Radioen

On air

Notturno  |  Gilberto Gil - Pai e Mãe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nepal erhëlt sech lues

Uechtert d'Welt

Nepal erhëlt sech lues

Nepal gouf viru bal zwee Joer vun engem schlëmmen Äerdbiewe getraff. Ronn 600 historesch Monumenter, Tempelen a Palaise goufen dobäi zerstéiert a vill Leit ënnert den Trümmere vun hiren Haiser begruewen. Nom Biewen ass den Tourismus ausbliwwen. D'Land erhëlt sech nëmme lues vun der Naturkatastroph. D'Tessy Steffen Koenig war virun engem Joer am Nepal an huet sech mat de Leit ënnerhalen.

auto_stories

6 min

De Klouschter Thrangu Tashi Yangtse

Namo Buddha ass ronn 40 Kilometer vun der nepalesescher Haaptstad Kathmandu ewech. An dach huet een hei d'Gefill an eng aner Welt anzedauchen. De Klouschter Thrangu Tashi Yangtse gouf virun zwee Joer beim schwéieren Äerdbiewen net esou haart getraff, erkläert d'Karla. Si schafft am Klouschter als Volontärin a gëtt hei och Yogacoursë fir d'Mönchen, déi hei liewen.

E Mönch géif sech verflicht fillen, anere Leit a schwierege Situatiounen ze hëllefen, erkläert d'Karla. Dat hätten d'Mönchen an Nonne vum Thrangu Tashi Klouschter nom schwéieren Äerdbiewen am Abrëll virun zwee Joer gemaach. D'Karla erzielt, si hätten de Leit ronderëm iesse ginn a si mat Waasser versuergt. "Fir vill vun de Mönche war et wichteg, erauszegoen an aktiv ze ginn. Dat ass nämlech dat, wat si an hirer Philosophie léieren."

D'Karla an den Dorji

Wéineg Ënnerstëtzung vum Staat

D'Regierung dogéint hätt net vill gehollef, bedauert d'Karla. Si fënnt, datt d'Hëllef haaptsächlech aus dem Ausland komm ass. D'Regierung hätt kaum reagéiert. "Och elo bremse si de Bau vun neie Gebaier." D'Sue ginn dem Karla no net sënnvoll un d'Leit verdeelt, déi a méi klengen Dierfer wunnen. Aus deem Grond misste vill Leit weiderhin dobausse wunnen. "D'Nepalesen hu keng Chance, fir hir Haiser nei opzebauen, well d'Regierung d'Strategie dofir bremst."

Mee och d'Kléischter an d'Mönche goufen an hirer Aarbecht gebremst. D'Kléischter géingen d'Regierung an ee schlecht Liicht réckelen, esou d'Begrënnung, erzielt d'Karla. An hiren Ae géif dat weisen, wéi onfäheg a korrupt déi nepalesesch Regierung wier.

"Déi aner berouegen"

D'Bevëlkerung am Nepal gehéiert verschiddene reliéise Gruppéierung un - si liewe friddlech niefteneen. Hindue maache mat ronn 80 Prozent de gréissten Deel aus. Duerno komme Buddhisten a Moslemen. Chrëschte ginn et am Nepal nëmme 1,4 Prozent. De Klouschter zu Namo Buddha ass e buddhistesche Klouschter. Hei lieft och den 18 Joer ale Mönch Dorji, deen d'Äerdbiewe materlieft huet. Et wier dat éischt Äerdbiewe gewiescht, dat hie materlieft hätt, erzielt de jonke Mönch. Hien hätt awer keng Angscht gehat. "Meng Bridder hunn ëmmer de Geck mat den Äerdbiewe gemaach. Ech war erschreckt an hu geduecht, firwat maache si de Geck, et ass esou eppes Seriöes."

Aner Leit hätte gesot, d'Mönche wiere verréckt an datt si missten traureg sinn, erënnert sech den Dorji. "Do huet ee vu menge Bridder geäntwert, 'wat geschitt ass ass Vergangenheet. Dofir kuck elo d'Géigewaart a maach datt s du déi Leit, déi Angscht hunn, berouegtst.'" Doduerch wier dem Dorji bewosst ginn, datt seng Bridder nëmmen de Geck gemaach hätten, fir aner Leit ze berouegen.

De Klouschter Thrangu Tashi Yangtse

D'Thrangu Tashi Yangtse Klouschter ass eng helleg Plaz. Et gëtt gesot, datt hei de Bodhisattva vum Gott Buddha säi Kierper engem hongeregen Tiger-Weibchen an hire fënnef Klenge geaffert huet. Bodhisattva ass e Wiesen, dat seng Erliichtung fonnt huet an u sech an d'Nirwana eragoe kann - mee dat aus altruistesche Grënn net mécht. D'Bodhisattva hëlleft allen anere Liewewiesen op der Welt hir eegen Erliichtung ze fannen a sech aus dem éiwege Kreeslaf vum Samsara - also der Reinkarnatioun - ze befreien. Namo Buddha ass dowéinst eng immens wichteg Plaz fir de Buddhismus an déi buddhistesch Léier.

Kathmandu

An der nepalesescher Haaptstad Kathmandu goufe beim Äerdbiewe vill Gebaier zerstéiert. Och vill Helleger. Déi wichteg Boudanath Stupa - ee vun de gréisste buddhistesche Schreiner op der Welt - gouf zum Deel zerstéiert. Am Ganze goufe beim Äerdbiewen ëm déi 600 historesch Monumenter, Paläst an Tempelen am Nepal beschiedegt. Den Epizenter vum Äerdbiewe louch ronn 80 Kilometer nordwestlech vu Kathmandu. Am schlëmmste betraff war dowéinst och d'Kathmandu-Dall an déi ganz Ëmgéigend.

Déi nepalesesch Regierung hätt net vill gemaach fir de Leit ze hëllefen, seet och den Dipen. Hie schafft an engem Tourismusbüro zu Kathmandu. Mat senger Ausso confirméiert hien dat, wat d'Volontärin aus dem buddhistesche Klouschter, d'Karla, och scho gesot huet.

Wéineg Hëllef

Déi nepalesesch Regierung hat de betraffene Mënschen dem Dipen no ëm déi 200.000 bis 250.000 Rupië versprach, fir hir Haiser erëm opzebauen. Ëmgerechent sinn dat ronn 2.000 Euro. Och vun den Nopeschlänner wier Hëllef versprach ginn, erzielt den Dipen. China an Indien hätten Ënnerstëtzung versprach, genee esou wéi räich Nepalesen. "Bis elo hunn ech nach näischt vun hirer Hëllef gesinn. Mir wëssen et net, mee vläicht si si och korrupt."

Fir den Dipen ass sécher, datt déi nepalesesch Regierung séier misst eppes ënnerhuelen, fir d'Gebaier erëm opzeriichten. Vill vun de Gebaier stéingen nämlech ënner Denkmalschutz oder wieren UNESCO-Weltkulturierwen. "Dat si Gebaier, op déi mir ganz houfreg sinn. Mee d'Regierung ass méi domadder beschäftegt mateneen a mat de Parteien am Parlament ze streiden. Ech mengen, si interesséiere sech net dofir."

Eng schwéier Zäit

Den Dipen huet mat senger Famill, esou wéi ganz vill aner Nepalesen, déi éischt Zäit nom Äerdbiewen ënnert fräiem Himmel verbruecht. Annerhallwe Mount hätte si dobausse gelieft, well hiert Haus duerch d'Biewen zerstéiert gi war, erënnert sech den Dipen. Experte vun der Regierung hätten et gekuckt a gesot, et wier ze geféierlech, fir eranzegoen. "Mee an där Zäit während där mir dobausse gelieft hunn, war et schwéier z'iessen an ze drénken. Et ass kee Waasser do, kee Stroum an och keng Kommunikatioun."

Vill Leit hunn ëmmer nach net hir vun der Regierung versprache Sue kritt, fir d'Haiser erëm opzebauen. D'Leit hunn es sat, esou laang op Hëllef ze waarden. Vill vun hinnen hunn dëst Joer schonn hiren zweete Wanter hannertenee missen dobausse verbréngen.

Beim schwéieren Äerdbiewe sollen offiziellen Zuelen no ëm déi 9.000 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Den Dipen aus dem Touristebüro, esou wéi ganz vill aner Betraffener gleewen dat net - si sinn iwwerzeegt, datt et sech ëm vill méi Affer handelt. Si mengen et wieren éischter 10.000-13.000 Leit ëm d'Liewe komm. "Et ass keen Accès do, fir d'Leit an der Biergregioun ze retten. Et ass och keen Accès do fir den Transport." Aus deem Grond wier et schwéier, d'Affer ze biergen. Een Duerf wier esouguer ganz zesumme gefall, esou den Dipen.

D'Equipp vum Touristebüro

Wéineg Tourismus

Den Dipen a säin Team vum Touristebüro hu virum Äerdbiewen am Abrëll virun zwee Joer vill Trekkingtouren ugebueden. Verschiddener dovu si komplett zerstéiert ginn, esou den Dipen. Doduerch ass och d'Zäit nom Äerdbiewen den Tourismus ausbliwwen. Dat ass net gutt, seet den Dipen. Den Tourismus wier dee wichtegste Wirtschaftssecteur vum Nepal.

Haut gesäit et e bëssen anescht aus: D'Stupa zu Boudanath ass erëm komplett renovéiert. Vill Trekkingweeër, wéi zum Beispill de Langtang-Trek, deen eng Zäit net méi accessibel war, ass erëm zum groussen Deel op. D'Situatioun schéngt sech trotzdem nëmme ganz lues ze verbesseren. Villes bleift ëmmer nach zerstéiert. Vill Nepalese loosse sech näischt umierken. Si hëllefe sech géigesäiteg.

Mee den Tourismus ass wichteg, fir erëm Aarbecht ze kréien, erzielt dem Dipen säin Aarbechtskolleg am Tourismusbüro. "Touriste schlofen an Hoteller, si iessen am Restaurant. Wa si an den Nepal kommen, heescht dat, datt d'Nepalesen dovunner kënne profitéieren." All d'Suen, déi d'Touriste géifen ausginn, géifen den Nepalesen ze gutt kommen. "Dat heescht och, datt si hir Aarbecht net verléieren. Esou wéi dat nom Äerdbiewen de Fall war." Zwar wier den Nepal sécher, mee trotzdem hätt den Tourismus sech nach net erholl.