Radioen

On air

Webinar  |  Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sensibel Daten detektéieren an da sécher stockéieren

DNA-Analys

Sensibel Daten detektéieren an da sécher stockéieren

DNA: Se mécht eis Mënschen aus, enthält d'Informatiounen, déi eis definéieren, souzesoen eise Bauplang. A wéi dat hautdesdaags esou mat Informatiounen ass, kënne se och an déi falsch Hänn geroden an a verschiddene Fäll esouguer géint eis benotzt ginn.

auto_stories

5 min

Et gëtt ëmmer méi beléift, an et gëtt och ëmmer méi bëlleg: duerch d'DNA seng Genealogie, also seng Familljegeschicht ermëttelen ze loossen. Donieft ginn et natierlech och vill medezinesch Grënn, seng DNA sequenzéieren, also analyséieren ze loossen. 97 Prozent dovunner sinn net sonnerlech interessant, well se bei alle Mënsche gläich sinn. Bei den aneren dräi Prozent ginn et dann awer Informatiounen, déi méi sensibel sinn, seet de Jérémie Decouchant vun der Uni Lëtzebuerg, a gëtt d'Beispill, wann een duerch d'DNA, seng Familljegeschicht erstelle léisst:

"Ee vun de Risiken, déi do entstoe kënnen, ass, datt erauskënnt, datt de Risiko bei der Persoun fir zum Beispill Alzheimer ze kréie méi grouss ass. Datt ka sech dann negativ op d'Assurance auswierken oder d'Bank gëtt net esou gären e Prêt."

Informatioune ginn an enger Cloud gespäichert

Wann ee seng DNA analyséiere léisst, ginn déi Informatiounen an enger Cloud, wéi se Amazon oder Google ubitt, stockéiert an am Normalfall net weiderginn, seet den Ingenieur an der Informatik. Wann een sou een Test bei enger Firma maache léisst, déi dëse Service ubitt, ass net garantéiert, datt dës Daten net weiderginn. A wann een dat do mécht, muss een enger Klausel zoustëmmen, datt ee seng Informatiounen un dës Entreprise weidergëtt.

Viru Kuerzem gouf an den USA eng Firma, déi DNA-Analysen ubitt, vun engem Pharmakonzern opkaaft, sou datt si op d'Clientsinformatiounen Zougrëff krut.

Déi wichteg Donnéeën erausfilteren

Fir sécher ze sinn, datt an Zukunft d'Informatiounen, déi bei enger DNA -Sequenzéierung erauskommen, Predispositioune fir eng Krankheet zum Beispill, sécher sinn, huet de Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg zesumme mat der Doktorandin Maria Fernandes e System entwéckelt, déi déi net esou wichteg vun de sensibelen Informatiounen trennt:

"Wat mir fäerdeg bruecht hunn, ass bei den Informatiounen, déi bei esou enger DNA-Sequenzéierung erauskommen, déi sensibel dräi Prozent vum Recht ze trennen. Mir kënnen déi ganz séier identifizéieren an da schützen."

De Virdeel hei ass, datt nëmmen d'Persoun selwer am Besëtz vun dësen Informatiounen ass, an da selwer decidéiere kéint, ob déi zum Beispill un en Dokter weidergi ginn. Fir déi Trennung ze maachen hunn déi zwee Wëssenschaftler en Algorithmus entwéckelt. Dee sënnert dann aus der DNA déi bekannt Saachen, also déi 97 Prozent déi bei jiddwerengem selwecht sinn aus, fir datt esou nëmmen déi aner dräi Prozent, déi eis ënnerscheeden, iwwereg bleiwen. Déi Infoe ginn dann net, wéi et de Moment geschitt, un eng Cloud geschéckt, mee se gi lokal geschützt, seet de Jérémie Decouchant.

D'Privatsphär schützen

Fir de Jérémie Decouchant gëtt d'Sécherheet vun der DNA ëmmer méi wichteg, net nëmme well ëmmer méi Leit sech duerch Analysen op d'Sich no hirer Famille maachen, mee och an der Medezin ginn zur Zäit ganz interessant Saachen entwéckelt: "Et geet hei ëm déi personaliséiert Medezin a Medikamenter, déi spezifesch op d'Besoine vun enger Persoun zougeschnidde ginn. Sou keent een an Zukunft ausschléissen, datt Medikamenter schlecht doséiert ginn."

Mee do ass et am Optimalfall déi eegen Decisioun, ob een dozou seng Donnéeën zu Verfügung stellt. Well et wier engersäits wichteg, d'Privatsphär an den Dateschutz ze respektéieren an ze schützen, seet den Ingenieur an der Informatik.

DNA-Informatioune gi gebraucht

Anerersäits ass een an der Fuerschung awer och op d'Informatiounen ugewise fir weiderzekommen: "Dat ass déi ganz Schwieregkeet. Mir mussen déi Informatioune fir d'Fuerschung deele kennen. Wat mir méi Donnéeën disponibel hunn, wat d'Wahrscheinlechkeet, eppes Neies ze fannen, méi grouss gëtt, an d'Statistike méi genee ginn. Anerersäits mussen awer och déi perséinlech Donnéeë geschützt ginn."

Mat dem Algorithmus, deen hien entwéckelt huet, wier een op engem gudde Wee, d'Informatioun méi séier zur Verfügung ze stellen, seet de Wëssenschaftler. Trotzdem wieren d'Donnéeë besser geschützt.

De System kommerzialiséieren

No der Entwécklung vum System ass den nächste Schrëtt d'Kommerzialiséierung. Dat heescht, datt Laboen, déi de Service vun der DNA-Sequenzéierung ubidden, hire Clienten eng méi grouss Sécherheet ubidde kennen, seet de Jérémie Decouchant:

"Mir hunn elo en éischt Patent hannerluecht, dat och hei zu Lëtzebuerg akzeptéiert gouf. Lo si mir am Prozess, deen och um internationalen Niveau gülteg ze maachen. Vum FNR hunn ech donieft och d'finanziell Ënnerstëtzung kritt fir e Prototyp hierzestellen an ze kucken, wéi een d'Kommerzialiséierung vun dësen Iddien duerchféiere kann."

Falls dee System dann an Zukunft vläicht iwwerall benotzt gëtt, gëtt et da méi sécher zum Beispill seng Genealogie, säi Familljestammbam, erfuerschen ze loossen. An och de Jérémie Decouchant selwer wier dann dorunner interesséiert: "Ech géif dat och gäre maache loossen. Mee well ech d'Situatioun kennen, hunn ech Angscht dat ze maachen. Mee wa mir d'Informatioune schütze kennen, wäert ech et awer maachen."