Radioen

On air

De Moien  |  Genesis Owusu - Wutd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Frae wéi Männer

Gemengerot Gréiwemaacher

Méi Frae wéi Männer

De Gemengerot zu Gréiwemaacher ass aus sechs Fraen a fënnef Männer zesummegesat. Domat ass d'Gemeng am Osten eng vu 16 Gemengen, an där de Gemengerot aus 40 oder méi Prozent Frae besteet. Och wann d'Quote vu 40 Prozent sech net um Gemengenniveau applizéiert, ass de Prozentsaz vun de Kandidatinne bei deene leschte Walen eropgaangen.

auto_stories

2 min

D'Gemeng vu Gréiwemaacher

Et wier een normale Phenomen, datt ëmmer méi Fraen an de Gemengerot kommen, seet déi Maacher CSV-Gemengeconseillère Carine Sauer. D'Bevëlkerung misst sech an de Gemengeposten erëmspigelen. D'Fraen am Gemengerot zu Gréiwemaacher begréissen, datt si sou gutt vertruede sinn.

"Ech si souwisou eng Fra, déi sech fir d'Fraen asetzt, a menger ganzer politescher Carrière bis dato an ech wäert dat och weider sou maachen", seet d'CSV-Conseillère Liane Felten. Et géif ee gutt fonctionnéieren an engem Gemengerot, deen aus sechs Fraen a fënnef Männer besteet.

E Gemengerot, dee majoritär aus Frae besteet, ass hei zu Lëtzebuerg awer ëmmer nach aussergewéinlech, mengt d'Christa Brömmel, Politikbeoptraagt beim Centre d'Information et de Documentation des Femmes. An deene skandinavesche Länner géif dat schonn als méi normal ugesinn.

Dës Länner géife scho méi laang eng Politik maachen, déi Gläichstellung fërdert.

"Do ass dat vläicht e bësse méi an déi gesellschaftlech DNA eragewuess. An ech mengen, do hunn dann déi méi südlech oder zentraleuropäesch Länner einfach Schwieregkeete fir nozekommen." Dës Entwécklung schéngt sech elo ze änneren. Wann ee géif gesinn, datt méi méiglech ass, kéint dat dozou féieren, datt och bei enger nächster Wahl, eventuell nach méi Fraen an de Gemengerot gewielt ginn.

Bei de Gemengewahlen am Joer 2011 ware ronn 21 Prozent Frae gewielt ginn. No deene leschte Gemengewahlen läit een hei bei knapp engem Véierel. Dat geet aus engem Rapport vum Conseil National des Femmes CNFL ervir, dee sech mat éischte Resultater beschäftegt. Mä wat bedeit déi nei Opstellung fir eng Gemeng mat knapp 5.000 Awunner?