Radioen

On air

Notturno  |  The Düsseldorf Düsterboys - Füße

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réaction, piège à cons?

Prisma

Réaction, piège à cons?

Wann ee provozéiert gëtt, da reagéiert ee gären emol. Dat ass normal. Mee net ëmmer clever. En Reaktioun op eng Provokatioun ka gären emol onerwënschte Konsequenzen hunn. Wann een eng Bei ewechjot, da kann et mol virkommen, datt se sech provozéiert fillt an ee pickt. Dat geet gären emol déidlech fir d'Bei aus. Mee wat ass, wann een, amplaz eng Bei ewechzejoen, enger Supermuecht zwee Passagéierfligeren an den World Trade Center flitt? Kritt een déi Supermuecht dann och dozou, zouzestiechen? Oder carrement esou wäit, sech selwer ze zerstéieren?

auto_stories

7 min

De Philosoph Thomas Koenig mécht sech Gedanken iwwer Aktioun a Reaktioun am Kontext vun den Attentater vum 11. September

D'Attentater op Charlie Hebdo si viru fënnef Joer passéiert. Dofir gouf et an de leschte Woche genuch Geleeënheeten, sief et an Documentairen, Reportagen oder Artikelen, sech emol méi genee unzekucken, wat d'Iddi vun deem Mann war, deen am Fong dat Ganzt viru geschwënn 20 Joer lassgetrëppelt hat.

Den Osama Bin Laden war an den Eighties am Afghanistan géint d'Sowjetunioun aktiv. Hien huet d'Meenung vertrueden, datt hien et duerch seng Guerilla-Aktioune fäerdeg bruecht hätt, d'Sowjetunioun an de Bankrott ze dreiwen. No der Sowjetunioun an hirem Kollaps huet den Osama sech engem anere Feind zougewannt, nämlech den USA.

Gutt, fast forward aus de spéiden 1980er bis op den 11. September 2001, Attack op New York. Dir wësst, wat geschitt ass. Eent vun den Ziler vum Bin Laden war et, d'USA ze provozéieren an an e Krich ze verwéckelen, dee si net gewanne kéinten. Duerch dee Krich géifen d'USA sech dann och an de Bankrott reiden an doru futti goen. An doduerch wier dann de Wee fräigemaach fir eng nei Weltuerdnung, déi da méi reliéis a manner dekadent wier, wéi déi, déi an deene leschte Joerzéngten d'Bün vun der internationaler Politik besat huet. Souwäit, op alle Fall, de Plang.

Zwee Méint nom 11. September 2001 sinn d'USA an hir Alliéiert an den Afghanistan amarschéiert, mam Zil, den Osama ze fänken. Dat huet net esou geklappt wéi geplangt, an zwee Joer duerno war dunn den Irak um Tour befreit ze ginn. D'Konsequenze vun der amerikanescher Aussepolitik spiere mer haut nach.

Dem Osama seng Ierfschaft ass och nach ëmmer ze spieren. An déi Welt, an där mir liewen, ass gefillt och eng ganz aner, wéi déi virum 11. September, mee awer och eng aner, wéi déi nom 11. September.

De Plang

Provozéiere bedeit jo, datt ee bei engem aneren en Reaktioun wëllt ervirbréngen. Gutt, mäin éischte Gedanke war, datt d'Provokatioun jo gutt geklappt huet, well et jo elo geschwënn 20 Joer hier sinn, an de Krich nach ëmmer undauert.

Mäin zweete war, datt dat awer och relativ naiv als Gedanke schéngt. Scho bal ze naiv fir en terroristesche Mastermind, mee bon, ech konnt jo schlecht bei der concernéierter Persoun nofroen, wat dann elo den Detail vun hirem Plang war.

Soit, also, d'Sowjetunioun huet sech 1989 aus dem Afghanistan zeréckgezunn. Dat stëmmt. A si ass 1991 kollabéiert. Dat stëmmt och. Mee dat wat een net dierf vergiessen, dat eent muss net onbedéngt un deem anere léien. Dat nennt een de Post-hoc, Ergo-propter-hoc-Denkfeler.

Just well eng Saach no enger anerer passéiert, bedeit dat net, datt se wéinst hir passéiert ass. Well dat wat een net däerf vergiessen, ass datt d'Sowjetunioun zwar jo am Afghanistan aktiv war, mee parallel dozou och nach esou eppes wéi de Kale Krich geféiert huet, géint d'USA. An déi Leit, déi am Afghanistan géint d'Sowjets gekämpft hunn, krute jo och Hëllef aus den USA. Den drëtte Rambo-Film hält jo och mat enger Widmung fir d'Mujahideen op. Dee Film ass vun 1988. Déi Widmung gëtt haut gär als Symbol dofir geholl, datt ee sech mol an de Leit iere kann.

De Problem

Dem Osama säi Plang ass net waasserdicht, an ass bis elo och net opgaangen. D'Provokatioun huet vläicht funktionéiert, mee ech sinn e bësse skeptesch, ob ee mat esou enger hefteger Reaktioun gerechent hat. Wéi de Machiavelli sou schéi seet, et fänkt een e Krich un, wéini een et wëllt, mee et hält ee mat deem Krich op, wéini een et kann.

Mee wat dat Ganzt nach méi komplizéiert mécht, dat ass awer och de Krich am Irak vun 2003. Ouni dee wier den IS net opkomm, wouduerch dann och de Soleimani net den 3. Januar 2020 duerch eng Dronenattack ëmkomm wier, wouduerch dann och net eis Schüler hei Angscht vun engem neie Weltkrich gehat hätten.

A verstitt mech net falsch, ech behaapten elo net, datt all déi Saache wéinst dem 11. September geschitt sinn, och wann ee se domat verbanne kann. Mee wa mer elo do nach kucken, wéi déi Saache mat der Flüchtlingskris zesummenhänken, mam Printemps arabe, mat Terrorattacken an Europa an der Verännerung vun der politescher Landschaft an der EU zum Beispill, da gesitt Dir, datt et net evident ass fir elo eng simpel Erklärung fir alles ze fannen. Et läit warscheinlech dorun, datt et keng simpel Erklärung gëtt.

Selbstbestëmmung

Kucke mer d'Saach awer emol am Abstrakten. Beim Terrorismus ass dat direkt Zil vläicht ze terroriséieren, mee dat ass am Endeffekt net d'Endzil. Fir déi Leit, déi zum Beispill 2015 d'Attentater a Frankräich ausgeféiert hunn, war et vläicht befriddegend, aner Leit ze terroriséieren, do kritt ee jo de Moment selwer e Gefill vu Muecht. Mee dat ass kee Laangzäit-Zil. D'Laangzäit-Zil ass et éischter, säi Feind ze zermürben, well een hien net am direkte Kampf besiege kann.

Dofir mengt den däitsche Politikwëssenschaftler Herfried Münkler, dat Bescht, wat ee maache kéint, wier dem Terrorismus mat mürrescher Indifferenz ze begéinen. Laut him liewe mir an enger post-heroescher Gesellschaft, d. h. an enger Gesellschaft, an där kee méi prett ass, sech fir d'Gesellschaft ze opferen. De Staat, oder d'Gesellschaft iwwerhaapt, déngt éischter dozou, e Kader ze liwweren, an deem en Individuum säi Liewe genéisse kann.

Op der anerer Säit hutt Dir da Leit déi prett sinn, fir hiert Weltbild hiert eegent Liewen ze opferen an och dat vun hire Feinden. Mee déi sinn net zu vill, a si hunn net vill Mëttelen, ausser eben dem Terrorismus. Do géif et dann op der Hand léien, datt déi beschte Léisung fir eng Gesellschaft wéi eis et wier, sech eben net vun Terrorismus beaflossen ze loossen. Et soll ee sech net Angscht maache loossen, well soss huet den Terrorist jo gewonnen.

Aktioun oder Reaktioun

Dat schéngt am Abstrakte jo och nach nozevollzéie sinn, mee Politik huet och villes mat Symbolik ze dinn. Hätten d'USA sech et leeschte kënnen, net op den 11. September ze reagéieren? Warscheinlech net. An datt si zwee Méint duerno schonn Truppen am Afghanistan haten an am Dezember hir militäresch Ziler sou gutt wéi erreecht haten, weist jo och, datt si eng Muecht sinn, déi een net ënnerschätze soll. Vläicht wollte si hir Feinden impressionéieren, vläicht hu si dat gebraucht, fir Katharsis ze bedreiwen. Mee op alle Fall ass de Krich nach ëmmer amgaang, an déi Amerikaner, déi d'lescht Joer erwuesse goufen, hunn hiert Land ni ouni Krich kannt.

Mee sou oder esou, de Punkt ass, menger Meenung no, datt een ëmmer oppasse muss, wann ee provozéiert gëtt. Dee Moment, wou een op een Anere reagéiert, hellt een d'Initiativ jo net aus fräie Stécker. Et kann ee seng Reaktioun jo sécher kontrolléieren, mee et ass een awer duerch extern Faktoren ugespornt ginn. An da lant ee gären am Schlamassel.

International Politik ass e komplizéiert Spill, an dacks huet eng Aktioun Konsequenzen, déi een net konnt virausgesinn. De Moment selwer ass een dofir besser drun, wann een net iwwerstierzt handelt, oder simplistesch Léisunge sicht. Mee dat ass jo och dat Schéinst bei der Saach: Et kann ee sech jo dem Gefill vun der Hoffnungslosegkeet erginn, well ee mengt, et géif ee vun alle Säiten ugegraff ginn, d. h. et géif een nëmmen nach reagéieren.

Et muss een awer och keen Opfer sinn, mee et kann ee sech jo och emol dohi setzen a plangen. Mir kënnen zwar elo net mat enger Zäitmaschinn zeréck an d'Joer 2000 goen an de Leit vun deemools soen, wat passéiere wäert, an ob si domat averstane sinn. Wat mer awer maache kënnen ass aus der Vergaangenheet léieren, fir d'Zukunft net missen ze erdroen, mee fir se aktiv ze gestalten an emol kucken, wou mer 2040 wëllen drun sinn.

Also, wat sinn Är Plang fir déi nächst 20 Joer? Agéiert der schonn, oder reagéiert der nach?