Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Benny Sings - Big Brown Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schéi blöd, mech vreckt ze saufen"

Drogen a Mënschen

"Schéi blöd, mech vreckt ze saufen"

Vun all den Drogen ass den Alkohol déi Substanz, déi am meeschten zu Lëtzebuerg consomméiert gëtt. Et ass e gesellschaftlech unerkannte Genossmëttel, dat legal a fräi zougänglech ass. Et ka Situatiounen a Gespréicher méi locker maachen. Mee Alkohol kann och zur Gefor ginn.

auto_stories

9 min

Der Weltgesondheetsorganisatioun no hu 6,6 Prozent vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung eng Stéierung mat Alkohol, dat entsprécht ronn 40.000 Persounen. Ongeféier d'Hallschent vun hinne leiden esou guer ënnert enger Ofhängegkeet.

"Dacks ass et e laangwierege Prozess, bis een de Problem fir sech selwer detektéiert huet an och bis d'Leit ronderëm een et mierken. Een deen en Alkohol- oder Dependanceproblem zu de Medikamenter huet, weess jo wat e schléckt, wat en hëlt a wéi vill en hëlt laang ier aner Leit et mierken."

Deen Ament, wou een dee Schrëtt géif maache sech Hëllef ze sichen, wier een dacks scho ganz wäit an der Krankheet respektiv am Krankheetsverlaf dran, seet de Matthieu Herr. Hie selwer ass zënter véier Joer dréchen.

Wéi kritt een de Problem geléist?

De Matthieu Herr weess, wéi vill Courage ee brauch, fir de Problem unzegoen a sech ze iwwerwannen, mat enger anerer, vläicht och friemer Persoun iwwer säin Ëmgang mat dëser legaler Drog ze schwätzen. Ganz laang géif een och nach selwer mengen, et hätt een dat Ganzt am Grëff.

"Et ass immens schwéier fir ze soen, datt een e Problem huet an een Hëllef brauch. Wann een dat da bis agesinn huet, ass et och immens schwéier, ze wëssen, wou ee soll ufänken. Grad wann een nach ni de Problem hat oder ee kennt deen de Problem hat. Et geet ee vläicht bei e Psychiater, mee bis datt ee mat deem driwwer geschwat huet, wat de Problem ass, dauert et och nees eng Zäit. D'Hemmschwell ass immens grouss."

Et géif ee sech selwer isoléieren, well d'Prioritéit gëtt am Fong "de Stoff ze verbrauchen." Dacks géif een och net direkt erkennen, wéi vill ee futti mécht, sief et doheem mat der Famill oder mat de Kolleegen.

"Et vernoléissegt een u sech jiddereen an alles."

E problemateschen Alkoholkonsum kënnt dacks schläichend, weess d'Claude Besenius. Si ass Chargée de Direction am Centre ÄDDI·C an zënter fënnef Joer och am Centre thérapeutique zu Useldeng, wou alkoholofhängeg Persounen no engem Sevrage eng Therapie kënne maachen.

"Déi psychesch Gesondheet vun de Leit ass schlecht"

Grad am leschte Joer hätte vill Persounen, déi soss net esou vill Alkohol géifen drénken, vill méi consomméiert, seet d'Claude Besenius. Wärend dem Confinement mat de Kolleege prosten, net am Bistro mee eleng doheem virum Bildschierm mat der Fläsch Wäin oder aus Langweil drénken, dat kann och zum Problem ginn.

"Déi, déi vläicht hir Consommatioun nach e bëssen am Grëff haten, hu komplett d'Kontroll verluer, wéi se hu missen all Dag eleng doheem setzen. Et ass och deen Isolement, deen dat vill mat sech bruecht huet. Et hu ganz vill Leit rechuttéiert, et geet de Leit net gutt. Dat mierkt een och, d'Leit hunn d'Flemm, d'Leit hunn Ängschten an do ass den Alkohol eng Aart a Weis, fir mat deenen Ängschten an deenen Depressiounen eens ze ginn. Déi psychesch Gesondheet vun de Leit ass wierklech schlecht."

D'Claude Besenius ass Chargée de Direction am Centre ÄDDI·C an zënter fënnef Joer och am Centre thérapeutique zu Useldeng,

Am ganze kënnen zu Useldeng eng 38 Persounen eng Therapie maachen. Den Ament sinn all d'Plaze besat. Hir Waardelëscht am Therapiezenter wier zënter der Covidpandemie méi laang ginn. Dat hätt awer och domat ze dinn, datt manner Persounen an d'Ausland gaange sinn, fir eng Therapie ze maachen. D'Psychologin a Psychotherapeutin bedauert dës Situatioun.

"Wann d'Leit mat enger Suchtproblematik motivéiert sinn, muss een deen Ament zougräifen, da muss een do sinn, fir ze hëllefen. Dat geet ëmmer erop an erof an da verléiert een d'Leit ze séier nees."

De Matthieu Herr, dee vu senge Frënn Metty genannt gëtt, huet selwer d'Chance ergraff fir e Sevrage ze maachen. Nodeems bei him wéinst engem medezinesche Problem e Scanner vum Kapp gemaach gouf, wiere Saache festgestallt ginn, déi net gestëmmt hunn. Hie wier wahrscheinlech eng Kéier op de Kapp gefall, kéint sech awer net drun erënneren.

"Do hunn ech mir geduecht, ech hunn dat doten iwwerlieft, et wier awer schéi blöd fir mech selwer hei vreckt ze saufen."

Deen Ament war de Matthieu Herr an der Urgence an huet och do d'Chance ergraff, no Hëllef ze sichen. Hie krut och eng Prise en charge, fir seng Krankheet ze heelen. En erfollegräiche Sevrage hätt allerdéngs eréischt beim drëtte Versuch geklappt.

Net schummen, fir Hëllef ze sichen

E kalen Entzuch ouni professionell Hëllef ka geféierlech ginn, well de Kierper ee Sevrage ouni Medikamenter a medezinesch Opsiicht nëmme schwéier packt. Et sollt ee sech net schummen, wann een de Problem wëllt ugoen a léisen, seet de Metty Herr.

"Mäin Therapeut huet mir eppes gesot, wat hänke bliwwen ass. Hie sot: 'Dir hutt déi eenzeg déidlech Krankheet, déi Dir selwer steiere kënnt.' Wann een nees ufänkt mat drénken, geet et ganz rapid biergof a mat all Rechutte ginn d'Quantitéite méi grouss. Iergendwann packt de Kierper et net méi. Dat ass eppes, do muss jidderee sech senger eegener Responsabilitéit sech géigeniwwer a senge Matmënsche bewosst ginn."

Ma och Persounen, déi laang Joren dréche waren, kënne réckfälleg ginn. An grad wärend dem leschte Joer, bedéngt duerch d'Covidpandemie, wiere vill Rechutte virgefall, seet d'Claude Besenius, Direktesch vum Therapiezenter zu Useldeng. Rechutte wieren Deel vun der Krankheet. Et gëtt dovunn ausgaangen, datt d'Hallschent vun de Leit rechuttéieren. Genee kéint een dat awer net soen.

"Et si Leit, déi kommen hir Therapie maachen an déi gesi mir duerno net méi erëm. Mir wëssen natierlech net, ob dat ass, well si ganz ouni Substanz liewen, ob si net méi wëllen erëm kommen oder iergendwou anescht higinn. An et si Leit, déi kommen eng zweet, drëtt oder vläicht och eng véiert Therapie maachen, och wa si et vläicht laang dotëscht gepackt hunn dréchen ze bleiwen. Et sinn Etappen, déi ee muss maachen an heiansdo brauch een eng zweet oder drëtt Therapie, fir do unzekommen, wou ee muss sinn, fir prett ze sinn, fir abstinent ze liewen."

"Et brauch sech keen ze schummen, säi Problem unzegoen an Hëllef ze sichen", seet de Matthieu Herr

De Metty Herr hat, wéi hie seet, zum Gléck nach keng Rechutten erlieft. Hie selwer engagéiert sech an der fréierer asbl Ama - alcool, medicament addiction, déi et net méi gëtt. De Besoin fir esou eng Organisatioun, déi Betraffenen hëlleft, entweder a Gruppegespréicher mat anere Concernéierten oder einfach fir Informatiounen ze kréien, wier awer ëmmer nach do. Dowéinst soll elo, wann alles gutt geet nach dëse Mount, eng nei ASBL an d'Liewe geruff ginn "Vivre avec une dépendance (Alcool/Médicaments) A.s.b.l" - "Mat enger Sucht liewen (Alkohol/Medikamenter) A.s.b.l". Et wier awer net esou liicht gewiescht, Fräiwëlleger fir déi nei Organisatioun ze fannen. Als Comitésmember steet een nämlech am Registre des Sociétés an deen ass ëffentlech zougänglech. Dat kéint fir esou verschidde Leit schiedlech fir déi berufflech Carrière sinn, seet de Metty Herr.

"D'Versteesdemech vun der Krankheet Alkoholismus ass an der Gesellschaft relativ geréng, bei Leit, déi de Problem net wierklech kennen. Eng Persoun, déi en Alkohol- oder Medikamenteproblem huet an déi sech drëms këmmert, déi vun engem Professionellen therapeutesch begleet ass an déi och reegelméisseg an hir Gruppe geet, huet am Fong e ganz normaalt Liewen. Déi Persoun funktionéiert, ewéi all aner Persoun, et ass ebe just, déi Persoun dierf de Stoff net méi upake respektiv dierf net drop sinn, soss funktionéiert se net méi. Et ass natierlech fir Leit, déi eng Boîte hunn oder déi mat Clienten ze dinn hunn net ubruecht fir den Numm an esou engem Registre stoen ze hunn. Da sinn natierlech Leit déi dat gesinn an déi soe sech 'Deen ass Alkoholiker, mat deem maache mir keng Geschäfter, et weess ee jo ni, dee beklaut eis jo' an esou weider."

Rechutte sinn Deel vun der Krankheet

Esou Gruppegespréicher, wéi d'Ama se ugebueden huet an dem Metty Herr seng nei ASBL se elo nees ubidde soll si wichteg, fir déi sougenannt Virbote bei engem dréchenen Alkoholiker ze erkennen, dee riskéiert ze rechuttéieren. D'Leit an de Gruppe géifen déi Unzeechen zum Deel och selwer kennen a mierken, wann eng Persoun sech anescht verhält oder sech verstellt.

"Et sinn och Leit, déi denke Rechutte kéimen aus 'heiterem Himmel'. Perséinlech hunn ech et elo nach net gehat, dofir kann ech elo schwéier driwwer schwätzen. Et kënnt awer ëmmer iwwerraschend, wann een an der Grupp héiert deen een oder dat anert huet eng Rechutte gemaach. Et versteet een et net ëmmer, zemools wann et Leit sinn, déi wierklech scho ganz laang dréche waren."

Fir de Wee net eleng ze goen, soll ee sech op alle Fall u professionell Persoune riichten, déi engem Hëllefen, aus der Sucht erauszekommen, seet d'Claude Besenius. Der Direktesch vum Therapiezenter zu Useldeng hire Wonsch wier et, d'Bevëlkerung nach méi iwwert d'Problematik vum Alkoholkonsum opzeklären, den nationalen Alkoholplang, deen am Januar d'lescht Joer ugeholl gouf, ëmzesetzen, an eng Plaz ze schafen, wou Concernéierter méi liicht un Informatioune kommen. "Eng Plaz, déi d'Leit duerch de Wee erduerch guidéiert vu Sevrage bis Therapie bis Suivie duerno."

Keng Drëps Alkohol méi upaken

Ob eng Persoun, déi dréchen ass, nees a Moossen Alkohol ka consomméieren ouni réckfälleg ze ginn, do ginn d'Meenungen auserneen. De Metty Herr huet fir sech selwer decidéiert, keng Drëps Alkohol méi unzepaken. Wärend senger Therapie wier eng US-amerikanesch Etüd erauskomm, déi gesot huet, datt 20 Prozent vun de Leit et packen an 80 Prozent net.

"20 Prozent ass et mir definitiv net derwäert fir dat ze versichen. Da sinn ech léiwer ee vun deenen 20 Prozent an ech weess et mäi Liewe laang net, wéi ech sinn ee vun deenen 80 Prozent an ech muss dee ganze fuerchtbare Wee do nach emol goen."