Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si haten d'russesch Invasioun virausgesinn

Zäithistoriker

Si haten d'russesch Invasioun virausgesinn

Zwee Intellektueller aus den USA hunn d'russesch Attack op d'Ukrain scho virun e puer Joer annoncéiert - ee vun hinne souguer op den Zäitpunkt genau. Wéi fënnt een an der Vergaangenheet Prinzippien, déi d'Zukunft viraussoen? Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

D'russesch Invasioun vun der Ukrain, de 24. Februar 2022, war eng gewalteg, brutal an traumatesch Iwwerraschung fir déi meescht Europäer. Net nëmme well se net op dëse Krich virbereet waren, mee well Krich u sech fir si onvirstellbar gi war - et war eppes Grujeleges, eppes Knaschteges, eppes Réckstänneges, eppes wat hinnen iergendwéi net wierdeg war.

Fir d'Amerikaner war et manner iwwerraschend. Et war eben en anere Krich, wäit ewech vum Epizentrum vun der zäitgenëssescher Zivilisatioun, wou si jo liewen. Et ass dowéinst vläicht net erstaunlech, datt zwee Intellektueller aus den USA d'russesch Attack scho virun e puer Joer annoncéiert haten - ee vun hinne souguer op den Zäitpunkt genau.

Westlech Schold

Déi zwee hu sech zu engem gudden Deel op historesch Iwwerleeunge gestäipt. Domadder hu se dat fäerdegbruecht wat déi meescht Leit sech vun enger zolitter, geschichtlecher Analys erwaarden: si hunn an der Vergaangenheet Prinzippie fonnt, fir d'Tragedië vun der Zukunft virauszegesinn. De Problem ass, datt déi zwee Experte komplett verschidde Prinzippie fonnt hunn, eigentlech géigesätzlech Analysen hunn a sech, am Allgemengen, net eens sinn.

Den éischten ass den John Mearsheimer, en amerikanesche Politikwëssenschaftler, deen an international Bezéiunge spezialiséiert ass. De Mearsheimer warnt schonn zanter Jore virum engem oppene Krich tëschent dem Westen an de Russen. A no senger Analys dréit de Westen d'Haaptresponsabilitéit an der Situatioun, déi dozou kéint féieren.

Wat senger Meenung no d'Kris verursaacht huet, ass d'Zil vun den Amerikaner an hir europäesch Alliéierter d'Ukrain aus dem russeschen Orbit ze léisen an et am Westen ze integréieren. Fir dat Zil z'erreechen hu se, dem John Mearsheimer no, eng Strategie entworf, déi dräi Schlësselelementer huet: Nato-Erweiderung, EU-Erweiderung an Ënnerstëtzung vu pro-westleche Revolutiounen.

Fir den amerikanesche Professer war d'russesch Attack net onbedéngt eng Iwwerraschung, well de Putin schonn dacks widderholl hat, dass d'Russe géifen ripostéieren. Wou 1999 an 2004 déi éischt Nato-Erweiderungen no Oste stattfonnt haten, konnt Russland net vill maachen. Et war ze schwaach a konnt nach behaapten, datt seng Interessen net direkt menacéiert waren.

Wou d'Nato-Staaten am Abrëll 2008 um Ofschloss vum Gipfel vu Bukarest awer deklaréiert hunn, datt Georgien an d'Ukrain der Allianz kéinte bäitrieden, hunn d'Russen ze verstoe ginn, datt se dat wéi eng Aggressioun géifen ugesinn. An am Summer 2008 sinn hir Truppen a Georgien amarschéiert.

Wat déi haiteg Kris direkt ausgeléist huet war, dem Mearsheimer no, d'pro-europäesch Revolutioun vum Wanter 2014. No der extrem brutaler Repressioun vun de Kiewer Demonstratiounen, huet de pro-russesche Präsident Wiktor Janukowitsch missten a Russland flüchten. D'Russen hunn doropshin d'Krim besat an d'pro-russesch Separatisten am Donbass ënnerstëtzt. Am Hierscht 2014 an am Wanter 2015, goufe Waffestëllstänn negociéiert, déi weder d'Russen nach d'Ukrainer respektéiert hunn. An esou engem Kontext konnt Situatioun egal wann ausaarten. Et ass schlussendlech am Februar 2022 dozou komm.

Genau wéi de Professer Mearsheimer huet och de Peter Zeihan d'russesch Invasioun vun der Ukrain virausgesinn. Den Zeihan ass e Spezialist a geopolitesch Froen, dee laang fir e Washingtoner Think Tank geschafft huet. Virun e puer Joren huet en decidéiert sech selbststänneg ze maachen. Säitdeem schreift e Bicher a gëtt Konferenzen. An enger vun deenen, déi viru 7 Joer stattfonnt huet, huet en da behaapt, datt d'Russen hir ukrainesch Nopere warscheinlech am Joer 2022 géifen ugräifen.

Wéi huet en dësen Tour de force fäerdegbruecht? En huet sech ganz einfach op historesch an demografesch Donnéeë gestäipt. Säin historescht, oder besser gesot geo-historescht Argument ass, datt dat historescht Häerz vu Russland en enormt Flaachland ass, dat no alle Säite fir Invasiounen opsteet.

D'Tsaren, an no hinnen d'Sowjets, hunn dowéinst ëmmer erëm versicht d'Grenze vun hirem Staat, esou wäit et geet, vu Moskau ze verréckelen. Zanter dräi Joerhonnerte versichen d'russesch Herrscher ganz besonnesch néng sougenannt Invasiounsportaler ze erreechen. Et handelt sech ëm néng strategesch Gebidder vu wou aus all Invasioun vu Russland ugefaangen huet. Nom 2. Weltkrich huet d'Sowjetunioun dës néng Plaze besat. Mee nodeems de sowjetesche Regimm zesummegebrach ass, huet Russland op eemol just nach een Invasiounsportal kontrolléiert.

Russesch Schold

Dem Zeihan no besteet dem Wladimir Putin seng Aussepolitik, zanter en un d'Muecht komm ass, doranner, déi aacht aner Invasiounsportaler zeréckzegewannen.Véier vun deenen, fir Russland strategesch Gebidder leien am Westen. Et sinn déi vu wou aus d'Polen, d'Schweden, d'Türken, d'Fransousen oder déi Däitsch ëmmer nees Russland ugegraff hunn: d'Baltesch Staaten, d'polnescht Flaachland, Moldawien an d'Krim.

Fir déi zwou lescht Gebidder ze kontrolléiere muss de Putin d'Ukrain dominéieren. Dat ass, dem Zeihan no, de Gronn wisou d'Russen zanter 2014 géint hire Noper Krich féieren. Elo stellt sech awer nach Fro, wéi de Peter Zeihan dropkomm ass ass, datt d'Invasioun 2022 géif stattfannen.

D'Äntwert ass, datt en d'russesch Demografie observéiert huet, an déi ass katastrophal. D'Russen hu net genuch Kanner. Hir Bevëlkerung altert a geet zeréck. Dat lescht Joer wou, dem Zeihan no, genuch jonk Russen disponibel si fir eng Invasiounskraaft opzestellen, ass 2022. Dono ass et ze spéit, dono sinn net méi genuch jonk Männer do fir d'Perten ze kompenséieren.

Den John Mearsheimer an de Peter Zeihan hir Analysen hu sech op engem bestëmmte Punkt gekräizt. Allen zwee hunn eng Invasioun vun der Ukrain duerch d'Russe virausgesinn. Mee si hu weder déi selwecht Approche, nach déi selwecht Aschätzung vun der haiteger Situatioun.

De Mearsheimer ass der Meenung datt de Westen de Krich provozéiert huet; datt déi stänneg Nato-Erweiderungen zanter dem Enn vun der Sowjetunioun, souwéi seng Versich d'Ukrain am Westen z'integréieren, d'Russe veronséchert a provozéiert hunn. Den Zeihan mengt sengersäits, datt d'Russen egal wéi ugegraff hätten, well d'Kontroll vun de néng sougenannten Invasiounsportalen eng stänneg Aspiratioun an hirer Geschicht ass, an eng Prioritéit vum Wladimir Putin bleift.

Dowéinst mengt en och datt d'Russen, falls se an der Ukrain gewannen, dono och logescherweis, Estland, Lettland, Litauen a Polen ugräife missten. An dat sinn alles Nato-Staaten. De Peter Zeihan behaapt also, datt de Krich an der Ukrain dauere muss. E gëtt nämlech den Amerikaner an hiren Alliéierten d'Méiglechkeet, ouni direkt militäresch Bedeelegung, d'russesch Arméi decisiv, vläicht souguer déidlech ze schwächen.

Dat ass déi bescht Optioun. Eng direkt Konfrontatioun tëschent Nato a russesch Kräfte wier fir hien eng Katastroph, well d'russesch Arméi, déi hir Schwächten an de leschte Méint evident gi sinn, géif geschloe ginn a well de Putin doropshin zu sengen Atomwaffe kéint gräifen.

Den John Mearsheimer erkläert am Géigendeel, datt de Krich esou séier wéi nëmme méiglech muss gestoppt ginn. Mat all Dag wiisst nämlech de Risk vun enger direkter Konfrontatioun tëschent der Nato an de Russen. A wann déi de Kierzeren zéien, kéinten se tentéiert sinn hir Atomwaffen ze benotzen. Op deem Punkt wéinstens si sech den John Mearsheimer an de Peter Zeihan eens. An och warscheinlech op deem, dass et an dësem Krich net virrangeg em d'Souveränitéit vun der ukrainescher Natioun geet.