Dräi Véierel vun de Patiente fir Orthopédie dento-faciale hei am Land wiere Kanner. Dat seet d'Tresorière vun der Vertriedung vun den zoustännegen Dokteren hei am Land, d'Isabelle Schaack. An déi kleng Patiente géifen net just aus ästhetesche Grënn behandelt ginn. Et géif Fäll an deenen de Kifer esou kromm wier, datt déi Betraffen de Mond net méi richteg kéinten zoumaachen. Verschiddene Leit missten duerch de Mond ootmen, well et anescht net méi géif goen, seet d'Doktesch Isabelle Schaack. Anerer hätten asymmetresch Kifermuskelen, déi spéider fir Problemer suerge kéinten. An der concernéierter Etüd géifen déi Problemer awer guer net ernimmt ginn.
Verschidden Auswierkungen nach net genuch ënnersicht
D'Etüd, déi déi däitsch Regierung an Optrag ginn huet, beleet, datt kiferorthopedesch Behandlungen, zum Beispill duerch eng Zännspaang, zwar erfollegräich Zänn riichten an an déi richteg Positioun brénge kann, an datt dat sech positiv op d'Liewensqualitéit vun de Patienten auswierkt. D'Auswierkungen op Zännausfall, Karies-Risiko a Paradontos vun esou Behandlunge wier bis elo nach net genuch ënnersicht. Déi Observatioun erstaunt d'Isabelle Schaack. Wann ee seng Zänn net wäsche kéint, da kréich ee fréier oder spéider Karies. Mee d'Orthodontie hätt Auswierkungen op esou vill méi.
Krankekeess rembourséiert nëmmen a medezinesche Fäll
D'Krankekeess kéim nëmme fir déi kiferorthopedesch Behandlungen op, déi een noweisbare medezineschen Zweck hunn, esou nach d'Doktesch Isabelle Schaack. Déi Behandlungen, déi virum Alter vun 18 Joer ugefaange ginn, gi vollstänneg rembourséiert.