Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net ëmmer op Aenhéicht

Journalismus

Net ëmmer op Aenhéicht

Journalismus op Aenhéicht: dat bedeit, datt een als Reporter keen Ënnerscheed mécht tëschent deene Leit, iwwer déi ee schreift. Egal, ob si zu de sougenannten Elite gehéieren (aus Politik a Wirtschaft), oder ob si ganz ënnen an der Gesellschaft struewelen. Dat ass awer net ëmmer esou evident, besonnesch well de Beruff vum Journalist ee vun der ieweschter Mëttelschicht ass.

auto_stories

3 min

D'Julia Friedrichs ass eng däitsch fräi Journalistin a Publizistin an huet schonn a béide Milieue recherchéiert. Op enger Konferenz huet si rezent iwwer de Beruff vum Journalist geschwat. Hir Analys baséiert natierlech op der däitscher Realitéit, mee déi geet där Lëtzebuerger gewëss net komplett aus de Féiss.

Journalismus: grad am Ufank net gutt bezuelt

Si stellt fest, datt de Beruff vum Journalist ëmmer méi zum klassesche Beruff aus der ieweschter Mëttelschicht ginn ass, an datt doduerch bestëmmte Milieue laang gefeelt hunn oder feelen. Dat hätt engersäits mat de Selektiounscritère vun de Journalisteschoulen ze dinn, déi jonk Leit aus deene Milieue kloer géife favoriséieren.

Anerersäits mat den niddregen Honorairen, déi Beruffsufänger kréien. Déi meescht Journaliste schaffen, och zu Lëtzebuerg, e gudde Strapp als Freelance, éier si e feste Kontrakt kréien.

E subtille Selektiounsprozess

Grad fräie Journalismus géif ëmmer méi zu engem Beruff ginn, deen ee sech muss kënne leeschten, erzielt d'Julia Friedrichs. "Und das ist natürlich fatal. Wenn für Texte, an denen man drei, vier Wochen recherchiert 500 Euro gezahlt werden, ist das ein Beruf, der voraussetzt, dass jemand anders für mein Leben zahlt."

Dëst kéint een als subtille Selektiounsprozess ugesinn a verschidde Gruppe ginn doduerch och favoriséiert: Zum Beispill Leit, déi vun den Eltere finanziell ënnerstëtzt ginn.

Verschidden Theme ginn ënner

D'Konsequenz dovun: eenzel Theme ginn an de Medien ënner, well se net als Themen erkannt ginn, seet d'Julia Friedrichs. Dat sollt awer net heeschen, datt een aus enger Hartz-IV-Famill komme muss, fir iwwer Hartz IV ze schreiwen. "Aber ich glaube, dass diese Perspektiven der Kinder von Arbeitern oder der Kinder von Einwandern lange fehlten im Journalismus, dass sich das jetzt ein bisschen ändert, aber viel zu langsam und zu spät."

Zu Lëtzebuerg kéint een déi Lëscht nach mat "Kanner vu Frontalieren" ergänzen. De Constat ass och hei am Land richteg, op jiddwer Fall emol bei den traditionelle Medien. Déi frankophon Press ass vläicht manner concernéiert. Dee Manktem u Mixitéit bannent de Redaktioune féiert noutgedrongen dozou, datt et dacks och keng verschidde Point de vuen zu Theme ginn, seet d'Julia Friedrichs. Wann ëmmer just eng Perspektiv an de Medie vertrueden an ëmmer just eng Geschicht dominant wier, da géife ganz vill Themen ënner den Dësch falen.

"Anywheres" dominéieren d'Branche

De Journalismus erlieft eng Entwécklung, déi och d'Politik matgemaach huet: béid Beräicher gi vun de sougenannten "Anywheres" dominéiert, vu Leit, déi mobil sinn, déi meeschtens a Stied liewen, vu Gewënner vun der Globaliséierung. Fir d'"Somewheres", déi hiert Liewen op enger Plaz verbréngen, dacks an de Faubourgen oder um Land liewen, an déi och sozial net vum Fleck kommen, bleift do keng Plaz.

D'Julia Friedrichs huet och an der Press festgestallt, datt bei den Theme vun den "Anywheres" d'Theme vun der liberaler Mëttelschicht ganz dominant waren. "Die Themen der anderen Menschen, die vielleicht im ländlichen Raum leben, gerade die untere Mittelschicht, die Themen derjenigen, die man 'untere Dienstleistungsklasse' nennt [...] das ist, glaube ich, eine Schicht, eine Gruppe, die sehr wenig vorkam im Journalismus."

A well dat esou war, huet och an der Press kee Phenomener, wéi en Donald Trump als US-President oder eng Majoritéit fir de Brexit beim Referendum a Groussbritannien komme gesinn.