Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pompjeesmusée zu Nidderwolz

Iwwer Bierg an Dall

Pompjeesmusée zu Nidderwolz

Hanner dem Pompjeesmusée zu Nidderwolz sti sechs Pensionnairen, déi mat vill Enthusiasmus an Engagement de "Pompjeesmusée an der Géitz" verwierklecht hunn. De Musée erzielt d'Geschicht vum Feier läschen hei am Land.

auto_stories

2 min

Virun zwee Méint, kuerz nom Confinement, huet zu Nidderwolz de Pompjeesmusée seng Dieren opgemaach. Nodeems laang iwwer esou e Musée geschwat gouf, hu véier Pensionäre sech dozou engagéiert fir an engem ale Pompjeesbau zu Nidderwolz dee Musée opzemaachen.

D'Iddi fir dee grousse Pompjeesmusée ass viru ronn 20 Joer gebuer, mee ni aus den Ae verluer gaangen. Geplangt war ufanks e grousse Musée mat den Administratioune Police, Douane a Post. Dee Projet huet sech awer ni realiséiert. Duerch Zoufall huet d'Gemeng Wolz dem Verband eng al Kasär zur Verfügung gestallt, fir e symboleschen Euro.

Projet vun Enthusiasten a Sponsoren

Enn 2018 hunn d'Sanéierungsaarbechte ugefaangen, an eegener Regie, mat Hëllef vun treie Sponsoren.

Den 21. Dezember 2019 gouf dunn ee Veräin gegrënnt mam Numm: "Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz". De Veräin ass Member vum Pompjeesverband a krut zur Aufgab sech ëm d'Gerance vum Pompjeesmusée ze këmmeren. D'Federatioun hätt am Ganzen 150.000 Euro an de Projet investéiert, extern Firmen nach emol 200.000 Euro, de Staat oder d'Gemeng hunn de Projet net ënnerstëtzt, seet de Patrick Juncker, President vum Comité vun de Frënn vum Pompjeesmusée an der Géitz.

Den Eyecatcher vum Musée steet direkt an der Entrée. Ee Won aus dem Joer 1931. De Musée kann op Echangë vun Ausstellungsmaterial zielen, well Lëtzebuerg och am Weltverband vun de Pompjeeë vertrueden ass. D'Pompjeeë vu Biekerech hunn dem Musée iwwerdeems 190 Miniaturween zur Verfügung gestallt.

Edukativen Eck mat engem Demo-Brandschutzhaus

De Pompjeesmusée huet och eng pedagogesch Offer fir Kanner op Noutfall-Situatiounen ze sensibiliséieren, esou e Patrick Juncker. "Mir wëllen och Schoulklassen am Musée empfänken, dat hu mir als Test gemaach fir Feedback ze kréien an haten Succès domadder."

Op zwee Stäck verdeelt gëtt et iwwerall eppes ze gesinn. Vu Feierläscher iwwer Uniformen, Medailen, Gasmasken, Réier, Seeler a Protektiounsmaterial, esouguer eng authentesch Siren.