Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sex am Labo

Sexologie

Sex am Labo

De Sexualfuerscher Alfred Kinsey huet mat senge Kinsey Reports an de 1950er Joren e wichtege Grondstee fir d'Sexologie geluecht. Nach bis haut gi se dacks zitéiert, mee seng Feststellunge gëllen deelweis och als vereelzt. Wat zeechent déi haiteg Sexologie aus a wéi eng Roll spillt dat Fuerschungsgebitt iwwerhaapt zu Lëtzebuerg?

auto_stories

5 min

Sexualitéit bleift een Tabuthema. Foto: Bigstock

De Filmemaacher Woody Allen huet vill witzeg, mee virun allem och sënnvoll Saachen iwwer Sex gesot. Vun him staamt ënner anerem de Saz: "Love is the answer, but while you are waiting for the answer, sex raises some pretty good questions." Genee dës Froe gi sech vun deene Mënsche gestallt, déi am Beräich vun der Sexologie täteg sinn.

Sexologie, dat ass d’Wëssenschaft, déi sech mat der Sexualitéit an dem sexuelle Verhale beschäftegt. An der Sexualwëssenschaft läit de Schwéierpunkt zum engem op der empirescher Fuerschung, mee zum anere ginn och physiologesch, psychesch a soziokulturell Aspekter vu Sexualiteit ennert d’Lupp geholl.

Sexologen zu Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg si Sexologen nach ëmmer rar geséint. Wie bei Editus no hinne sicht, kritt knapp siwe Resultater déi eendeiteg op déi Offer hiweisen. De Gaston Schmit, Premier conseiller beim Ministère de l'Enseignement Supérieur et de la Recherche gëtt op Nofro un, datt am leschte Joerzéngt just em déi zéng jonk Mënsche mat engem opgeschlossene Studium an dësem Beräich an d’Land zréckkomm sinn. Fir hien huet dat och domadder ze dinn, dass de Beruff zu Lëtzebuerg net offiziell unerkannt ass. Dofir ass et wichteg och nach en anert Studium derbäi ze maachen.

Déi jonk Lëtzebuergerin Stéphanie Trauden huet dat gemaach. No hirem Grondstudium als Assistante Sociale huet si decidéiert e Master en sciences de la famille et de la sexualité ze maachen. Iert et un d’Sexologie selwer goung, huet si eng ganz Rei aner Fächer beluecht: Zum Beispill d'Soziologie vun der Famill a vun der Koppel, d'Geschicht vun der Sexualitéit, d'Psychologie iwwer d'Paartherapie, ma och d'Kandheetsentwécklung. A vill Biologie, "net nëmmen iwwer sexuell iwwerdrobar Krankheeten, mee och iwwer d'Fro vu Kriibs, Handicap, Sexualitéit am Alter." An engem weidere Schrëtt koum dann d’Sexologie dobäi. An déi wier immens breet gefächert , erkläert d’Stephanie Trauden. "Et ass net ee Studium an dann ass ee fäerdege Sexolog." Et wier wichteg, sech ëmmer erëm weider ze bilden.

D'Geschicht vun der Sexualfuerschung

Mee iert Stéphanie Trauden d’Fach konnt studéieren ass an der Geschicht vun de Sexualfuerschung villes geschitt. Wéini de sexologeschen Urknall stattfonnt huet, a wien op den Ausléiser gedréckt huet ass schwéier ze beäntweren. Eng ganz Rei Leit aus ganz ënnerschiddlechen Disziplinnen hunn nämlech den Terrain preparéiert, deels schonn viru méi wéi 100 Joer. Dorënner ware vill Biologen, déi dacks fir d'éischt mat Déieren experimentéiert hunn. Den amerikanesche Biolog Albert R.Shadle huet beispillsweis an der éischter Halschent vum 20. Joerhonnert d’Sexualliewe vu Sténkdéieren, Stachelschwäin a Wäschbieren analyséiert.

Haut ass de Fuerschungsfong awer scho vill méi vaste a bezitt sech eben och op déi mënschlech Sexualitéit. D’Stephanie Trauden betount, d'Sexualitéit géif zu enger Partnerschaft gehéieren. "De Mënsch besteet jo doduerch, datt hie sech fortplanzt."

D'Kinsey Reports

Grad dës Feststellung huet awer de 1950er Jore schockéiert, wéi déi sougenannte Kinsey Reports erauskoumen, vum wuel prominentste Sexolog an der Geschicht, dem Alfred Kinsey. Hien huet deemools net nëmme gesot, datt Mënschen eppes wéi eng Libido hunn, déi potentiell deeglech zum Asaz kéint kommen – ma hie wollt och wëssenschaftlech beleeën, datt ee sech net nëmmen zu engem Geschlecht higezu ka fillen. Den Alfred Kinsey war als Sexolog fir déi eng en Heils- a fir déi aner en Unheilsverkünder.

An Europa huet den däitsche Sexualfuerscher Magnus Hirschfeld scho fréi dofir plädéiert, net a gesellschaftleche Geschlechternormen ze denken. 1919 huet hien d’Institut für Sexualwissenschaft an d’Liewe geruff an domat der Fuerschung zum Thema eng Plaz ginn.

E Pionnéier an der Sexologie zu Lëtzebuerg

Datt Glawen a Sexualfuerschung awer och op onerwaarten Aart An Weis kënnen Hand an Hand goen, weist d’Beispill vum mëttlerweil verstuerwenen éischte Lëtzebuerger Sexolog Mill Majerus. Den CSV Deputéierten huet senger Zäit selwer ironesch behaapt, hie géif ausgesi wéi e biedere Bopchen. Ma viru progressiven a provokativen Aussoen huet hie sech awer net gescheit.

Seng Duechter d’Catherine Majerus ass selwer Psychologin a Paartherapeutin. Si erzielt, Relioun a Sexologie wiere fir hire Papp kee Widdersproch gewiescht. D'Kierch hätt am Mill Majerus senger Geschicht als Sexolog eng éischter positiv Roll gespillt. Hien hätt säi Studium souguer vun der Kierch finanzéiert kritt fir kënnen de Centre pastoral familial mat opzebauen.

Net genuch politesche Wëllen

Zum Mill Majerus sengen Zäiten, ma och haut ass de Beruff vum Sexolog awer nach net ganz akzeptéiert, seet deem säi Meedchen. Dacks géifen d'Leit mengen, si wéissten a kéinte schonn alles, wat d'Sexualitéit betrëfft. "Hannendru stécht ganz vill Angscht, Gêne a Schimmt a fir déi meeschte Leit ass et schwéier d'Sexualitéit oppen unzeschwätzen." Dofir wier et un deenen, déi Sexualerzéiung géife maache fir de Message ze vermëttelen, datt Sexualitéit ganz normal wier, "an datt een och mat 50 nach kann nei Saachen entdecken." Et wier wichteg, datt d'Leit wéissten datt - a wou si eng Plaz hätten fir hir Froe kënnen ze stellen, betount d'Catherine Majerus. "Dat ass dat Politescht un deem ee muss schaffen."

D'Catherine Majerus kritiséiert zum Beispill d'Sexualerzéiung an de Schuelen, fir déi schonn hire Papp sech agesat hat. Haut stéing si zwar um Programm, "mee dann ass et um Léierpersonal fir ze soen 'ech maachen dat flott' oder 'et ass mir z'intim, ech kann dat net'." D'Catherine Majerus fuerdert méi politescht Engagement.

De politesche Wëlle géif feelen. "Och fir sech kloer ze positionéieren, par rapport zu neie Sexualitéiten, zu Anescht-sinn." Dat géif der Catherine Majerus no weisen, datt d'Sexualitéit nach ëmmer een Tabuthema wier, besonnesch a politesche Kreesser.