Radioen

On air

Notturno  |  Bon Iver - Hey, Ma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Simone Beck

AM GESPRÉICH

Simone Beck

Als Invité an der Serie Am Gespréich schwätzt d'Simone Beck iwwer hir Karriär am edukativen a kulturelle Beräich, iwwer de Momentum, dee vun engem Kulturjoer kann ausgeléist ginn an d'Zukunft vun der Biosphär Minett.

auto_stories

4 min

D’Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun. Foto: Archiv

D'Simone Beck gouf no engem Studium vun der Geschicht, der Germanistik an der Altphilologie zu Freiburg am Breisgau, Professorin, fir d'éischt Lycée Technique Michel-Lucius an dunn am Stater Kolléisch. Vun 2003 bis 2006 war si Directrice vum Institut Pierre-Werner.

Haut ass si Coordinatrice vun der Zäitschrëft "Ons Stad", Member vun der Programmkommissioun vum groussen Theater an der Stad a Presidentin vun der Lëtzebuergescher UNESCO-Kommissioun.

Sech permanent weiderentwéckelen

Zanter 1994 gehéieren d'Festung an d'Alstad vun der Stad Lëtzebuerg zum Unesco-Weltkulturierwen. Och d'Fotosausstellung Family Of Man an d'Iechternacher Sprangprozessioun goufe vun der Organisatioun unerkannt.

Enn 2020 goufen zwee nei Projeten erageholl: de Minett Unesco Biosphere Projet - dat am Weltreseau vun de biosphere Reservater - an d'Haupeschbliesser - als Patrimoine vivant. Eng weider Kandidatur géif beim Geopark Mëllerdall lafen, preziséiert d'Simone Beck. Sou eng Unerkennung wier awer kee Grond fir Stëllstand:

"Mir kënnen houfreg sinn, mee mir mussen dat permanent um Liewe behalen. Et ass net wéi wann d'UNESCO eng Kéisklack op eppes setzt an dann dierf näischt méi bougéieren. D'Stad Lëtzebuerg ass dat beschte Beispill dofir, et ass eng Stad mat engem Stadkär, dee sech permanent weiderentwéckelt an entwéckele muss."

Lauschtert den éischten Deel vum Gespréichplay_arrow

De Programm Réserve de Biosphere ënnersicht wéi de Mënsch d'Natur verännert a wéi d'Natur sech hire Liewensraum zeréckerkämpft. D'UNESCO wier un der Lëtzebuerger Kandidatur besonnesch interesséiert gewiescht, well et sech ëm een urbaniséierten an industrialiséierte Milieu handelt. Grad eng nohalteg Entwécklung an engem dicht besidelte Raum wier en Challenge:

"Do ass d'Gretchenfrage, kann de Mënsch nees agräife wann d'Natur am gaangen ass sech hiren Espace zeréck ze huelen? Soll een de Mënsch gewäerde loossen, oder d'Natur gewäerde loossen? Zum Beispill hunn d'Administratioune wéi Nature et Forêts oder Natura 2000, Programmer déi éischter agräifen (...) Man and Biosphere analyséiert den Afloss vun der mënschlecher Aarbecht op d'Natur, mee geet wäit doriwwer eraus. Eng Réserve de biosphere ass eng Modellzon fir nohalteg Entwécklung."

Mat dësem Label steet Lëtzebuerg op enger prestigiéiser Lëscht vu ronn 129 Länner, déi zesumme fir eng besser Interaktioun tëschent der ekonomescher Entwécklung, an dem Respekt vum Environnement schaffen.

Dem Kulturjoer Fortbestand ginn

D'Biosphär Minette ass och am Programm vum Kulturjoer Esch2022 mat agegliddert. D'Simone Beck fënnt d'Zesummenaarbecht positiv a flott:

"Et ass een eng géigesäiteg Beräicherung. (...) D'Programmatioun vun Esch2022 ass par définition am Januar 2023 eriwwer. Mee et gi Saachen op d'Schinn gesat déi bleiwen a bleiwe sollen, do soll och ee gewëssenen Deel vun der Programmatioun do sinn, fir Esch2022 eng Perennitéit ze ginn."

Lauschtert den zweeten Deel vum Gespréichplay_arrow

D'Europäesch Kulturhaaptstad 1995

1995 huet d'Simone Beck Experienz an der Koordinatioun vun internationale Projete fir Luxembourg Capitale européenne de la culture gesammelt. Si war 1992 bis 1996 een Deel vun deem kulturellen Driff, deen a Schwong komm ass, zu enger Zäit wou et weder e Mudam nach eng Philharmonie gouf:

"Mir waren deemools méi modeste an hunn eis Ville européenne de la culture genannt. Dëst war e grousse Glécksmoment, mir konnten immens flott Projete realiséieren a Konditiounen, déi net einfach waren. Et war alles ze maachen, och um Niveau vun der Infrastruktur. Ech kucke gär op déi Zäit zeréck, déi villes lassgetrëppelt huet. "

Lauschtert den drëtten Deel vum Gespréichplay_arrow

Gesellschaftlech Entwécklung zu Lëtzebuerg

Vun 2003 bis 2006 war d'Simone Beck Direktesch vum Institut Pierre Werner der Françoise Pirovalli fir Frankräich an der Claudia Volkmar-Clark fir Däitschland.
Zanter Enn 2018 ass d'Simone Beck niewent hire villen anere Funktiounen, Coordinatrice vun der Publikatioun vun Ons Stad. Hire Papp, den Henri Beck, war 40 Joer laang Secrétaire général vun der Stad Lëtzebuerg a Grënner vun der Publikatioun, wou et ëm d'Geschicht an der gesellschaftlecher Entwécklung vu Lëtzebuerg geet.

Lauschtert de véierten Deel vum Gespréichplay_arrow