Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Too Much To Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pub ou publics? Medien am Déngscht vun der Gesellschaft

Fräie Mikro

Pub ou publics? Medien am Déngscht vun der Gesellschaft

An der Schwäiz huet d'Populatioun sech fir d'Erhale vum ëffentlech-rechtleche Televisiouns- a Radiosprogramm ausgeschwat. Och a villen aneren europäesche Länner gouf de rezente Schwäizer Referendum a seng Konsequenze fir d'Medielandschaft suivéiert an diskutéiert. Zu Lëtzebuerg awer huet de Sujet wéineg Welle geschloen. Am Fräie Mikro freet sech d'Françoise Poos, Fuerscherin am Beräich vu Visueller Kultur a Medien, firwat de Service public an de Medie bei eis esou wéineg Opmierksamkeet an der Ëffentlechkeet huet.

auto_stories

3 min

Ëffentlech-rechtlech Radioe sinn an Europa an den 20er Joren entstanen, als eng Konsequenz vun der industrieller Revolutioun an dem Opkomme vun enger grousser Culture des masses. Et gouf op eemol méi Fräizäit fir jiddereen, an duerch déi nei Radiostechnologie konnte ganz Regiounen, Landstreecher a Länner erreecht ginn, mat Populatiounen, déi net nëmme sollten informéiert, mee och educéiert an ënnerhale ginn. Dës wichteg Missioun sollt deemno net vun engem privaten oder kommerzielle Bedreiwer iwwerholl ginn, mee vun der ëffentlecher Hand geleet ginn.

Méi spéit, an de 50er Jore sinn dann och Televisiounschaînen derbäi komm. Dat war d'Geleeënheet fir d'Komponent vum Entertainment vun de Programmer auszebauen. Mee och Informatioun an Educatioun ware weiderhin zentral - dat mat deem héchstméiglechen Usproch vu Qualitéit an Ethik.

Weder kommerziell nach staatlech

Wichteg ass och, datt "d'Radiotélévision publique", esou wéi et an der UNESCO-Charte geschriwwe steet, weder kommerziell nach staatlech ass. Si ass onofhängeg vu Critèrë vu geschäftlecher Rentabilitéit a vu staatlecher Kontroll. De Sënn an den Zweck vun der "Radiotélévision publique" ass eenzeg de "Service au public". Dat heescht, et ass eng Plattform, déi sech u jiddereen an engem Land als Bierger adresséiert, fir d'Participatioun um ëffentleche Liewen an enger Gesellschaft ze fërderen a sou och dobäi ze hëllefen, datt jiddereen deen anere besser versteet.

Dës Enjeue goufen an der Schwäiz intensiv diskutéiert a schliisslech am Sënn vum ëffentlech-rechtleche Rundfunk tranchéiert. D'Majoritéit vun de Schwäizer wollten d'Qualitéit an d'Diversitéit vun de Programmer vun der SSR net opginn. Och a villen anere Länner an Europa sinn déifgräifend Diskussiounen entstanen iwwert d'Wichtegkeet an d'Plaz vum Service public. Net awer zu Lëtzebuerg.

"Lëtzebuerg" heescht net ëffentlech-rechtlech

Lëtzebuerg hebergéiert zënter 1931 eng Radio- an Télédiffusiouns-Gesellschaft, d'CLT, mat hirer Panoplie vu Programmer, déi ënnert dem Generique RTL lafen. Wéi de Grupp, also d'Compagnie Luxembourgeoise de Télédiffusion, huet och RTL "Lëtzebuerg" zwar am Numm stoen, mee et handelt sech awer op kee Fall ëm eng ëffentlech-rechtlech Institutioun.

D'CLT funktionéiert eenzeg an eleng no Motivatioune vu kommerzieller Rentabilitéit, dat heescht duerch de Placement an de Konsum vu Publicitéiten. Esou kënnen also weder RTL Radio nach RTL Télé Lëtzebuerg als ëffentlech-rechtlech Programmer consideréiert ginn. Och wa si duerch ee Cahier des charges bestëmmte Fuerderunge vun der Regierung nokommen an zum Beispill Alarmmeldungen diffuséieren am Fall vun enger nationaler Katastroph.

Net ze vill Konkurrenz

E richtegen ëffentlech-rechtleche Radio, de radio 100,7, ass eréischt 1993 geschaaft ginn, also vill méi spéit an no laangen a schwéiere politeschen Diskussiounen. Ganz bezeechnenderweis ass hien och net mat der präziser Denominatioun "Radio de service public luxembourgeoise" gegrënnt ginn, mee als "sozio-kulturelle Radio" - fir dem private, kommerzielle Bedreiwer net ze vill Konkurrenz ze maachen. D'Associatioun mat Lëtzebuerg am Numm vum 100,7 konnt deemools anscheinend och net méi gemaach ginn. Dat Stéck national Souveränitéit war de facto 1931 un de kommerzielle Bedreiwer ofgetruede ginn - als Géigestéck zu Steierrevenue fir de Staat.

Et bleiwen nach vill Aspekter vun der Lëtzebuerger Medielandschaft an hirer Geschicht ze beliichten. Den déifgräifenden Debat, politesch, mee och op der Substanz, esou wéi e schonn dacks ugekënnegt gouf, deen huet nach ëmmer net stattfonnt.


D'Françoise Poos war vun 2013 bis 2017 Presidentin vum Verwaltungsrot vum radio 100,7.

Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.