Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei blo Valorlux-Tut

Recycling

Déi nei blo Valorlux-Tut

Déi nei blo Valorlux-Tut, déi déi lescht Méint an dräi Pilotgemengen getest gouf, kéint generaliséiert ginn. De Claude Turping, Direkter vun der Valorlux zitt e positive Bilan. Wéi de Pilotprojet genee verlaf ass an wéi gutt zu Lëtzebuerg iwwerhaapt recycléiert gëtt huet d'Lara Bousch nogefrot.

auto_stories

3 min

Déifferdeng, Munneref an Helperknapp sinn déi Gemengen, wou zanter Mäerz de Pilotprojet vu Valorlux getest gouf. D'Tute gesi genee sou aus wéi hir blo Virbiller, just: et kommen aner Saachen dran. Hei kann een zou de bekannte Plastiksverpackungen och elo Jughurtsbecheren, Plastikstuten, Barquetten a sou genannte "Blisteren", wou zum Beispill Zoossiss oder Kéis dran agepaakt sinn, kënnen och an déi nei blo Tut geheit ginn.

Fir dat iwwerhaapt kënnen z'erméiglechen, gouf zesumme mat der Entreprise Hein Déchets eng néi Zortéierungsanlag kaf ginn. De Claude Turping, Direkter vu Valorlux ass zefridden. An dräi Méint wieren tëschent 10 an 20 Prozent méi gesammelt ginn, stellt hie fest. Et wier och gutt kommunizéiert ginn, wat net an déi Blo Tut gehéiert: Virdru wier 17 bis 18 Prozent fälschlecherweis an d'Tut geheit ginn, haut sinn et der tëschent 8,5 an 9,5 Prozent. Déi nei Anlag hätt heirobber awer och en Afloss.

Wéi gëtt Plastik getrennt?

Déi nei Anlag huet net nëmme méi eng grouss Kapassitéit ewéi déi al, si kann och vill méi Materialer vuneneen ënnerscheeden. All Plastik gëtt heivir vun engem Scanner erkannt a gëtt dann erausgeholl. Hei wier een awer limitéiert, well et soss technesch "immens opwenneg" gëtt, fir all Plastik, deen et gëtt, erauszefilteren. Et misst een natierlech och kucken, datt dee Plastik och recycléiert ka ginn. Metaller ginn iwwer e Magnéit erausgeholl.

Duerno ginn déi verschidde Materialer vun der selwechter Zort an d'Ausland verkaf, well et zou Lëtzebuerg bis op e puer Ausnahme keng Recycléierméiglechkeete gëtt. Beim PET kënnt dat recycléiert Material dann erëm op Lëtzebuerg, fir zu néie Fläsche gemaach ze ginn.

"Reduce, reuse, recycle"

Ass d'Vermeidung vun Dreck net nach besser ewéi de Recyclage? De Claude Turping stëmmt deem zou:

"Ech menge fir Verpakunge wäit ronderëm ze féiere mécht net allze vill grousse Sënn, well déi Materialien hunn eng ganz geréng Dicht, sou datt den Transport do natierlech en ganz groussen Impakt huet. Alles wat ee ka vermeiden, do stellt sech jo souwisou d'Fro vum Transport jo guer net, an alles wat ee ka lokal recycléieren, reduzéiert deen Impakt natierlech."

De Claude Turping ass der Meenung, datt d'Qualitéit um Recyclage zu Lëtzebuerg ganz gutt ass. Ob déi néi blo Tut dëst nach verbessere kann, bléift ofwaarden. Wéini déi nei blo Tut am ganze Land agefouert gëtt ass nach net gewosst.

D'Valorlux huet der Ëmweltverwaltung e Rapport ofginn. Vun der Administratioun heescht et op Nofro hunn, datt den Dossier nach géif behandelt ginn - ee genauen Zäitplang gëtt et net.