Radioen

On air

Notturno  |  The Stooges - I Wanna Be Your Dog

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patienten ouni Grenzen

Mäin Europa

Patienten ouni Grenzen

Patienten dierfe sech an aneren EU-Memberlänner medezinesch behandele loossen. Wie rembourséiert d'Dokteschkäschten a wéini muss ee fir eng Behandlung am Ausland d'Gesondheetskeess fir d'éischt consultéieren? Wéi gesäit et fir Frontalieren aus? A wéi eng Prestatioune kënnen Zousazversécherungen ubidden?

auto_stories

2 min

Am medezinesche Beräich gëllt och de Prinzip vun der fräier Zirkulatioun vun de Patienten an der EU, mat abegraff ass hei och Liechtenstein.

Europäesch Jurisprudenzen

Am Abrëll 1998 koum et mam Arrêt vum Europäesche Geriichtshaff an der Affär Decker/Kohll zu enger Zort Revolutioun. Den Nicolas Decker an de Raymond Kohll hate géint d'Lëtzebuerger Krankekeess geklot, well déi de Remboursement vun engem Brëll refuséiert huet, deen am Ausland kaf gi war.

Am zweeten Dossier goung et ëm eng Behandlung bei engem Orthodontist am Ausland. D'Gesondheetskeess hat deemools de Remboursement refuséiert, mam Argument, datt et zu Lëtzebuerg déi selwecht Prestatioune géife ginn.

Aner europäesch Jurisprudenzen hunn de Prinzip vun der fräier Zirkulatioun vun de Patiente gestäerkt. Schlussendlech goufen déi Prinzippien an enger europäescher Direktiv 2011 verankert.

Am Arrêt Decker Kohll goung et ëm déi ambulant Behandlung bei engem Dokter, also ouni Hospitalisatioun. Dee Prinzip gëllt och haut nach, mee mat enger Restriktioun, wann deier Apparater musse genotzt ginn. Bluttanalyse musse grad wéi zu Lëtzebuerg vun engem Dokter verschriwwe ginn.

Hospitalisatioun am Ausland

Bei enger Hospitalisatioun gesäit dat aneschters aus. 2018 hu ronn 15.600 Persounen esou een Transfert an d'Ausland bei der Gesondheetskeess ugefrot, dovunner goufen eng 1.000 refuséiert.

Eng prealabel Autorisatioun brauch een och fir eng geplangte stationär Behandlung, eng Kuer oder eng Rehabilitatioun am Ausland. An der EU ginn et ënnerschiddlech sozial Systemer. Zu Lëtzebuerg sinn d'Dokteren all konventionéiert, an do stinn d'Tariffer fest. An Däitschland ginn et privat a konventionéiert Dokteren an do muss een extrem oppassen, seet de Georges Clees, Spriecher vun der Patientevertriedung

Och wann een decidéiert bei ee privaten Dokter ze goen, esou hätt een awer Interêt drun eng Autorisatioun vun der CNS unzefroen. Verschidde Prestatairen hu spezifesch Konventioune mat der CNS, esou de Fabio Secci, Direkter vun der CMCM, der Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste.


Wéi awer ass et, wann een am Ausland ass an et muss ee stënterlech an d'Klinik? Lauschtert de ganze Reportage vum Carole Schimmer, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.