Radioen

On air

Resonanzen  |  Leonard Bernstein - Symphonesch Suite, aus "On the Waterfront" - Royal Philharmonic Orchestra, Carl Davis (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tensiounen tëscht de Reliounen an Egypten

Reliounen

Tensiounen tëscht de Reliounen an Egypten

Virun zwou Wochen ass déi koptesch Gemeinschaft zu Kairo ass Affer vun engem Attentat ginn, wat de sougenannten IS revendiquéiert huet. Reliéis Tensioune sinn an Egypten un der Dagesuerdnung.

auto_stories

4 min

Déi koptesch Kierch "El Muallaqa" am ale Kairo (Foto: Mark52)

D’Kopte sinn net just déi gréisste reliéis Minoritéit an Egypte, mee och déi gréisste chrëschtlech Gemeinschaft am gesamten Noen Osten. Den offiziellen Zuelen no sollen ëm déi 10 Millioune Kopten an Egypte liewen, während d’koptesch Kierch selwer vu 15 Millioune Membere schwätzt.

D’chrëschtlech Präsenz an Egypten geet op mannst bis an d'Joer 42 no Christus zeréck, wéi den Evangelist Markus déi éischt Kierch an Egypten gegrënnt soll hunn. "D'Wuert 'Kopten' kënnt aus dem Griicheschen an heescht souvill wéi Egypter. Ufanks waren domat also all d'Egypter gemengt, ganz egal wéi enger Relioun si ugehéiert hunn", erkläert d'Naglaa Hamdi, Chercheuse op der Universitéit vu Louvain an Expertin an der Geschicht vun de Kopten. Haut si mat de Kopte just déi egyptesch Chrëschte gemengt, ob se elo orthodox, protestantesch oder kathoulesch sinn. Si géifen sech awer an enger gewësser Hisiicht als déi "authentesch Egypter" ugesinn, sou nach d'Chercheuse.

Vun Nasser bis Morsi

D’Kopten hu sech laang doriwwer beschwéiert, si géifen opgrond vun hirem Glawen diskriminéiert ginn. Dat sollt sech awer no der Egyptescher Revolutioun vun 1952 änneren. Ënnert dem neie Staatschef Gamal Abdel-Nasser gouf 1956 eng nei Verfaassung gestëmmt, an där zwar drastoung dass den Islam Staatsrelioun wier, mee gläichzäiteg d’Egalitéit vun allen Egypter, ganz onofhängeg vu Glawen oder Hautfaarf, ënnerstrach gouf.

Zwar koum et nach ëmmer zu Ausschreidungen, mee de Staatschef an de Patriarch vun de Kopte konnten d'Relatioun tëscht der Kierch an dem Staat stabiliséieren. Wéi de laangjärege President Hosni Mubarak no der Revolutioun vun 2011 gestierzt gouf, ass d’Situatioun nees eskaléiert. Obwuel d’Moslembridder sech ufangs net un der Revolutioun bedeelegt hunn, a sech vun de Protester distanzéiert hunn, koume si mam Mohamed Morsi als neie Staatspresident 2012 un d’Muecht.

D'Kopten am Viséier vun Extremisten

Ee Joer drop gouf de Morsi duerch d’Militär gestierzt. Well grouss Deeler vun der koptescher Gemeinschaft d’Ofsetzung vum Morsi ënnerstëtzt haten, ass si zanterhier am Viséier vun Extremiste. Ee Beweis dofir ass zum Beispill den 11. Dezember vun dësem Joer. Um zéng Auer Moies ass et während der Sonndesmass zu enger Explosioun an der koptescher Kathedral vu Kairo komm: 27 Persoune si gestuerwen, ronn 60 goufen der blesséiert. "Et muss een drun erënneren, datt dëst Attentat net dat éischt war", seet d'Naglaa Hamdi vun der Universitéit Louvain. 2011 ass et zu zwee Virfäll komm, bei deenen all Kéier Mënsche gestuerwe sinn. 50 Kierch si verbrannt ginn, zanter d'Moslembridder un der Muecht sinn.

Trotzdem gëtt et dem Naglaa Hamdi no tëscht den zwou reliéise Communautéiten awer ee staarke Sënn vu Solidaritéit a géigesäiteger Ënnerstëtzung. Dat huet sech zum Beispill och während der Revolutioun vun 2011 gewisen. Moslemen hate sech während den Opstänn a Kreesser ronderëm d’Kierchen opgestallt, an deene sech Chrëschten zeréckgezunn haten fir ze bieden. Si wollten doduerch d’Chrëschte viru reliéisen a staatlech motivéierte Gewaltakter schützen. Genau dat selwecht hunn d'Kopten och a verschidde Situatioune fir d'Mosleme gemaach. "Natierlech ginn et och Tensiounen, zemools no sou Attentater. Mee et gi ganz staark Frëndschaften a Noperschaftsrelatiounen, si gehéieren zu der egyptescher Gesellschaft".

Méi déifgräifend Problemer bannent der moslemescher Gemeinschaft

Momentan ass an Egypten eng staark mediatiséiert Debatt tëscht de moslemeschen Intellektuellen an Vertrieder vu radikale Stréimunge vum Islam, wéi zum Beispill de Salafisten, amgaang. Et ass virun allem hei – a net onbedéngt tëscht der chrëschtlecher an der muslimescher Communautéit – wou der Naglaa Hamdi no eng méi déifgräifend reliéis Ausernanersetzung ze gesinn ass. "Et gëtt ee richtege Clash tëscht de moslemeschen Intellektuellen an de Salafisten. Déi moslemesch Intellektuell versichen, géint déi salafistesch Glawensrichtung ze steieren. Et muss ee genau kucke wéi dat sech an den nächste Méint entwéckelt", sou d'Naglaa Hamdi.

Ausgeléist gouf dës Debatt ënnert anerem duerch den Islamwëssenschaftler a muslimeschen Theolog Islam al Bukhari, dee vu gewësse Geeschtleche beschëllegt gouf Blasphemie ze bedreiwen. Den Islam Bukhari huet sengersäits dëse Geeschtleche virgeworf, den Islam falsch ze verstoen an ze mëssbrauchen. D’Kontrovers léist net just eng national Debatt iwwert d’Interpretatioun vum Islam aus, mee och iwwert d’Plaz vu reliéise Minoritéiten an Egypten.