Radioen

On air

Notturno  |  Vijay Iyer Sextet - Nope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckbléckend Prospektiv

Joresréckbléck

Réckbléckend Prospektiv

Neijoerschvirsätz sinn e bëssen eppes wéi ee Ritual. All Joer um selwechte Moment si se eng Geleeënheet fir eemol ze kucken, wou een drun ass, a wou een hi wëllt. Leider geet et net duer, eppes ze wëllen, fir datt et Realitéit gëtt, soss wäre mir wuel all glécklech, räich a gesond.

auto_stories

7 min

Den Thomas Koenig huet et scho fäerdeg bruecht, e Virsaz an enger Véierelsstonn ze briechen.

Vermëssten Opportunitéiten oder verpassten Ziler

2018 ass mëttlerweil eriwwer, an dat bedeit, datt et elo erëm un der Zäit ass, wou een all déi Sendungen op der Tëlee kritt, déi op dat vergaangent Joer zeréckblécken. An et kéint och sinn, datt ee vu senge Matmënschen d'Fro gestallt kritt, wat ee sech fir d'nächst Joer virhuele wëllt.

Ech wëll hei awer net kucken, wéi ee sech wat, wisou a firwat fir d'nächst Joer virhuele soll. Nee, déi Fro, déi ech haut wëll diskutéieren, ass: Wat maachen ech, wann ech meng Ziler, déi ech mir gesat hat, net erreecht hunn?

Et kann ee sech jo villes virhuelen, mat bestëmmte Saachen opzehalen - zum Beispill fëmmen - oder mat anere Saachen unzefänken - zum Beispill Sport. An dat klappt dann och dacks gären emol fir e puer Wochen oder Méint. Bei ville Leit sollen esou Resolutiounen no zwee bis dräi Méint awer scho scheiteren. Dobäi sinn dräi Méint guer net esou schlecht, ech hunn et schonn emol fäerdeg bruecht, e Virsaz a manner wéi enger Véierelsstonn ze briechen.

Wat elo?

A mengem Fall war et eng Zigarett. Mee gutt, an der Silvesternuecht, oder éischter den éischte Januar, wann d'Joer schonn e puer Stonnen al ass, dann ass et net dee beschte Moment, fir sech esou Virsätz ze huelen.

An Excusen, fir sech net un e Virsaz ze halen, si séier fonnt. Et huet ee sech jo séier selwer belunn. An et ass méi einfach, op alle Fall schéngt et méi einfach, sech selwer ze bematleeden oder ze beléien, wéi seng Pläng konsequent ëmzesetzen.

Dobäi ass et jo awer kloer, datt eppes näischt ka ginn, wann een et net konsequent upéckt. Léieren a plangen, bref, de Problem ugoen an net d'Ae virun de Fakten zoumaachen, d'Wourecht akzeptéieren, egal wéi peinlech se ass, dat ass leider nu mol méi effikass, wéi alles Aneres.

Schwieregkeeten

Mee wisou ass dat awer esou schwéier? Bon, éischtens emol, well et ustrengend ass. A well et net selbstverständlech ass. Soss bräichte mir eis jo guer net domat auserneenzesetzen. Mee et kéint awer och doru leien, datt mir eis mat dem Ëmsetze vun eise Virsätz esou schwéier dinn, well mir et eigentlech guer net wëllen.

D'Rebekka Reinhard schreift an hirem Buch "Die Sinn Diät", datt mir an eiser Gesellschaft eis permanent mat anere Leit vergläiche géifen. Déi aner wierke frou, gesond, erfollegräich, interessant, an esou weider, an esou fort. An da mengt ee selwer, et misst ee mathale fir sozial net deklasséiert ze ginn. An aus deem Grond maache mir eis da Gedanken a setzen eis Ziler, déi mir eigentlech net kënnen oder net wëllen erreechen.

Deen anere komplizéierende Faktor, laut der Rebekka Reinhard, ass, datt mir an enger Optiouns-Gesellschaft liewen. Et gëtt extrem vill Optiounen, et gëtt der esou vill, datt mir Schwieregkeeten hunn déi ze fannen, déi zu eis passt. Respektiv vergiesse mir heiansdo, datt mir och keng musse wielen an Nee däerfe soen.

Wann mir nämlech mengen, mir misste permanent aktiv sinn, dann hu mir net déi néideg Distanz fir iwwer den Alldag nozedenken. A wa mir permanent an der Exspektativ sinn a probéieren, d'Zil A ze erreeche fir dono besser d'Zil B kënnen ze erreechen, da si mir net bei eis selwer. Dann héiere mir am Fong net, wat eise Kierper oder eist Ënnerbewosstsinn eis soen.

Langweil ass awer dat bescht, fir d'Kreativitéit ze befligelen. A sech emol dohin ze setzen an nozedenken ass jo och net verkéiert. Mee et kritt ee jo awer virgelieft, datt ee permanent aktiv soll sinn, an datt een den Dag net optimal genotzt huet, wann een net 25 Stonnen op 24 aktiv war. An wann Ären Handy Iech ëmmer erëm uweist, wie wat, wou, op wéi engem soziale Medium gepost huet, oder wéi vill Likes d'Foto vun Ärem Mëttegiesse krut, da mécht den Handy dat net, well en Iech informéiere wëllt, mee well, all Kéier wou Dir op Ären Ecran kuckt, iergend eng Firma mat Ärer Opmierksamkeet Geld mécht.

Ofschalten

Et ass jo och gewosst, datt et net einfach oder net flott ass, vun engem Philosoph Froe gestallt ze kréien. Dacks ertappt ee sech da selwer dobäi, datt ee keng Anung huet, vu wat ee schwätzt, oder datt ee Meenung mat Wësse verwiesselt.

A wat ass méi flott, Recht ze hunn, oder d'Wourecht ze soen?

Dobäi schwätzt awer villes dofir, sech Froen ze stellen. De Sokrates soll jo scho gesot hunn, datt e Liewen, dat net examinéiert gëtt, net derwäert ass, gelieft ze ginn. A laut dem Kant ass Opklärung jo och den "Ausgang des Menschen aus seiner selbstverschuldeten Unmündigkeit. Unmündigkeit ist das Unvermögen, sich seines Verstandes ohne Leitung eines anderen zu bedienen".

Wat kenne mir draus léieren?

Bref, Dir hutt et verstanen, net doriwwer nodenke firwat näischt aus eise Virsätz ginn ass, ass keng Léisung.

Erkennen, wéi eng Virsätz mir eigentlech wëllen ëmsetzen, ass emol deen éischte Schrëtt. Mee et muss een och erkennen, datt ee verschidden Ziler ni erreeche kann. Entweder, well se net an eiser eegener Muecht leien, oder well se vun externe Faktoren ofhänken, déi mir net beaflosst kréien.

De Stoizismus léiert eis esou, datt mir erkenne sollen, wat vun eis ofhänkt a wat net, an eis dann nëmmen nach ëm déi Saache këmmere sollen, déi mir och verännere kënnen. Déi Saachen, déi net ënner eiser Kontroll sinn, sollten eis net beschäftegen.

Mee dann dierfte mir eis eigentlech just nach mat eise Gedanken, oder mat eise Gefiller beschäftegen. Alles, wat mam Kierper ze dinn huet, oder mat der Welt ronderëm eis, dat wär net ënner eiser Kontroll, an dee Moment keim dat net a Fro, fir zum Virsaz ze ginn.

Stoesch sinn ass eng Saach, stoizistesch sinn eng aner. Stoizismus kéint een als ze vill restriktiv ugesinn. Virun zwee Joerdausenden ass jo nach gär tëschent Geescht a Kierper ënnerscheet ginn, mee haut wësse mir, datt de Geescht jo am Fong eng Emanatioun vum Kierper ass, an datt ee béides net trenne kann.

Meng Laun hänkt esou zum Beispill och vu mengem Blutt-Zocker-Spigel of. Wat ee manner Zocker am Blutt huet, wat ee manner Energie-Reserven huet, an doduerch ass een da méi reizbar. Bref, déi Iddi, datt een Här a Meeschter am eegenen Haus ass, ass, wat eise Geescht ugeet, iwwerlieft. Mee trotzdeem kënne mir awer vum Stoizismus leieren, datt mir eis net esou séier oder net esou vill opreegen, matrappen oder oflenke solle loossen, an datt mir eis d'Fro stelle sollten, wéi wäit mir am Fong Kontroll oder Afloss op d'Saachen hunn, déi eis wichteg sinn, oder vun deene mir mengen, datt se wichteg wären.

An eigentlech hu mir de Choix net, mir sti virun eiser eegener Verantwortung. D'Zäiten an deenen et universal Léisunge gouf, déi fir all Mënsch gegëllt hunn, sinn eriwwer. Egal wéi een et dréien a kéiere wëllt, et kann een, bon gré, mal gré, net laanscht de Vakuum kommen, deen den Doud vu Gott oder d'Skepsis géigeniwwer universellen Ideologien an eiser Gesellschaft hannerlooss hunn.

Et ass net ofstreidbar, datt mir vu villen externe Faktore beaflosst ginn, mee, an dat gëllt besonnesch an enger fräiheetlecher Gesellschaft, am Endeffekt ass all Mënsch selwer verantwortlech fir seng eegen Entscheedungen. Et kann een zwar och aner Leit fir ee selwer entscheede loossen. Et ass jo och flott, wann een emol net eleng mat senger Verantwortung ass. Et ka jo och zermürbend sinn, wann ee sech op Schrëtt an Trëtt d'Fro muss stellen, op een dat Richtegt mécht. Mee dorëms geet et jo net, et geet dorëm, datt ee fäeg ass, fir sech selwer ze entscheeden, wéi ee Wee ee goe wëllt, net dorëm, datt ee sech duerch konstant Zweiwelen an Grübele selwer an d'Depressioun eran denkt.

Fazit

Bon, d'Joer ass mëttlerweil eriwwer, Zäit fir de Bilan ze zéien. Dat heescht, et sollt een erausfannen, wisou een déi Virsätz, déi net opgaange sinn, da schlussendlech net agehale krut.

A wa mir elo verstanen hunn, wat net geklappt huet a firwat et net geklappt huet, da musse mir awer och emol iwwerleeën, wat mir dann eigentlech wëllen. Net dat, wat mir mengen, wat mir sollten, mee dat, wat mir wierklech wëllen.

Well soss maache mir Aktionismus, an dat ass och just eng besser Form vu Beschäftegungstherapie. Bref, et bréngt et net.

Loosse mir emol den Defaitismus op der Säit a sichen no konkreten a realisteschen Ziler, déi mir och wierklech wëllen, an da leeë mir lass. Konsequent, Schrëtt fir Schrëtt.

Also, wat solle mir 2019 ëmrappen?