Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch am Atelier

Moud

Op Besuch am Atelier

Wie sinn iwwerhaapt d'Mënschen, déi hannert der Kreatioun vun eise Kleeder stiechen, déi eis am Alldag begleeden? E Besuch an den Ateliere vun zwee selbststännege Moudendesigner, déi sech hei zu Lëtzebuerg etabléiert hunn, der Laurie Lamborelle an dem Ezri Kahn.

auto_stories

5 min

De belsch-israelesche Moudedesigner Ezri Kahn schafft zanter 2013 zu Lëtzebuerg a konzentréiert sech a senger Aarbecht haaptsächlech op Luxus-Kleeder, déi vun him op Mooss geschneidert ginn.

Hie schaaft Kleedungsstécker fir Fraen, well déi sech méi traue géife wéi Männer. An dat géif d'Aarbecht fir Moudedesigner méi interessant maachen. Mee den Ezri Kahn gesäit sech éischter als Schneider wéi als Kënschtler: Seng Kleeder wieren zäitlos, well seng Cliente se och méi wéi eng Saison droe kéinten.

Grouss Qualitéitsënnerscheeder

Den Designer schafft och gär mat Mouvementer an interesséiert sech fir Danz a Skulptur. A virun allem d'Moud vun "Dior" aus de Joren 1930 an 1940 hunn him et wéinst den einfache Strukturen ugedoen. Un de Kierper vun haut misst hien déi Iddien awer adaptéieren, well d'Silhouettë sech geännert hätten an d'Leit wiere méi trainéiert gebaut.

Duerch de weltwäite Marché wier et ëmmer méi schwéier gutt Stoffer ze kréien. Fir hie wier et ëmmer schwéier Fournisseuren ze fannen. Am léifste schafft hie mat englescher Woll. Wéinst der Qualitéit, awer och well een déi a méi klenge Quantitéite kafe kann. Seid fënnt hien och gutt fir ze schaffen, mä et wier een Ënnerscheed, ob déi zum Beispill aus Indien oder Italien kéim. Stoff vu gudder Qualitéit kéint een intensiv verschaffen, ouni datt dat eppes ausmécht.

Am Ezri Kahn sengem Atelier.

Kommerziell, mä trotzdem kreativ

D'Laurie Lamborelle huet an der Stad um Belair hiren Atelier. D'Lëtzebuergerin huet Moud- a Schnëttdesign zu Antwerpen an um London College of Fashion studéiert. Duerno koume Stagen an de Studioe vun ënnert anerem dem Hussein Chalayan an AF. Vandevorst.

Zanter 2011 ass d’Laurie Lamborelle selbststänneg Moudendesignerin hei am Land. Zejoert huet si hir éischt Kollektioun erausbruecht. Obwuel d'Kleeder duerno fir de Verkaf bestëmmt sinn, gesäit si hir Aarbecht als eng artistesch.

"Du fänks un dir iergendwéi Saachen ze sichen, Saachen déi dech interesséieren a schöpfs dorausser. Ob dat elo Schnëtter sinn oder verschidde Manipulatioune vu Stoffer. Du setz eigentlech ee Gefill oder eng Stëmmung ëm a Kleeder also däi Medium si Kleeder oder ee Stil deen s du versichs ze kreéieren an dat entsteet jo net einfach esou."

Fir d’Laurie Lamborelle ass d'Aarbecht vun engem Moudedesigner net reng Business-orientéiert, och wann dëst een Deel vum Metier wier. Dat kommerziellt ass dacks net wäit vum kreative Prozess ewech.

Och si ass, genee sou wéi den Ezri Kahn, staark vum Danz beaflosst. Musek an Danz komme fir si aus enger Intuitioun an dat géif si probéiere wéi ee roude Fuedem an hir Aarbecht eranzebréngen. Och d'Luucht géif si immens uschwätze well déi, och an der Architektur an an der Molerei géife benotzt ginn.

Eng haart Branche

Zu Lëtzebuerg wier et net einfach fir an dëser Branche z'iwwerliewen, mengt d'Laurie Lamborelle. Eegestänneg Moudedesigner wieren éischter rar. Et géif kee grousse Marché dofir an deemno och keng Firme mat deenen ee kéint zesumme schaffen. Si wéilt awer net mat enger eegener Entreprise bei Banke Sue léine goen. Eng Opportunitéit fir Suen ze verdéngen ass fir d'Laurie Lamborelle, genee wéi fir den Ezri Kahn, Kostümer fir Theater- an Danzspektakelen ze kreéieren.

Déi meescht Designer am Grand-Duché géifen haaptberufflech an enger anerer Branche schaffen, bedauert den Ezri Kahn. Well hien dat schued fënnt, huet hie sech mat aneren Designer zesumme gedoen, fir Nowuess-Designer ze hëllefen. "Fir d'Situatioun e bësse bougéieren ze doen hei zu Lëtzebuerg. Ech sinn zwar elo schonn 48 Joer al an et ass virun allem fir déi Jonk, fir dass déi net just am Ausland bleiwen."

Et misst een och méi Formatiounen am Design-Beräich ubidden. Den Ezri Kahn mengt, dat sollt hei am Land net anescht funktionéiere wéi zu Paräis oder an der Belsch: Leit kéinten aus dem Ausland komme fir Workshoppen unzebidden. Hie selwer géif och Coursen ubidden. Obwuel d'Branche am Moment net sou staark vertruede wier, hätt Moudedesign awer seng Plaz hei am Land.

Beim Laurie Lamborelle am Atelier.

D'Leit sensibiliséieren

D’Moud gëllt als eppes Vergängleches. D’Laurie Lamborelle an den Ezri Kahn gesinn hir Moud als zäitlos a positionéiere sech baussent der kommerzieller Moudebranche. D’Laurie Lamborelle géing gär d’Leit op Design an der Moud an déi präzis Kreatiounsaarbecht sensibiliséieren.

"Wat mir e bësse feelt ass ee Verständnis. Et ginn déi grouss Marken, déi et an der Stad op all Eck ginn an dat fannen ech eben e bësse Schued, dass do ganz vill Sue gelooss ginn an dass déi Handaarbecht, déi mir eigentlech maachen, do sinn d'Leit ëmmer e bësse schockéiert wann een hinnen ee Präis seet."

Am Léifste géif si d'Leit dowéinst invitéieren, hir eemol vum Ufank bis zum Schluss vun esou engem Aarbechtsprozess iwwert d'Schëller ze kucken. Well vläit géif d'Aarbecht dann nees méi geschat ginn.