Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Opwuessen ouni Wëndelen

Eltere sinn an d'Erzéiung vum Kand

Opwuessen ouni Wëndelen

Ëmmer méi Elteren ginn op de Wee, hire Puppelchen ouni Wëndelen ze erzéien. Dat huet dee flotten Nieweneffekt, datt ee manner Offall produzéiert an donieft och nach eppes fir d'Ëmwelt mécht. Mee dorëms geet et an éischter Hisiicht net, wann ee seng Kanner fréi dru gewinnt, keng Wëndel ze benotzen.

auto_stories

4 min

Et geet virun allem dorëms, mat sengem Bëbee ze kommunizéieren, seet d'Sandy Girotto, Mamm vu véier Kanner, Doula a Wëndelfräi-Beroderin vun Naturinstinkt. Et wier wichteg, d'Signaler vum Bëbee ze kennen.

"D'Zill ass déi Kommunikatioun tëschent den Elteren an dem Bëbee an d'Vertrauen, dat de Puppelche kritt. E léiert, datt seng Eltere wëssen, wat seng Bedierfnesser sinn, an datt si och drop aginn."

An eiser Gesellschaft wier an deem Beräich d'Kommunikatioun tëschent den Elteren an de Puppelcher verluer gaangen, bedauert d'Sandy Girotto. Mee a ville Kulturen op der Welt géifen d'Bëbeeën ouni Wëndelen opwuessen.

Méi eng intensiv Kommunikatioun

D'Mamm vu véier Kanner hätt och selwer fir d'éischt missen drop opmierksam gemaach ginn, datt et esou eppes wéi wëndelfräi Erzéiung iwwerhaapt gëtt.

"Bei mengen dräi éischte Kanner hat ech Wëndele fir ewech ze geheien. Eréischt bei deem véierte gouf ech duerch eng Frëndin drop opmierksam gemaach. Dat huet direkt immens gutt geklappt. Ech hu gemierkt, datt vill Bëbeeën an der Nuecht net ëmmer kräischen, well si Honger oder Bauchwéi hunn, mee well si mussen op d'Toilette goen."

Duerch eng wëndelfräi Erzéiung kann also och d'Bezéiung tëschent den Elteren an dem Kand verstäerkt ginn, well eng vill méi intensiv Kommunikatioun tëschent hinnen ass. Wie säi Bëbee iwwer de Potti hält kann all kéiers e Wuert, wéi Pippi oder Kacka benotzen, wat dann an deem Moment als Schlësselwuert déngt.

D'Sandy Girotto ass Mamm vu véier Kanner, Doula a Wëndelfräi-Beroderin

Scho mat sechs Méint huet der Sandy Girotto hire Bouf, wéi si seet, sech dann och iwwer d'Sprooch kënnen äusseren a sengen Elteren matdeelen, datt hien op d'Toilette muss.

"Et gi verschidde Schlësselmomenter"

Mee wéi mécht een dat, fir säi Kand un de Potti ze gewinnen? Am beschte fänkt een direkt no der Gebuert u mat sengem Kand ze üben. An do ginn et verschidde Schlësselmomenter, op déi ee sech ka fixéieren.

"Nom wakereg ginn oder nom drénken, mussen déi meescht Bëbeeën op d'Toilette goen. Eise Bëbee huet bei eis am Bett geschlof. Wann en an der Nuecht wakereg ginn ass, hunn ech en iwwer de Potti oder d'Schossel gehalen, deen och an eisem Zëmmer stoung. Duerno hunn ech en nees an d'Bett geluecht, zougedeckt an en huet weidergeschlof. Et ass an der Nuecht ni virkomm, datt säi Bettchen naass war."

De Virdeel vun der Wëndel-fräier Erzéiung ass et och, datt d'Kand manner Hautproblemer kritt, well sech natierlech an enger voller Wëndel den Urin an de Stull sammelen an den Intimberäich vum Bëbee kënnen irritéieren, och wann dat an deene meeschte Fäll net iwwer eng länger Zäit ass.

Mee och eng Wëndel-fräi Erzéiung ass kee Garant fir Hautirritatiounen oder Ausschlag ze evitéieren, den Heelungsprozess ass awer vill méi séier.

Gëtt de Rhythmus vum Bëbee respektéiert?

Net jiddwereen ass vun der Wëndel-fräier Erzéiung iwwerzeegt. Kritiker soen, datt een d'Kanner ze séier géif un de Potti gewinnen a si net an hirem Rhythmus ze respektéieren. Wat äntwert d'Sandy Girotto, Wëndelfräi-Beroderin de Géigner vun dëser Method?

"Ech soen de Leit ëmmer, si sollen dat Ganzt ouni Stress ugoen. Et geet net drëm eng gëlle Kroun ze gewannen, wann een net vill Wëndele gebraucht. Et geet grad drëm, duerch eng gutt Kommunikatioun, de Stress erauszehuelen. Heiansdo geet et an d'Box an dat ass och net schlëmm."

Et misst ee säin eegene Rhythmus an dee vu sengem Kand fannen.

"Da geet dat net géint d'Besoine vum Kand, mee mat senge Besoinen."

Bei der Wëndel-fräier Erzéiung soll ee sech och net mat anere vergläichen, esou nach d'Sandy Girotto vun Naturinstinkt. Mee jiddweree misst, zesumme mat sengem Kand, deen eegene Wee an déi eegen Technike fannen.