Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychoaktiv Substanzen an hir Geschicht

Drogen a Mënschen

Psychoaktiv Substanzen an hir Geschicht

Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Verschidde Substanzen, wéi zum Beispill Béier, sollen am Prozess Richtung Zivilisatioun dozou geféiert hunn, datt d'Mënsche sech niddergelooss hunn. Vill vun eise moderne Medikamenter si mat Hëllef vu psychoaktive Stoffer entstanen. An awer: Drogen hunn haut gréisstendeels e schlechte Ruff.

auto_stories

8 min

Drogen an d'Kontexter, an deem si consomméiert ginn, hu sech iwwer d'Joren ëmmer nees verännert (Foto: Bigstock / monticello)

Op d'Fro, wisou dat esou ass, gëtt et net déi eng richteg Äntwert. Mee, wéi esou dacks, ginn et vill verschidde Facetten. Eng kéint aus enger falscher Iddi eraus sinn, de Mënsch hätt e rengt Liewen oder: en eniichtert Bewosstsinn, esou de Robert Feustel. Hien huet virun aacht Joer op der Universitéit zu Leipzig un der Fakultéit fir Sozialwëssenschaften a Philosophie zum Theema: "Grenzgänge. Kulturen des Rauschs seit der Renaissance" promouvéiert a schafft op der Universitéit zu Jena.

Fir den däitsche Politikwëssenschaftler a Publizist kann ee Rausch a Vernonft net einfach esou an Kategorien opdeelen. An der ganzer Geschicht vum Verbuet vun Droge géif immens vill Zweedeitegkeet drastiechen.

"An vielen Stellen kann man relativ genau beschreiben, dass die Aversion gegen Drogen eher mit einem rassistischen Minderheitenblaming zu tun hat. In den USA zum Beispiel gibt es die Opiathöhlen, da werden chinesische Minderheiten massiv ausgegrenzt. Verschiedene Leute werden sozusagen aus dem Gesellschaftskörper ausgestossen und als die Anderen dargestellt. Und seither hat sich eine ganze Kette von Falschbehauptungen, von falschen Suchttheorien entwickelt. Häufig hab ich den Eindruck, dass sozusagen die ganze Drogenpolitik im Prinzip ein grosses Ablenkungsmanöver ist, um von den eigentlichen politischen Problemen, auch von den Problemen des Kapitalismus, abzulenken."

An den 1960er Joren hu gesellschaftlech Konflikter dozou geféiert, datt een op eng repressiv Manéier géint Cannabis an LSD virgaangen ass. Mam Zil d'Géigekultur kleng ze halen an zum Beispill d'Hippien auszegrenzen, bei deenen de Konsum vun dëse Substanze verbreet war. Hei si Gesellschaftsmodeller unenee gestouss.

Repressiv Drogepolitik: d'Géigekultur kleng halen

Droge kënnen deemno och politesch sinn. Et misst een sech och ëmmer d'Fro stellen, ob et an der Drogendiskussioun tatsächlech ëm d'Drog per se geet, oder ob eigentlech eppes anescht dohannert stécht, well den Ament géif jo och keen iwwer d'Ofschafung vum Oktoberfest zu München diskutéieren.

"Was eine riesige Drogenveranstaltung ist, weil die Leute saufen halt."

All Joer belästege Mënschen ënner vill ze vill Alkoholafloss anerer sexuell, ginn aggressiv a zerklappen sech, oder lande mat Häerzattacken oder Alkoholvergëftungen am Spidol. Alkohol ass medezinesch gesinn eng schwiereg Drog - awer eben eng legal.

"Wann een iwwer d'Tabuen an Droge schwätzt ass Alkohol net direkt mat enger Drog associéiert. Et schwätzt een och dacks vun 'Alkohol an aner Drogen', esouguer an de wëssenschaftlechen Artikelen. Mee Alkohol huet schonn e gewëssene Stellewäert, deen ebe mat eiser Kultur a mat eiser Gesellschaft ze dinn huet. Dat gëtt u sech net a Fro gestallt. Mee d'Noutwendegkeet, doriwwer ze schwätzen ass schonn do," seet de Carlos Paulos vun der Lëtzebuerger Initiativ Pipapo.

Eng vun hire Missiounen ass et, Konsumenten iwwer den Ëmgang mat psychoaktive Substanzen a méiglech Risiken, déi domat verbonne sinn, opzeklären.

"Eng drogefräi Welt ass et nach ni ginn a wäert et och ni ginn," seet de Robert Feustel

Drogen a Rausch am historesche Kontext

Drogen an d'Kontexter, an deem si consomméiert ginn, hu sech iwwer d'Joren ëmmer nees verännert. An der fréier Neizäit hu Rausch an Droge vill mat enger reliéiser Uerdnung ze dinn: Si gi vu Mënsche consomméiert, déi fir Hexe gehale ginn, mee awer och vun Hellegen.

An der Moderne am 18. Joerhonnert verännert sech dat: Drogen a Rausch hänken hei vill mat Wansinn zesummen, mat Hëllef vun Droge gouf medezinesch versicht de Wansinn ze erfaassen. Parallel dozou géif an der Romantik Rausch als den eigentleche "Sinn des Seins" ugesi ginn, seet den däitsche Politikwëssenschaftler Robert Feustel.

"Das geht bis in die Moderne, bis zum LSD in die 1968er Kultur rein, wo Rausch oder Drogenkonsum ein Widerstandsmoment ist. Die Drogengeschichte ist sehr vielfältig und häufig kann man anhand von Diskussionen zu Drogen ganz gut sehen, wie der Stand der jeweiligen Zeit ist. Es spiegelt sozusagen ein Stück weit die jeweilige Gegenwartskultur."

Am Laf vum 19. Joerhonnert entwéckelt sech en Denk-Zesummenhang, deen dräi Begrëffer matenee verbënnt:

"Drogen, Sucht und Probleme oder Drogen, Probleme und Sucht. Die Reihenfolge kann man auch tauschen."

E bëssen iwwerspëtzt ausgedréckt, kéint ee soen, datt sech en Denk-Zesummenhang entwéckelt, deen dovun ausgeet, datt Drogen am Prinzip ëmmer schlecht wieren. Dat, well si süchteg maachen an d'Sucht automatesch zum Ënnergang vum Mënsch féiert, esou de Robert Feustel.

"Von da an blicken moderne Staatlichkeiten, moderne Staaten und Behörden zusammen mit der Medizin sehr kritisch auf alle möglichen Stoffe, die irgendwie mit Menschen Dinge tun."

Dat war virun e puer Honnert Joer nach ganz anescht: haart Drogen, wéi Heroin, Kokain oder Morphium waren Deel vun der eegener Hausapdikt an dat géint den Houscht, fir d'Nerven oder géint de Wéi. Ouni Zweiwel si vill vun eise Medikamenter grad aus dëse Stoffer entstanen an hunn och eis Medezin revolutionéiert.

Fuerschung mat an un Drogen

D'Tabuiséierung vun den Drogen huet awer och dozou geféiert, datt opgehale gouf un a mat Drogen ze fuerschen. E modernt Beispill ass den Lysergsäurediethylamid (Däitsch), kuerz och LSD oder Acid.

Entdeckt gouf déi syntheetesch Drog LSD duerch de Schwäizer Wëssenschaftler Dr. Albert Hofmann. An zwar duerch Zoufall beim Versuch eng Substanz ze synthetiséieren, déi de Kreeslaf stimuléiert. LSD spillt zemools an der Psychiatrie eng Roll, well et d'Fuerschungshypotheese gëtt, datt ee mat Hëllef vun LSD dem Krankheetsbild vun der Schizophrenie op d'Spuer komme kéint. Et hätt e groussen Interessi, och vun der Fuerschung ginn, doriwwer méi erauszefannen.

"Und dann kommen die 1960er Jahre. Vor allem die US-amerikanische Politik macht maximal Wind gegen die Counterculture (Géigekultur) und auch damit beschäftigt LSD zu dämonisieren, es zu verbieten und tatsächlich auch gefälschte Forschungsberichte zu produzéieren."

Deemno géif LSD Degeneratiounsprozesser ausléisen. "Da gibt es ziemlich viel ziemlich ekliges Zeug was da passiert ist," seet de Robert Feustel.

Acid kann awer och negativ Konsequenze fir d'Konsumente mat sech bréngen, dorënner Otemstéierungen, Häerzklappen, Panikattacken, a seelene Fäll kënnen och Psychosen ausgeléist ginn, virun allem bei deenen, déi och psychotesch veranlaagt sinn.

Zanter dem Joerhonnertwiessel gouf nees ugefaange mat LSD an anere Psychedelika ze fuerschen, well modern Etüden dorobber higewisen hunn, datt zum Beispill LSD bei der Behandlung vu Sucht an Depressiounen e positiven Afloss hunn. Mat Hëllef vu Magnéitresonanz-Scanner kënne WëssenschaftlerInnen nämlech d'Wierkung vun der Drog op d'Gehier noverfollegen.

E verfälschtent Bild vun Drogen a Konsumenten

Laang Zäit gouf e Bild vun Drogen an Drogenofhängege gepräägt, dat net ganz der Realitéit entsprach huet. Zum Beispill gouf Marihuana laang als sougenannten Astigsdrog zu méi haarden Drogen ugesinn an eng Persoun, déi Droge consomméiert, géif direkt ofhängeg ginn.

"Das geht sogar noch weiter: Ich hab noch in der Schule in den 1990ern die Erfahrung gemacht, dass die Polizei zur Drogenaufklärung in der Schule war und uns gewarnt hat, wir sollen von Fremden keine Bonbons oder Aufkleber, die man sicht auf die Haut macht, annehmen, weil da Drogen drin wären und die Dealer uns abhängig machen wollten," erënnert sech de Robert Feustel.

Esou Zenarioe schrecken of, hëllefen awer net, wierklech responsabel iwwer Drogen opzeklären.

De Carlos Paulos a seng Equipe vun der Pipapo asbl. informéieren iwwert Drogen an hire Konsum

Fir déi an der Gesellschaft ze schützen, déi aus verschiddene Grënn net oder nach net an der Lag sinn, d'Gefore vun Droge richteg anzeschätzen, ass awer eng objektiv Opklärung noutwendeg. Dat ass d'Verantwortung vun enger Gesellschaft. Hei zu Lëtzebuerg mécht déi Opklärungsaarbecht zum Beispill Pipapo.

"Eis Aart a Weis fir un d'Aarbecht erunzegoen ass, datt mer ouni ze bewäerte probéieren d'Informatiounen zur Verfügung ze stellen. Mir probéieren de Konsument, esou gutt, wéi méiglech ze informéieren, fir datt e selwer seng Entscheedung kann treffen, ob en elo consomméiert oder net."

Verschidde Länner ginn an hirer Drogepolitik aner Weeër. Esou zum Beispill Portugal, wou zanter 19 Joer Drogen, sougenannten haarder an net haarder - entkriminaliséiert sinn. Zanterhier ginn a Portugal manner Droge consomméiert, Mënschen déi eeschthaft krank sinn, kréie gehollef a ginn net penaliséiert an: d'Zuel vun Drogendoudegen ass vun 2001 op 2015 ëm 75 Prozent erofgaangen - vun 80 op 21. Eng Iddi och fir Lëtzebuerg?

"Ech mengen, wann ee vun Idealer schwätzt, wier et natierlech flott, wann een e Gesetz dozou net bräicht. Mir sinn elo esou wäit, datt de Besoin awer do ass eng Reglementatioun ze hunn. Ech sinn iwwerzeegt, datt déi aktuell Reglementatioun veraalt ass, an datt déi wierklech muss iwwerschafft ginn, an ech mengen, et ass dat, wat eis Regierung sech op de Leescht geholl huet."

Dat wier gutt esou, begréisst de Carlos Paulos. Et wier wichteg, datt Ännerunge virgeholl géife ginn, déi méi no un der Realitéit vun de Leit wieren.


Dem däitsche Publizist a Politikwëssenschaftler Robert Feustel säin Essay iwwert Drogen a Mënsche kann een hei noliesen.