Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Child Of Lov - Give Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Reegelungen 2020

Wëssen

Nei Reegelungen 2020

Op den Dag vun haut erfält eng Indextranche. Mat der Pai fir Januar ginn d'Salairë fir déi Beschäftegt um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart deemno ëm 2,5 Prozent an d'Luucht.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Michèle Sinnerplay_arrow


Sou ginn zum Beispill och d'Pensiounen erop - vu Januar un ëm 1,5 Prozent. Si ginn domat un déi allgemeng Lounentwécklung um Aarbechtsmaart an de leschten zwee Joer ugepasst. D'Indextranche, déi sech och op d'Pensiounen applizéiert, déi schonn am Dezember fir Januar ausbezuelt goufen, gëtt mat der Pensioun fir Februar réckwierkend ausbezuelt, wéi d'Caisse nationale d'assurance pension op hirer Websäit schreift.

Droit à l'oubli

Vun haut u gëllt och en Droit à l'oubli fir d'Reschtscholdversécherung bei Immobilieprêten. Dat fir Leit, déi Kriibs haten an zanter zéng Joer gesond sinn. Si brauchen der Assurancegesellschaft näischt vun hirer Krankheet ze soen. Bei enger Rei spezifesche Kriibszorten oder geheelten Hepatite-C-Infektioune mussen d'Clienten hir fréier Krankheet deklaréieren, mee däerfe keng Surprime facturéiert kréien, wa verschidde Konditiounen erfëllt sinn. Och HIV-positiv Leit ënner Traitement mussen dem Assureur Bescheed soen, mee däerfen ënner verschiddene Bedéngungen net méi vun enger Reschtscholdversécherung ausgeschloss ginn a keng Surprime vun iwwer 100 Prozent facturéiert kréien.

Dossier de soins partagé

Vun haut u gëtt den Dossier de soins partagé, den elektronesche Fleegedossier, schrëttweis op all Verséchert am Gesondheetssystem deployéiert. Dat nodeems de Reglement iwwer d'Aféierung vum Dossier de soins partagé Enn Dezember publizéiert gouf. Domat ass de Suivi vun Traitementer och tëschent ënnerschiddlechen Doktere méiglech, de Patient huet Abléck a säin Dossier. Bei der Ouverture vum Dossier mussen déi Verséchert uginn, ob si Organspender sinn oder net.

Dampmelder ginn obligatoresch

Am neie Joer mussen doriwwer eraus all nei Logementer mat Dampmelder ekipéiert ginn. Fir Wunnengen, déi scho bestinn, gëllt eng Iwwergangsfrist vun dräi Joer. Wien eng Wunneng wëllt lounen, mee sech d'Garantie locative net ka leeschten, ka vun elo un eng Finanzhëllef beim Logementsministère ufroen.

Kersch iwwerhëlt Amt bei Wada

Haut fänkt doriwwer eraus dem Sportsminister Dan Kersch säi Mandat bei der Welt-Anti-Doping Agence Wada un. Säi Mandat am Exekutiv-Büro vum héchsten Anti-Doping-Gremium, dat Russland leschte Mount fir déi nächst véier Joer vun Olympesche Spiller an der Fussballweltmeeschterschaft ausgeschloss huet, geet bis Enn 2021.