Reen a Bou Réckbléck op d'"Pfingstunwetter" vum 9. Juni 2014

De 9. Juni 2014, also virun e bësse méi wéi sechs Joer, ass Lëtzebuerg zu engem Groussdeel esou just un engem katastrophalen Donnerwiedersystem laanschtgeschrammt. E klenge Réckbléck vum Philippe Ernzer op dat, wat deen Dag geschitt ass.

Philippe Ernzer / cbi

Philippe Ernzer

De Päischtméindeg, 9. Juni 2014, wäerte vill Leit esou séier net vergiessen - haaptsächlech déi, déi a Nordrhein-Westfalen an Däitschland wunnen. Am Virmëtteg waren iwwer Deeler vum mëttelwestleche Frankräich nach Iwwerreschter vun engem Donnerwiedersystem aktiv, déi sech dunn am weidere Verlaf vum Dag op hirem Wee a Richtung Nordosten op en Neits verstäerkt hunn.

Den Donnerwiedersystem, dee gläichzäiteg e Buedemdéif war, huet sech laanscht enger Konvergenzzon beweegt, déi sech vum südleche Frankräich iwwer Benelux iwwer den Norde vun Däitschland bis a Polen erstreckt huet. Ongeféier dës Linn huet de System am weidere Verlaf verfollegt - och um Wee: eng extrem labil Atmosphär mat CAPE- Wäerter (Convective Available Potential Energy) vu knapp 4.000 J/kg an immens fiicht Loftmasse mat Taupunkte vun ëm 21 Grad bei enger Lofttemperatur vun 28 bis 33 Grad.

Déi gréisst potenziell Energie (CAPE), déi zur Verfügung stoung, huet sech mam gläichzäiteg fiichtste Gebitt iwwerschnidden. Dëst Gebitt war am Norde vu Frankräich ze fannen an huet sech, genee esou wéi d'Konvergenzzon u sech och, iwwer Benelux (knapp nordwestlech u Lëtzebuerg laanscht) bis an Nordrhein-Westfalen resp. den Norde vun Däitschland eragezunn.

Eng Superzell an der Äifel

Éier den Donnerwiedersystem aus Frankräich an d'Spill koum, hu sech westlech an nordwestlech vu Lëtzebuerg schonn am fréie Virmëtteg a fiichtwaarmen an energieräiche Loftmassen éischt Donnerwiederzelle forméiert. Dës sinn zwar all u Lëtzebuerg laanschtgezunn, mee an der Äifel konnt sech beispillsweis kuerzzäiteg eng Superzell ausbilden - en Donnerwieder mat engem konstant rotéierendem Opwand. Dës Donnerwieder hu sech am weidere Verlaf vun de Stonne weider an den Nordoste verlagert, an den Norden an den Nordweste vun Däitschland eran.

Fir datt sech zolidd Donnerwieder entwéckele kënnen, ass genuch Sonnenastralung néideg. Zum Zäitpunkt, wou déi genannt Donnerwieder nach am Benelux-Beräich ënnerwee ware, konnt sech d'Gebitt mat den instabilste Loftmasse net gutt erhëtzen. Géint 12 sinn d'Wolleken awer ëmmer méi verschwonnen: dee Beräich mam gréissten Onwiederpotenzial, also den Norde vu Frankräich, d'Belsch, Lëtzebuerg an Nordrhein-Westfalen hunn no an no eng zimmlech staark Sonnenastralung genoss. D'Viraussetzunge fir extrem Entwécklunge waren erfëllt.

Elo kommen d'Donnerwiederreschter iwwer Frankräich an d'Spill, déi ech am Ufank erwäänt hunn. Iwwer Frankräich huet sech vum Virmëtteg un e Buedemdéif verdéift, un deem sech déi genannt Donnerwiederreschter reaktivéiert hunn. Um Satellittebild war ze gesi, wéi sech ëmmer méi grouss Wollekentierm an den Himmel geschrauft hunn. Bei Sens (FRA) huet sech am Nomëtteg géint 15:00 eng Superzell entwéckelt, déi Knëppelsteng vu bis zu néng cm am Duerchmiesser ofreene gelooss huet. Net nëmmen dat huet den nei opliewende System interessant gemaach, mee och déi rasant Entwécklunge ronderëm. Um Wee an dn Nordosten, also a Richtung Benelux, koum et am Beräich vum Buedemdéif zu ëmmer méi intensiven Entwécklungen.

Géint 19:00 huet sech och de Lëtzebuerger Westhimmel staark verdonkelt: an dësem Moment hu mir erlieft, wéi e gewaltegen Donnerwiedersystem - e sougenannten MCS (also e Mesoscale Convective System) mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 250 bis 300 Kilometer immens knapp mam Schlëmmsten u Lëtzebuerg laanschtgezunn ass. Obwuel et eis net direkt getraff huet, mee just mam südlechste Wutz, wou et zu deem Zäitpunkt awer keng all ze staark Nidderschléi gouf, gouf un der Meteomedia-Wiederstatioun zu Eschduerf e Stuermstouss vun 89 km/h gemooss. Zu Ëlwe war e Stuermstouss vun 81 km/h dobäi, genee wéi och zu Eesbech. Den Zentrum vum System louch zu dësem Zäitpunkt op enger Sträif vun Hasselt bis knapp virun déi Lëtzebuerger Grenz. Iwwerdeems de System duerch déi weider héichenergetesch Loftmasse gefiddert gouf, huet e sech nach weider intensivéiert.

Ee Bow Echo

Tëschent 20 an 21 Auer huet sech e sougenannte Bow Echo forméiert, déi dofir bekannt sinn, extrem staark konvektiv Wandstéiss ze produzéieren. Dësen ass dunn iwwer grouss Deeler vun Nordrhein-Westfalen ewechgezunn an huet immense Schued hannerlooss. Um Fluchhafen zu Düsseldorf gouf eng maximal Wandvitess vun 142 km/h gemooss. Och un ëmleiende Statioune goufen dacks déi 100 km/h geknackt, zu Neuss goufen 133 km/h registréiert. Vun do aus huet sech de System immens séier weider an den Norden/Nordoste vun Däitschland beweegt an och lues a lues ofgeschwächt.

Den immens zolitten Donnerwiedersystem huet haaptsächlech den Nordweste vun Däitschland schwéier getraff. Tëschent 20 an 23 Auer sinn zu Düsseldorf, Essen, zu Köln an och zu Krefeld am ganze sechs Persoune gestuerwen. Op ganz Nordrhein-Westfalen gekuckt goufen 30 Persoune schwéier blesséiert ginn, 37 liicht.

Wéi déi däitsch Bunn gemellt huet, huet d"'Pfingstunwetter" fir méi grouss Beanträchtegunge vum Zuchverkéier gesuergt wéi den Orkan Kyrill, deen den 18. Januar 2007 iwwer Mëtteleuropa ewechgezunn ass. No enger éischter Estimatioun vum versécherte Schued vu Ronn 100 Milliounen Euro gouf d'Zuel ufanks Juli 2014 op 650 Milliounen Euro no uewe korrigéiert.

En MCS mat dëser Stäerkt kënnt an eise Breete net all ze dacks vir - se zielen awer all Joer zu de méigleche Geforen am Fall vun enger zolitter Donnerwiederlag. Dem Schuedensbild no gëtt geschat, datt de Wand plazeweis definitiv méi séier wéi 142 km/h ënnerwee war - méiglecherweis och mat iwwer 150 km/h. Et war eent vun de schlëmmsten Onwieder aus de leschte Joerzéngten.

Méi zum Thema

Wieder
Reen a Bou

De meteorologesche Summer ass zanter dem 1. Juni amgaang, de kalendaresche geet den 20. Juni un. Wéi kéint dëse Summer de Laangzäitmodeller no ausfalen? A wéi d'Méint duerno?

Kondenssträifen
Reen a Bou

Verschwierungstheorie sinn de Moment erëm besonnesch staark am Ëmlaf. Déi leschte Kéier ass et hei ëm d'Theorie vun de Chemtrails gaangen, haut geet et ëm chemesch Manipulatioune vum Wieder.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Un(e) rédacteur(rice) web

    Webjournalist

    L'Etablissement Public de Radiodiffusion Socioculturelle recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, Un(e) rédacteur(rice) web sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à temps plein.

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen