Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlechte Schüler: Inegalitéiten am Schoulsystem

100,7-Podcast

Schlechte Schüler: Inegalitéiten am Schoulsystem

An der Emissioun "Am Fong" héiert Dir déi zweet Episod vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler". D'Episod "Zeréck an d'Zukunft" geet der Fro no, firwat Versich de Schoulsystem méi gerecht ze maachen an der Vergaangenheet sou dacks gescheitert sinn.

auto_stories

2 min

D'Natasha Ehrmann hat haut zwee Gäscht am Studio. D'Journalistin Pia Oppel, déi de Podcast mat realiséiert huet, an de Lucien Kerger, ee fréieren Enseignant, Fuerscher a Vizerecteur vun der Uni Lëtzebuerg.

Am Gespréich geet et ënner anerem ëm d'Buch "Der schlechte Schüler" aus de 60er Joren. An ëm déi éischt grouss wëssenschaftlech Etüd iwwer d'Inegalitéiten am Lëtzebuerger Schoulsystem, déi 1968 lancéiert gouf.

"Den Origine social hat een immensen Impakt op d'Progression scolaire vun de Kanner, vill méi wéi d'Intelligenz, vill méi wéi d'Motivatioun," resüméiert de Lucien Kerger d'Etüd iwwer d'Matière grise perdue (Magrip).

Ufanks den 1990er huet de Lucien Kerger mat zwee anere Fuerscher eng Etüd iwwer d'Sproochekenntnisser vu Kanner no der Spillschoul an um Ufank vun der Grondschoul gemaach. Schonn deemools war kloer, datt vill Kanner fréi an hirem Schoulparcours grouss Schwieregkeeten hunn.


Fir keng Episod vu "Schlechte Schüler" ze verpassen, abonnéiert iech an ärer Liblings-Podcast-App.


Dir kënnt och weider wéi gewinnt déi eenzel Episoden direkt an der 100,7-App oder iwwer den Internetsite lauschteren.

Klickt dofir hei ënnendrënner op déi jeeweileg Episod.

Episod 2 - Zeréck an d'Zukunft

D'Karin Elsen an d'Edith Jacobs wëllen d'Schoul méi gerecht maachen. 1975 woen déi zwou Léierinnen en Experiment.


Episod 1 - Op den Ufank kënnt et un

D'Estrela huet aacht Joer a Schwieregkeeten an der Schoul. Seng Conclusioun: "Ech sinn net intelligent".