le fameux peuple qui aurait toutes les qualités face aux élites, peut être extrêmement refermé sur son identité. Mais sur plusieurs générations, le phénomène d'intégration s'est quand-même poursuivi au Luxembourg comme ailleurs."

Liberal Demokratien: Inclusioun a Pragmatismus

Mee ass et net vill méi de Wuelstand oder och ee gewësse Pragmatismus, deen de Grand-Duché zesummen hält? Dat géif dem Esprit vun enger liberaler Demokratie entspriechen, mengt de Pascal Ory: Déi kéint op eng relativ onideologesch Manéier fir Inklusioun suergen:

"Paradoxalement, ça rapprocherait presque le Luxembourg des pays protestants, où quand même, après tout, l'économie ce n'est pas si mal que ça. Mais je pense fondamentalement que le but des institutions politiques c'est d'assurer un vivre-ensemble. Et je pense que les démocraties occidentales continuent leur travail d'intégration."

(Nach) keng europäesch Natioun

D'Europäesch Unioun gëtt am Pascal Ory sengem Buch just eng eenzeg Kéier erwähnt. Wat net heescht, datt hie keng Meenung zu dësem, wéi hien et nennt, "eenzege Projet vun engem supranationale Staat" hätt: Eng europäesch Natioun géif et bis haut net ginn, sou den Historiker, deen een Echec vum Projet net ausschléisst.

Wann d'EU géif scheiteren, da wier och d'Mondialisatioun a Fro gestallt. De Pascal Ory redoutéiert Tendenzen, déi sech dann amplaz kéinten imposéieren: "Si l'Union Européenne échoue, ce qui n'est pas exclu, je pense qu'alors là nous aurons libre cours pour des solutions sans doute nationalistes, mais d'abord autoritaires."

Besonnesch déi enorm Erausfuerderung vum Klimawandel gesäit de Pascal Ory als ee Risiko, deen esou autoritär Tendenzen kéint verstäerken. Ee globalen Defi also, dee - paradoxerweis - een nationalen Repli kéint mat sech bréngen:

"Dans tous les cas, ce que je voudrais faire remarquer, c'est que malgré la mondialisation de la pandémie, malgré la mondialisation du réchauffement climatique, le mondialisme n'a pas progressé d'un millimètre."