Den Naturschutzsyndikat Sicona huet sech mat "Batcorder" op d'Sich gemaach. Dat ass eng Maschinn déi d'Riff vun de Fliedermais enregistréiert, a virun allem an den Asaz kënnt, wann d'Déieren hire Wanterquartéier verloossen. Beim Oflauschteren erkenne Spezialisten ëm wéi eng Aart et sech dréit.
Dat ass esou geschitt an der Déifferdenger Minière "Grouwen". De Verdikt vun de Batcorder ass kloer: Hei huet eng Kolonie vu Wimperfliedermais iwwerwantert. Derniewent konnt hier Existenz nach op 4 weidere Platzen, zu Déifferdeng, Schëffleng a Rëmeleng nogewise ginn.
"Ëmmer a Minière" - seet d'Dr. Simone Schneider, Sicona-Responsabele vum Projet. "D'Déiere sichen e Wanterquartéier an deem se virum Frascht, an anere Gefore geschützt sinn. Am Summer fënnt een se Gebaier, ewéi Kierchen oder Scheieren".
E raart Déier
D'Wimperfliedermaus ass rar, mee zu Lëtzebuerg awer - relativ gesinn - relativ präsent. "Mir hu bis elo 12 Summerquartéier entdeckt", seet d'Simone Schneider, mat engen 1.200 Weibercher. Ënner anerem zu Bech Klengmaacher, mee och am Préizerdaul géifen et grouss Kolonie ginn. Am Verglach: An Däitschland sollen et nëmme 17 Kolonie ginn.
D'Simone Schneider fënnt et flott, datt een elo zu Lëtzebuerg eng gewëss Responsabilitéit fir déi Aart huet. An och wann d'Fliedermaus dacks belächelt gëtt, wier si wichteg fir de ganzen ekologesche System, seet d'Expertin. An dofir misst een och ëmmer erëm dorop sensibiliséieren.