Radioen

On air

Espresso Beats  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parkinson-Fuerschung zu Lëtzebuerg

Medezin

Parkinson-Fuerschung zu Lëtzebuerg

Den FNR investéiert weider sechs Milliounen Euro an d'Fuerschung vu Parkinson. Déi éischt Resultater si villverspriechend: et konnt eng Aart Signatur am Daarm fonnt ginn, déi typesch fir Parkinson ass.

auto_stories

3 min

  • De Fonds National de la Recherche investéiert bis 2023 weider sechs Milliounen Euro an d'Parkinson-Fuerschung.
  • An enger éischter Phas goufe schonn 8,3 Milliounen Euro investéiert; et konnt eng Aart Signatur am Daarm fonnt ginn, déi typesch fir Parkinson ass.
  • D'Zuel vun den Parkinson-Patiente soll sech an den nächsten 20 Joer verduebelen.

Fir de Prof. Dr. Rejko Krüger, Koordinator vum National Center of Excellence in Research on Parkinson's Disease, war déi éischt Phas ganz erfollegräich: et ass gelongen eng Signatur, eng Aart Fangerofdrock am Daarm ze fannen, déi typesch fir Parkinson ass. Iwwer 1.400 Leit hätten an der éischter Phas vun der Fuerschung deelgeholl, dat wier e gutt Resultat fir déi ganz Equipe.

Fir déi zweet Phas hofft een eng Heelung fir déi verschidde Krankheetsbiller vu Parkinson ze fannen. Et géif ee kuerz virun der Entwécklung vu spezialiséierten Therapië stoen, seet de Prof. Dr. Krüger. "Fir mech als Neurolog ass dat extrem opreegend", seet hien. Virun 20 Joer hätt een deen éischte Gen fonnt, a mëttlerweil géif et Medikamenter fir déi verschidden Ënnergruppéierunge vu Parkinson ginn.

Ëmmer méi Leit betraff

D'Erfuersche vu Parkinson ass enorm wichteg: an 20 Joer soll sech d'Zuel vun de betraffene Patienten verduebelen. Dat géif op den éischte Bléck dramatesch ausgesinn, mee et wier awer och erfreelech, datt d'Mënschen ëmmer méi al ginn. Mam héijen Alter géif de Risiko, u Parkinson ze erkranken, an d'Luucht goen.

De Prof. Dr. Krüger geet dovunner aus, datt et och Ëmweltfacteure ginn, déi bei Parkinson matspillen. D'Fuerschung géif weisen, datt beispillsweis Pestiziden, wéi se am Wäibau agesat ginn, d'Krankheet zwar net ausléisen, mee se awer begënschtegen. D'Mënsche géife sech och schlecht ernären an ze wéineg Ballaststoffer zu sech huelen. Dës géifen awer den Daarm schützen an dofir suergen, datt Gëftstoffer net esou liicht vum Daarm an d'Blutt iwwertrieden.

Eng international Visibilitéit

Duerch d'Kooperatioun vu fënnef verschiddene Lëtzebuerger Gesondheetsinstituter hätt dës Fuerschung eng grouss national an international Visibilitéit, seet de Fuerscher. Et wier ee Pionéier an deem Beräich.

Den interdisziplinäre Charakter vun dësem Projet war fir den FNR eng ganz nei Erfarung, seet de Marc Schiltz, Generalsekretär vum FNR. No nëmme véier Joer wier d'Studie schonn ënner de siwe Prozent vun de gréisste Parkinson-Kohorte weltwäit. En zentralen Faktor dofir wier, datt Parkinson-Patienten direkt an d'Fuerschung mat abezunn ginn, andeems si iwwer e laangen Zäitraum eemol am Joer ënnersicht ginn.

Déi international Resonanz spieren och Medezinsstudenten wéi d'Silvia Bink. Duerch Projete wéi dëse wier et fir jonk Leit, déi grad fäerdeg mat der Uni ginn, attraktiv fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, seet si. Als Beispill nennt si Dokteren, déi hir Spezialisatioun an der Neurologie wéilte maachen, mee parallel och Fuerschung maache wëllen, oder och Leit, déi hire Studium an der Neuropsychologie fäerdeg gemaach hunn. Dat hätt et virdrun an deem Stil zu Lëtzebuerg net ginn, seet si.