Radioen

On air

Espresso Beats  |  Pharrell - Caged Bird Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Noriichten, eng Geschicht, gëfteg Déieren an eng Spann

100,7-Klassesall

Noriichten, eng Geschicht, gëfteg Déieren an eng Spann

Scho si mer beim zweeten Dag vun der radio100,7-Schoul ukomm. Haut ass erëm vill lass an eisem Klassesall! Mir lauschteren Noriichte fir Kanner, mir schreiwen eng Geschicht, mir gi mam Carmen an den natur musée op d'Spueren vu gëftegen Déieren an d'Renée Weber erzielt eis eng Geschicht vun der Ann Spann. Mir lauschteren de Roland Meyer, hie wëllt jo mat iech zesummen e ganze Roman schreiwen! An haut liest hien den Ufank vun dësem Roman, deen dir da kënnt mat weiderschreiwen.

auto_stories

11 min

Dir kënnt eis natierlech op klassesall@100komma7.lu a WhatsApp erreechen: 621 44 00 44.


Wat ass an den Noriichte lass? De Maurice Molitor erkläert. Foto: Bigstock / thaiicedtea

Noriichten

Lauschterenplay_arrow

Wéi ech de Moie fréi un den Noriichte geschafft hunn, koum op eemol en Text era geflattert (sou international Saache kréie mir jo geschéckt, vun Noriichten-Agencë wéi een dat nennt) ... an an deem Text stoung dran, datt méi wéi 1,8 Milliarde Mënschen op der Welt am Moment vun hire Politiker gesot kréien, si solle weg. doheem bleiwen. 1,8 Milliarden - dat sinn 1.800.000.000 Mënschen. Verréckt.

Du hunn ech mech gefrot, wéi vill Mënschen iwwerhaapt op der Welt liewen am Moment. Dat misst een am Fong wëssen, mee ech verhalen Zuele sou schlecht. Du hunn ech gemaach, wat een an deene Fäll mécht: gegoogelt. "Wie viele Menschen leben auf der Welt?" A Google huet mer do e Site uginn, dee wierklech interessant ass: countrymeters.info. Do gesäit een, zu wéi vill mer grad an dësem Moment hei um Planéit sinn.

Dee Compteur leeft dauernd virun, geet nëmmen erop. Ech hunn eng Kéier um 9:23 Auer opgeschriwwen, wéi vill Leit dee Moment op der Welt waren, an nach eemol um 9:33 Auer. An an deenen zéng Minutten ass d'Weltpopulatioun ëm 1.825 Mënsche gewuess op genee 7 Milliarden 784 Milliounen 910 Dausend an 169 Leit - also 7.784.910.169. Dee Moment, kuerz no hallwer 10, waren och schonn 170.000 Kanner op dësem 24. Mäerz op d'Welt komm, an - méi traureg - 66.000 Mënsche gestuerwen.

Mee wat mech, wéi gesot, jo am meeschten interesséiert huet, war erauszefannen, wéi vill Mënschen op der Welt liewen. Allez, ech ronnen et op: 7,8 Milliarden. A méi wéi 1,8 Milliarde dovu mussen am Moment doheem sëtze bleiwen a solle just minimal virun d'Dier. E Véierels vun der ganzer Mënschheet ass dat, dat muss ee sech emol virstellen. Et ass bal net ze gleewen. Wat esou e klenge Virus, deen een emol net ënner engem Mikroskop gesäit, awer net alles fäerdeg bréngt.


Mir schreiwen zesummen eng Geschicht. Foto: Bigstock / Mercigod

Mir schreiwen eng Geschicht

Wann s de esou eng Geschicht vu vir bis hannen erlieft hues, a wann et och nach esou eng ongleeflech Geschicht wéi déi heiten ass, da weess de net, wou s de solls mat erzielen ufänken, du weess net, genee, wat wichteg, wat net esou wichteg a wat ganz wichteg ass, du wëlls nëmmen näischt vergiessen, an du muss och nach oppassen, datt jiddweree versteet, wat s du mengs. Geschichte verzielen ass also ganz schéi schwéier ... mee ech probéieren et nawell, ech hu jo Hëllef.

Lauschterenplay_arrow

Meng Mamm

Also: alles huet mat menger Mamm ugefaangen. Jo, ech weess, wat dir elo denkt, mee sou wäit wëll ech guer net zeréck, nee, ech wollt soen, datt meng Mamm d'Iddi hat. Si ass komm, den Handy an der Hand, a sot: "Kuck hei, Sonni, ech hunn eppes fir eis!"

Ech heeschen eigentlech Sonja, dunn hu vill Leit Sonni gesot, dat hunn ech schéi fonnt, an op eemol sot meng Mamm Sunni, mat u, also e bësse wéi Sonn, dat hunn ech am schéinste fonnt.

Jo, si seet och dacks "fir eis", wann et am Fong eppes fir mech soll sinn. Oder anescht ausgedréckt, si kuckt ëmmer, datt si och eppes dervun huet, da seet si "et ass eng Win-Win-Situatioun, dat heescht flott fir mech a flott fir dech", oder esou.

Märercher? Eng Win-Win-Situatioun

An hir Win-Win-Situatioun war dës Kéier eng Kolonie vun zwou Wochen op der Schléiwemillen, mam Theema Märercher. Bingo, hunn ech geduecht, Märercher. "Mamm", sot ech, "Märercher ass voll langweileg, dat ass gutt fir kleng Kanner. Ech hunn elo eelef Joer, du kanns mech net méi wéi ee Meedchen aus dem Cycle 1 behandelen." An der Lescht hunn ech dat zimmlech dacks zu hir gesot.

"Ma da komm emol hei!", sot si an huet mir den Handy virun d'Nues gehal. An tatsächlech, an där Kolonie ass et drëms gaangen, Märercher modern ze verzielen, eigentlech eng langweileg Iddi, well jiddwereen dat mécht, deem näischt Bessers afält, mee da sollten d'Märercher och gespillt ginn a se sollte mam Handy gefilmt ginn a se sollte geschnidde ginn, a se sollten op YouTube gesat ginn. YouTube, wien dreemt schonn net dovun, ee voll krasse YouTuber ze ginn a vill Suen ze verdéngen?

"An?", sot si mat hirer Zocker-Feeë-Stëmm, déi benotzt si ëmmer, wa si sech hirer ganz sécher ass.

"OK!", sot ech, "mee so mer nach, wat bei dir erauskënnt!" Et muss een ëmmer fir kloer Verhältnisser suergen, fannen ech, dofir wollt ech net nëmme wëssen, wat ech vun der Kolonie hat, mee ech wollt och wëssen, wat fir si dobäi erauskéim.

"Zanter datt de Robert net méi bei eis wunnt, hat ech nach kee Moment fir mech. Et deet mir gutt, wann ech och e puer Deeg kann eppes fir mech maachen."

Meng Elteren

Dat huet mir ageliicht, ech si jo keen Onmënsch. Mee hei muss ech opklären: de Robert ass mäi Papp, awer meng Eltere waren net bestuet, dat heescht, wéi hien elo gaangen ass, si si net gescheet ginn, si hu sech getrennt. Mee eigentlech ass et egal, wéi et heescht, si wunnen net méi zesummen.

Hmm, fir mech ass dat dacks traureg, well ech verlaangeren no mengem Papp, wann ech bei der Mamm wunnen, an ech verlaangere no der Mamm, wann ech beim Papp wunnen, mee dacks ass et och flott, well heiansdo wunnen ech bei hir an heiansdo bei him, si versti sech ëmmer nach gutt, an esou ass dat Ganzt schlëmm, mee net esou schlëmm ... A jo, meng Mamm heescht Paula, dat hat ech vergiess ze soen, Paula, mee jiddwereen nennt si Paulchen. Dat fannen ech léif.

Déi grouss Vakanz

Ech muss mech zesummerappen, soss verzielen ech awer lauter Saachen, déi net wichteg sinn. Also, et ass Summer ginn, et ass waarm ginn, d'grouss Vakanz huet ugefaangen, d'Paulchen an ech hunn ugefaangen ze paken, ech fir d'Kolonie an der Schléiwemillen, si fir eng Woch Yoga a Bayern, "hëls du de Robert och mat?" hunn ech gefrot, "et ass just fir Fraen", huet si geäntwert, an ech wousst net, ob ech hir dat gleewe kéint.

Et waren ongeféier 15 Kanner, Jongen a Meedercher, op der Schléiwemillen, wéi mir mëttes um 16.00 Auer, als lescht, um Rendez-vous ukoumen, a mir kruten direkt eis Animatrissen, d'Julie an d'Jo an eis Animateuren, de Max an de Steph virgestallt, an éier mer op d'Zëmmere goungen, hu mir eis misse fir ee Märchen entscheeden.

Dat war dann automatesch eis Grupp, ech hu mech fir d'Aschenputtel entscheet, et gouf nach Rabonzel, de Gestiwwelte Kueder a Schnéiwittchen. Schnéiwittchen wollt keen, well kee wollt een Zwerg spillen, an esou si just dräi Gruppe gemaach ginn. Ech war also am Grupp Aschenputtel, net wierklech dee voll coolen Numm, mee du sot de Steph, mir kéinten eis och Cinderella nennen, an du war jiddwereen zefridden.

Ee modernt Aschenputtel

Direkt den éischten Owend hu mir ee Lagerfeier gemaach, oder besser, mir hunn dräi Lagerfeiere gemaach, all Grupp säint. Mir souzen zesummen, an eis Aufgab war et, fir den nächsten Dag ze iwwerleeën, wéi een d'Aschenputtel kéint moderniséieren.

Fir d'éischt goung et just ëm d'Kleeder, dono hu mir iwwerluecht, ob de Xavier Bëttel kéint de Prënz sinn, de Leandro huet de Cristiano Ronaldo virgeschloen, a mir hunn eis schliisslech op de Mark Forster gëeenegt.

A just éier mir sollte schlofe goen, hunn ech am Schäin vun de Lagerfeieren, déi elo lues a lues ausgaange sinn, d'Gestalt vun engem Jong erkannt, um Enn vun der Wiss, do wou de Bësch ugefaangen huet.

Ech si fir d'éischt zerguttst erféiert, a wéi ech dem Jo an dem Max d'Gestalt weise wollt, du war näischt méi ze gesinn. Sollt ech mech iere geiert hunn?


Wat maachen d'Spannen de ganze laangen Dag dann? Spannennetzer? An d'Ann Spann? Dat verréit eis d'Renée Weber, déi d'Buch mam Titel "D'Ann Spann an de Rolfi Raup" geschriwwen an och illustréiert huet. Mir héieren haut den éischten Deel: Ëmmer dat selwecht! Gelies vun der Autorin Renée Weber.

Lauschterenplay_arrow


Ee Feiersalamander. Foto: Bigstock / asafaric

Ginn et och gëfteg Déieren ze Lëtzebuerg? De Matti, néng Joer al, fënnt, datt dat e ganz spannend Theema ass fir eng Radiossendung. Da lauschtere mer, wat d'Carmen aus dem natur musée eis dozou ze soen huet.

Lauschterenplay_arrow

Carmen: So, Kanner, wann der Iech kéint en Theema eraussiche fir eng Radiossendung, wat géift der da proposéieren?

Matti: Gëfteg Déieren!

Carmen: Du mengs gëfteg Schlaange wéi d'Kinnekskobra mat hiren déidleche Gëftzänn, déi an Asie lieft?

Matti: Jo, oder d'Banannespann, déi heiansdo an de Banannekëschte sëtzt, déi aus Südamerika kommen.

Carmen: Oh, weess de Mattis, vun deenen Déiere fënns de genuch Grujelgeschichten op YouTube. Komm, ech erzielen der mol eppes vu gëftegen Déieren heiheem.

Matti: Wéi, ginn et bei eis och sou geféierlech Déieren?

Carmen: Nee, gëfteg Schlaange ginn et zu Lëtzebuerg keng! An d'Spanne sinn haaptsächlech geféierlech fir Insekten. Dofir hu se nämlech hir Gëftpëtzen, fir hir Beutedéieren, dat heescht aner Krabbeldéieren ze déiden an dann ze friessen. Déi berüümt, berüchtegt Kräizspann kënnt mat hire kuerze Pëtzen, déi se beim Mond huet, normalerweis mol net duerch eis Haut. Héchstens bei klenge Kanner, mee dat ass dann net méi schlëmm, wéi wann s de vun enger Mustik gepickt gëss.

Neierdéngs gëtt et zu Lëtzebuerg op waarmen, dréchene Plazen eng Spann mam schéinen Numm "Getëppelten Darfanger". Déi ass méi gëfteg, dat ka scho méi wéidoen, et kann ee Féiwer kréien, oder et gëtt engem schlecht. D'Chance, datt s de sou enger an der Natur begéins, ass awer ganz kleng! Mee deslescht hate mer e gëftege Gesell vu ganz no konnte bestaunen, kanns de dech nach erënneren, am Bësch bei de fiichte Fielsen? E schéint Déier, blénkeg schwaarz mat giel, sou laang wéi e Bic, véier Patten, de Bauch um Buedem an e laange ronne Schwanz.

Matti: Du mengs de Feiersalamander! Dee war cool ! Ech hätt en esou gären ugepaakt!

Carmen: Dat soll een awer net maachen! Hie warnt dech jo scho mat senge knallege Faarwen! Pass op: Gefor! Ech si gëfteg!

Matti: Grad wéi d'Harespelen och! Déi kënne jo picken, wa mer se net mat Rou loossen. Dat deet déck wéi!

Carmen: Jo, déi Erfarung hues de scho gemaach. Ass awer och net weider geféierlech, soulaang ee keng Allergie drop huet! Mee, zeréck bei eise Salamander: hie produzéiert op der Haut, um Réck a besonnesch op de Knuppen hanner den Aen e Gëft. Dat ka scho mol brennen, wann s de en upaaks.

Matti: Dat Déier heescht jo net fir näischt Feiersalamander!

Carmen: Eigentlech spiers de d'Wierkung vun deem Gëft awer eréischt richteg, wann s de d'Déier an de Mond hëls!

Matti: Bäehh

Carmen: Jo, e Reeër oder eng Kaz mécht dat och nëmmen eng Kéier! Da wëssen se, datt se de Salamander vun hirem Menü sträichen. D'Gëft op der Haut hëlleft awer och fir sech viru Bakterien a Pilzen ze schützen. D'Mouken an d'Onken - déi och zu den Amphibië gehéieren - hu grad esou Hautdrüsen, déi Gëft ausscheeden, fir sech géint Feinden a Krankheeten ze wieren.

Matti: Ginn et dann och gëfteg Mamendéieren?

Carmen: Ganz wéineg! Mee tatsächlech gëtt et esou en Déier bei eis: d'Waasserspëtzmaus. Dësen Insektefrësser huet Gëftdrüsen ënner der Zong, wa se zoubäisst, geet hiert Gëft an d'Beutedéier a läämt et. Dat mécht et der klenger Maus méiglech, méi grouss Déieren ze fänke wéi si selwer, z. B. e fette Fësch.

Matti: Oder kleng Kanner?

Carmen: Maach der do mol keng Suerg! Fir d'Mënschen ass déi knapps zéng cm kleng Spëtzmaus absolut ongeféierlech. Och fir kleng Kanner.

Carmen Greisen / Service éducatif / natur musée / cgreisen@mnhn.lu / 462233428