Radioen

On air

Resonanzen  |  Robert Schumann - Fünf Stücke im Volkston, Op. 102, I. "Vanitas Vanitatum" - Mit Humor - Cyrielle Golin (Cello), Antoine Mourlas (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Lidd fir de Wonschstär

SOT EMOL

E Lidd fir de Wonschstär

Wann een als Museker keng Musek méi ka maachen, wann d'Gesondheet net méi matspillt, ass dat wuel dat schlëmmst wat ka geschéien. A genee dat ass dem Heng Kleren geschitt.

auto_stories

2 min

De Museker ass awer no engem laange Wee nees do. En hat vill Zäit ze iwwerleeën a grad deen Ament koum him e Liddertext an de Kapp deen e virun drësseg Joer wärend senger Zäit um Mozarteum geschriwwen huet: "No more time for war and crime".

"Wärend der Zäit wou um Ufank vun deenen Deeg wou et mer net esou gutt gaangen ass, ass all Dag dat Lidd mer zeréck an de Kapp komm. Ech war och zimmlech immobil, ech konnt mech net wieren oder eppes anescht lauschteren, dat Lidd war omnipresent. A wéi dat zwee-dräi Deeg de Fall war, do hunn ech mir selwer geschwuer, wann s de aus dëser Saach awer erëm gesond eraus kënns, da méchs de eppes mat deem Lidd."

"Ech wëll vill Sänger mathuelen"

Vill Sänger heescht awer och datt den Heng Kleren Sänger aus zwou-dräi Generatioune wollt mathuelen, wat mer och gelongen ass. De Jéngsten huet der eelef deen Eelsten 78 Joer. An da wollt den Heng Kleren dee Projet och fir e gudden Zweck maachen, a wann eppes eraus kënnt, déi Suen dann ze spenden. An duerch Zoufall huet de Museker dunn d'Fondatioun Wonschstär kenne geleiert.

"An ech war direkt an déi Philosophie vun hinne verléift, ech hunn dat immens fonnt. Ech fannen et souwisou immens engem Mënsch e Wonsch ze erfëllen an dat hei huet onheemlech gepasst fir mam Wonschstär dat heiten ze maachen."

Downloads fir en Häerzenswonsch

D'Fondatioun Wonschstär erfëllt Mënschen, Erwuessenen a Kanner dacks hire leschte Wonsch, wann se duerch Krankheet oder soss Problemer um Enn vun hirem Liewen ukomm sinn.

D'Lidd "No Time for war and crime" fënnt een op iwwer 150 Plattformen , an all déi Suen déi den Heng Kleren vun deenen Downloads kritt, ginn integral un dës Fondatioun fir eben Häerzenswënsch ze erfëllen.