Radioen

On air

Notturno  |  Richard Thompson - The Calvary Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net genuch Organ-Spender zu Lëtzebuerg

Gesondheet

Net genuch Organ-Spender zu Lëtzebuerg

All Persoun zu Lëtzebuerg ass per Gesetz Organ-Spender. Trotzdem ginn et net genuch Spender. Trotz Sensibiliséirungscampagnen geet d'Tendenz no ënnen. U wat läit dat? A wéi léisst sech dëse Problem léisen?

auto_stories

4 min

Foto: Bigstock / Dolgachov

Beim Spende vun Organer steet Lëtzebuerg net gutt do, betount d'Christiane Bourg, Generalsekretärin bei der Associatioun Protransplant. Lëtzebuerg wier am Eurotransplant-Raum - engem Zesummeschloss vun aacht Länner - op där leschter Plaz. Eurotransplant regelt a koordinéiert, ënner anerem, d'Verdeelung vun den Organer.

Et géif effektiv ee Réckgang un Organ-Spenden hei am Land ginn, stellt och d’Doktesch Simone Steil vum Gesondheetsministère fest. 2015 goufen et nëmmen dräi Spender aus Lëtzebuerg, am Verglach zu aacht am Joer 2013. Dëst Joer waren et der bis ewell och nëmmen dräi. Dat ass net zefriddestellend, sou den Dr Claude Braun, President vun der Asbl Lux-Transplant.

Déi europäesch Moyenne géif bei aacht bis néng Spender bei enger Bevëlkerungszuel wéi Lëtzebuerg leien. Et miss een awer fairerweis soen datt dëst Joer néng potenziell Spender aus medezinesche Grënn net hätte kéinten acceptéiert ginn.

An aneren Eurotransplant-Länner, wéi an der Belsch oder Kroatien, bleiwen d'Spende konstant op engem héijen Niveau, erkläert d'Doktesch Simone Steil, Divisoundirektesch vun der Präventivmedezin vun der Santé. Trotzdem géif et ee grousse Manktem un Organer ginn.

Héich Demande no Organer

Ronn 15.000 Mënsche stoungen d'lescht Joer bei Eurotransplant op der Waardelëscht. Déi meescht dovu waarden op nei Nieren. Wéi vill Patienten aus Lëtzebuerg op der Lëscht stinn, kéint een net ganz genee soen, erkläert den Dr Claude Braun, President vu Lux-Transplant. Dat géing doru leien, datt hei am Land zënter 2010, keng Transplantatioune méi gemaach ginn. Et géif ee vun 80 bis 90 Patienten ausgoen.

D'Doktesch Simone Steil vun der Santé ënnersträicht, datt all Joer ëmmer méi Mënsche stierwe géifen, well si net kéinte mat Zäiten transplantéiert ginn. "D'Zuel vun de Spender geet deemno net duer fir de Besoine vun de Kranken, déi op eng Transplantatioun waarden, gerecht ze ginn."

Tabuthema Doud?

De Grand-Duché wier a sou ville Saachen, weltwäite Virreider, firwat also net bei den Organ-Spenden? Déi Fro stellt sech d’Christiane Bourg vun der Asbl Protransplant. "U sech misst et eng ganz natierlech Saach sinn, datt wann ee ka Mënscheliewe retten, datt een dat selbstverständlech mécht."

Dem Lëtzebuerger Gesetz no, ass all Mënsch een Organ-Spender, et sief dann, et läit eng schrëftlech Erklärung vir, datt een dat net wëll. Wéi kann et also sinn, datt et sou mann Spender hei am Land ginn?

D'Christiane Bourg vu Protransplant ass sech sécher, datt ee Grond dofir ass, datt den Doud an enger Wuelstandsgesellschaft nach ëmmer een Tabuthema ass. Een zweete grousse Grond ass hirer Meenung no ee Manktem un Informatioun.

Et wier och falsch ze denken, datt een ze al fir ze spende wier. Beim Spende vun Organer géif et keng Alterslimite ginn, betount d'Christiane Bourg.

Vill Refuse vun der Famill

De Gehirdoud, deen hei am Land mam Doud gläichgestallt ass, muss nieft dem chargéierten Dokter, nach vun zwee onofhängegen Doktere festgestallt ginn. Duerno eréischt gëtt gekuckt op déi verstuerwe Persoun een Organspender ass. Wa kee Passport de Vie bei der verstuerwener Persoun fonnt gëtt, muss d'Famill gefrot ginn, erkläert d'Doktesch Simone Steil.

Dat wier eng schwéier emotional Charge an enger schwéierer Situatioun, déi meeschtens onerwaart géif kommen. "Dat erkläert wahrscheinlech och deen héijen Taux vu Refusen." A 40 bis 50 Prozent vun de Fäll géif d'Famill d'Benotze vun den Organer vun engem Verstuerwene refuséieren. Dowéinst wier d'Opklärungsaarbecht besonnesch wichteg. Nëmmen esou kéint een d'Leit richteg informéieren a sensibiliséieren.

Léisung elektronesche Patienten-Dossier?

Sondagë vum Gesondheetsministère hätten erginn, datt iwwer 60 Prozent oder vun de Leit hei am Land fir d'Organspende sinn, esou Dr. Simone Steil vun der Santé. Leider hätten awer déi mannst hire Passport de Vie bei sech wa si stierwen. Dowéinst gëtt een Opruff vum Ministère a vun den Associatiounen un d'Leit gemaach, datt si hiren Organ-Spender-Pass ëmmer solle bei sech droe. An dësem Pass steet kloer dran, ob een Organ-Spender ass oder net.

Eng weider Neierung, déi fir méi Transparenz suerge soll, wier den Dossier des Soins Partagés, erkläert d’Dr Simone Steil. An dëse elektronesch Patientendossier soll de Wëlle vum Patient an Zukunft och agedroe ginn. Da misst d'Famill net méi onbedéngt gefrot ginn. Ob dat zu méi Organspende wäert féieren, bleift ofzewaarden.

De Problem kréich een nëmmen an de Grëff, wann den Doud an d'Organ-Spende méi thematiséiert ginn. Organer ze spende wier ee generéisen a solidareschen Akt, mat deem ee Liewe rett, esou den Appel vun de Vertrieder aus dem Gesondheetsberäich.