Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Sebastian Bach - Suite a Si bémol Mineur, BWV. 1067, VII. Badinerie - Carlo Jans (Flütt), Latvian Philharmonic Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paul Heber: D'Expo "All we need" war den Impuls

SOT EMOL

Paul Heber: D'Expo "All we need" war den Impuls

Am Kulturjoer 2007 war de Paul Heber an d'Expo "All we need" wou den humanitäre Volet touchéiert gouf, hie selwer hat schonn eng gewësse Sensibilitéit dofir. A wou d'UNICEF ee gesicht huet, huet hie sech gemellt a gouf geholl.

auto_stories

3 min

D'Sensibilitéit fir dee Beräich war do, an de Paul Heber kritt och dacks gesot en hätt e "Helfer-Syndrom". Et gëtt een awer mat Situatioune konfrontéiert déi schwéier ze verschaffen och wann een zu Lëtzebuerg meeschtens dach Distanz huet an awer.

"Ech erënnere mech un eng Geschicht, 2013 ware mer an der an der zentral-afrikanescher Republik, do war grad e Coup" geschitt, do haten d'Rebellen d'Haaptstad ageholl, et gouf kee ënnen a keen uewen, et war alles e bësse méi rau, do hate mer och emol e Maschinnegewier am Genéck op der Plaz. Mä wann s de dann awer och mat deene Kanner geschwat hues, déi Kannerzaldote waren, déi ware jo dann Affer an Täter gläichzäiteg. Wat déi erlieft, dat war déi éischte Kéier a mengem Liewen wou ech mat 13-14-järege geschwat hunn, wou s de gemierkt hues, déi an den Aen einfach keng Zukunft méi gesinn hunn, déi Ae waren dout."

Famill, Lafen a Gittar

Et ass wichteg datt een, wann en am humanitäre Beräich wéi de Paul Heber schafft, sech ressourcéiere kann, wat natierlech an der leschten zwee Joer sécher wéinst der Ofwiesslung net den einfachsten Exercice war. Mä dem Nowuess, an dat war sécher e positiven Effekt vun der Pandemie, konnt de Paul Heber ganz vill Opmierksamkeet ginn.

"Do verbréngen se ganz vill Zäit mat deem Klengen(...) D'Familljeliewen ass ganz grouss, dat ass ganz flott an et gëtt engem och ganz vill."

A wann nach Zäit iwwreg war dann hu se an der Famill Heber och vill Sport gemaach

"Du mierks am Fong wéi e gudden Ausgläich dat war wann s de et net méi esou vill méchs. Ech sinn ëmmer gär gelaf, net datt ech e gudden Leefer sinn, et war et ni a wäert et och ni ginn, mä ech hunn et ëmmer gär gemaach. An ech hunn och iergendwann eng Kéier, dat wäerten elo 10 Joer sinn, an d'Musek eran ze kommen an hu Gittar gespillt a geléiert."

Eng Sammelpassioun sinn al Videospiller

Et ass vill Nostalgie déi bei deem Sammele vun deenen ale Videospiller mat spillt. Et fillt ee sech a seng Jugend zeréck versat, wou, wéi ee gäre seet, d'Welt nach e bësse méi einfach war.

"Ech si grouss gi mat där ganzer Nintendo-Zäit, dat war dann dat ganzt "Gemarios", muss een derbäi soe meng Videospiller si wierklech soft, ech konnt deemools schonn näischt ufänke mat deene "Baller-Baller-Spiller". A wann ech dann emol zéng Minutten doran verbréngen da wëll ech gären eppes wat einfach ass, wat net frustréierend ass a wat net onbedéngt méi stresseg ass wéi den Alldag dee mer hunn. Dat heescht ech hunn da léiwer de Mario spréngt dorëmmer an et si vill Faarwen derbäi, wéi dat ech iergendeppes hunn dat genee esou ausgesäit wéi e Coursespill op der Strooss, dofir kann ech virun Dier goen, dat ass net esou meng Welt, ech sinn do éischter "Friede, Freude, Eierkucken", fir vill vu menge Kolleegen deemools vläicht e bëssen ze vill soft!"