Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - So You Are Tired

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neie Wirtschaftszweig

Propriété intellectuelle

En neie Wirtschaftszweig

Mat de Gesetzer vun der Propriété intellectuelle kënnen Erfindungen, Marken a Kreatioune geschützt ginn. Am Zäitalter vun der Digitaliséierung gëtt dat fir kreativ Leit a Betriber ëmmer méi wichteg. Op der eelefter Editioun vun der Journée luxembourgeoise de la propriété intellectuelle an der Chambre de Commerce gouf ee gewuer, wéi sech dëse Secteur zu Lëtzebuerg weiderentwéckelt.

auto_stories

7 min

De Lëtzebuerger Institut de la Propriété intellectuelle, kuerz IPIL, ass e Groupement d'intérêt économique, deen eréischt viru véier Joer vum Wirtschaftsministère geschaf gouf. De Lex Kaufhold beschäftegt sech schonn zanter 15 Joer mat dëser Matière.

Am Office de la Propriété intellectuelle vum Wirtschaftsministère këmmert ee sech ëm Breveten (Patenter), Marken, Dessins et Modèles an d'Droits d'Auteurs. "Mir sinn eigentlech nëmmen e klenge Service, vun néng Leit am Wirtschaftsministère", seet de Lex Kaufhold.

Dat ass net vill fir e Secteur, deen och fir d'Wirtschaft, d'Betriber a fir Createuren zu Lëtzebuerg ëmmer méi wichteg gëtt. Well d'Propriété intellectuelle mécht et méiglech, eng Erfindung, eng Mark oder eng Kreatioun schützen ze loossen. Wat, Business-méisseg, duerchaus Sënn mécht, seet de Mario Grotz, Chargé de Direction am Wirtschaftsministère fir Recherche, Popriété intellectuelle an nei Technologien.

Sou kéint ee beispillsweis verhënneren, datt eng aner Entreprise dee selwechte Produit ubitt an datt een dono Problemer huet, seng eegen Innovatioun ze exploitéieren. Intellektuell Proprietéit hätt donieft och eng ekonomesch Valeur. "Dat kënnt an den Actif vun der Entreprise stoen, an dat weist och aus, datt déi Entreprise méi eng grouss Valeur huet, wéi wann d'Propriété intellectuelle net geschützt wier", seet de Mario Grotz.

Propriété intellectuelle am Wandel

Dës immateriell Wäerter hätte virun 20, 30 Joer nach net esou vill ausgemaach, seet de Lex Kaufhold. Deemools hätten immateriell Wäerter am Duerchschnëtt ronn 20 Prozent vum Wäert vun enger Bourse-quotéierter Gesellschaft duergestallt, haut sinn et 80 Prozent. "Wann Dir elo all d'Fabricke vu Coca-Cola kaaft, da sinn déi eigentlech näischt wäert, sou laang Dir d'Mark Coca-Cola net hutt. Wann Dir d'Mark Coca-Cola kaaft, da kritt Dir d'Fabricke quasi gratis dobäi."

Déi digital Revolutioun bréngt och fir d'Propriété intellectuelle grouss Erausfuerderungen. D'Méiglechkeet illegal Kopien ze maache wier nëmmen ee Beispill. Nei Technologien wéi 3-D Printing géifen et haut scho méi einfach maachen, fir illegal Kopien vu physesche Géigestänn ze maachen. Dofir wier et sou wichteg, sech seng Propriété intellectuelle a säi Knowhow ze schützen. Och déi Europäesch Kommissioun fërdert d'Propriété intellectuelle, fir dat Wëssen, dat an Europa kreéiert gëtt, ze schützen.

Lëtzebuerger Secteur wiisst

De Secteur vun der Propriété intellectuelle wiisst weider zu Lëtzebuerg. Haut ginn et néng sougenannte Patentbüroen hei am Land, an et schaffe ronn 300 Leit am IP-Secteur, dorënner de Jean-Paul Wagner, Conseiller en Propriété industrielle, op däitsch "Patentanwalt".

"De Gros vun eiser Zunft sinn Ingenieuren, also mat engem technesche Background. Wéi ech virun zéng Joer an deem Beruff ugefaangen hunn, war ech éischter en Exot." Och haut kéinten déi meeschte Leit nach näischt mat der Beruffsbezeechnung Conseiller en Propriété industrielle ufänken. D'Bewosstsinn vun der Problematik vun der Propriété industrielle a vun hirer Valeur hätt sech iwwer d'Zäit lues a lues entwéckelt.

D'Europäescht Patentamt huet zejoert 106.000 europäesch Patenter accordéiert, eng Hausse vun zéng Prozent am Verglach mam Joer virdrun. Ënner den 166.000 Demandë fir en europäesche Brevet am Joer 2016 waren der 749 vun den Deposanten aus Lëtzebuerg - ronn véier Prozent méi wéi d'Joer virdrun. D'Prozedur, fir e Patent unzefroen an ze kréien, dauert meeschtens véier Joer an ass zimlech deier, seet de Jean-Paul Wagner. Ee Patent, dat een an Europa umellt, kéint iwwer d'Zäitspan vun e puer Joer séier 10.000 Euro kaschten. Wann nach verschidden Iwwersetzungen dobäi kommen, kéint et och séier méi sinn.

Lëtzebuerg ass kompetitiv

Lëtzebuerg huet eigentlech kee kompetitiven Avantage, wat Patent-Demanden ugeet. "Ausser vläicht deen, datt een, wann een en europäescht Patent ufreet, un Iwwersetzungskäschte spuere kann", seet de Lex Kaufhold. Zu Lëtzebuerg hätt een den Avantage, datt d'Europäescht Patentamt op Däitsch, Fanséisch an Englesch delivréiert. Nodeems se vum Europäesche Patentamt accordéiert goufen, mussen d'Patenter nach an den eenzelen EU-Staaten an an den zéng associéierte Länner validéiert ginn, fir och do ze gëllen.

Méi e groussen Avantage gëtt et, oder besser, gouf et laang, bei der Besteierung vun de Revenuen aus der Propriété intellectuelle. Zanter 2008 war et zum Beispill méiglech, d'Revenuen aus der Notzung vu Markennimm vu multinationale Konzerner an eng Bréifkëschtefirma zu Lëtzebuerg fléissen ze loossen, wou se da kaum besteiert goufen. An der Suite vum LuxLeaks-Skandal an dem Drock fir nei Regele vun der OECD, gouf dëse Regime 2016 ofgeschaaft. Zwee Joer drop ass elo e neie Regime en Place - dat deementspriechend Gesetz gouf am Mäerz an der Chamber gestëmmt.

Ekonomesch Substanz amplaz Steiernischen

Revenuen, déi iwwer Breveten an Droits d'Auteuren op Software generéiert ginn, bleiwen zu 80 Prozent steierfräi. An de Käschtepunkt, de sougenannten Déchet fiscal, soll mat 50 Milliounen Euro d'Joer deen nämmlechte bleiwen. Ausgeschloss ginn awer elo Markennimm an Internet-Domain-Nimm. Bréifkëschtefirmen ouni ekonomesch Substanz hei am Land kënnen elo net méi vun dëse Steieravantagë profitéieren, seet de Lex Kaufhold.

Haut wier et erwënscht, datt d'Entreprisen hire Centre de Recherche oder op d'mannst een Deel vun hirer Recherche hei zu Lëtzebuerg etabléieren. "Et ass also net geduecht als renge Vehicule fiscal. Dat ass en Auslafmodell. Anerwäerts kann ee sech awer och net erlaben, guer net méi matzespillen, vue datt aner Länner dat awer och nach hunn - d'Belsch, Holland, Irland."

Et ginn nach aner nei Entwécklungen am Lëtzebuerger Secteur. Den Ament gëtt un engem neien, eenheetlechen europäesche Patent geschafft, seet de Jean-Paul Wagner. Fir dat Recht soll och een neit europäescht Patentgeriicht geschaf ginn, mat enger zweeter Instanz zu Lëtzebuerg, seet de Lex Kaufhold. Dat wier "eng formidabel Chance, déi mir eis net sollten entgoe loossen".

Lëtzebuerger Space-Secteur dreift d'Entwécklung

Och deen neie Lëtzebuerger Secteur fir Weltraumressourcë géif interessant Perspektive fir d'Entwécklung vun der Propriété intellectuelle bidden. Amerikanesch an aner international Betriber aus deem Beräich sinn nämlech déi, déi d'Propriété intellectuelle mat enger IP-Strategie vun Ufank un an hire Geschäftsmodell abauen, seet de Mario Grotz.

Am Wirtschaftsministère géif eng Direktioun déi verschidde Secteure couvréieren, notamment de Secteur vum Space. An déi selwecht Direktioun ass och fir Propriété intellectuelle zoustänneg, déi eng horizontal Roll iwwer all de Secteure spillt. All Kéiers wa sou ee Secteur soll entwéckelt ginn, kéint een d'Froe vun der Propriété intellectuelle direkt mat integréieren. Et kéint een dowéinst och kucken, wéi ee bestëmmten Entreprisë Servicer kéint ubidden.

Lëtzebuerg leescht Pionéieraarbecht

Den IPIL, den Institut de la Propriété intellectuelle Luxembourg, bitt de Betriber zum Beispill eng Patentrecherche un. Dat heescht, den IPIL kontrolléiert, ob a wéi eng Patenter et a bestëmmte Beräicher scho gëtt. Am Spaceresources-Secteur ass dat bis ewell nach net gemaach ginn. Do leescht den IPIL, mat Hëllef vum Europäesche Patentamt Pionéieraarbecht, seet de Lex Kaufhold.

Als Aktionär vun der amerikanescher Spaceresources Gesellschaft Planetary Ressources, an déi de Staat 25 Milliounen Euro investéiert huet, an där hir europäesch Filial zu Lëtzebuerg ass, huet de Lëtzebuerger Staat Interêt drun, datt dës Firma och mat zukünftege Patenter hire Wäert steigere kann. Et kéint een esou Firmen zwar net soen, wou si hir Patenter sollen umellen a wéi si hir Strategie fir d'Propriété intellectuelle sollen opbauen, sou de Mario Grotz.

Et wier awer evident, datt d'Propriété intellectuelle vun Entreprisen, déi de Wirtschaftsministère aktiv begleet an an déi och investéiert gëtt, an der Lëtzebuerger Struktur solle bleiwen. Et wier wichteg, datt déi Gesellschaft, déi hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg huet, och déi néideg Patenter besëtzt. Dem Lëtzebuerger Wirtschaftsministère ass et wichteg, datt dës Lëtzebuerger Entreprisë keng Royalties musse bezuelen, fir déi Patenter iwwerhaapt benotzen ze dierfen.

Dat ass de Modell vun enger Wirtschaftsstrategie, an där probéiert gëtt, d'Innovatioun an d'Recherche hei am Land och doduerch virunzebréngen, andeems se ëmmer méi enk mam Beräich vun der Propriété intellectuelle verknäppt gëtt.