Radioen

On air

De Moien  |  Yannis and The Yaw - Walk Through Fire (feat. Tony Allen)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Status quo fir d'Lëtzebuerger Kompetitivitéit

Wirtschaft

Status quo fir d'Lëtzebuerger Kompetitivitéit

De "World Economic Forum" huet dës Woch säi Kompetitivitéits-Index publizéiert. Lëtzebuerg läit onverännert op der 20. Plaz vun 138 - Status quo also. Mee ass dat ee gutt Resultat?

auto_stories

3 min

E Status quo ass berouegend, mengt de Jean-Paul Hoffmann.

E Status quo ass ëmmer iergendwéi berouegend. Am internationale Kompetitivitéitsranking vun 138 Länner, deen de Weltwirtschaftsforum all Joer publizéiert, beleet Lëtzebuerg weiderhin déi 20. Plaz: D’selwecht wéi d’lescht Joer. Ugefouert gëtt den Tableau weiderhi vun der Schwäiz, d’selwecht wéi zanter laange Joren. E Land, dat trotz héije Léin an trotz engem prohibitiven Taux d’échange nach ëmmer ënner de Weltmeeschter vun der Produktioun vu Gidder mat héijer Valeur ajoutée ass.

D’Chambre de Commerce, déi zu Lëtzebuerg un der Ausaarbechtung vum Dokument matgeschafft huet, fillt sech confirméiert an hire Fuerderungen no strukturelle Changementer, fir d’Ekonomie vu Lëtzebuerg méi wettbewerbsfäeg ze maachen. Zum Deel mat Recht. Och déi Situatioun ass net nei.

"Aschätzungen a Meenungen"

De Kompetitivitéits-Index ass keng exakt Wëssenschaft. Dëst Instrument reflektéiert zu ongeféier 30 Prozent haart Fakten a Statistiken. Zum gréissten Deel gëtt et awer gefiddert aus Aschätzunge vu Chefs d’entreprise an Décideurs économiques. Déi Leit si sécher net realitéitsfriem a wësse wouvu si schwätzen. Mais et bleiwen Aschätzungen a Meenungen. Dës Methodologie sollt een am Kapp behalen, wann driwwer diskutéiert gëtt, wat et heescht, wann e Land eng Plaz no uewen oder no ënne rutscht. Dat gesot, ass di 20. Positioun wuel net dramatesch schlecht. Oder?

Gutt oder schlecht?

Et hänkt dovun of wéi een et kuckt. De Kompetitivitéits-Index weist e relative Positionnement par rapport zu aneren. Lëtzebuerg als Land an als Ekonomie wéckelt de gréissten Deel vu senge wirtschaftlechen Echangë mat Partnerlänner aus der Europäescher Unioun of. Aacht Memberlänner vun dëser Unioun - aacht Konkurrenten an anere Wieder - sinn an dësem Ranking virum Grand-Duché positionéiert. Dorënner déi üblech Verdächteg, d'"best in class", d’Streber: Däitschland, Holland. An dann och di héich performant nordesch Liga mat Schweden, Finnland, Dänemark. Awer och d’Belsch.

Lëtzebuerg läit just eng Nueslängt viru Frankräich, quasi gläich op. An dat Land gëllt jo net just als e Modell vu wirtschaftlecher Effikassitéit. An elo ass Bild wierklech net méi am Aklang mat der kollektiver Selbstaschätzung déi d'Lëtzebuerger esou an der Regel vun hirer Plaz am internationale Kompetitivitéitsranking hunn. Vum Nation branding guer net ze schwätzen ...

Firwat de Status quo?

Kompetitivitéit beschreift d’Konditiounen an deene Betriber produktiv sinn: Wéi komplex ass et iwwerhaapt eng Firma ze grënnen? Wéi einfach ass et gutt qualifizéiert Personal ze fannen, Weiderbildungen ze maachen oder duerch Fuerschung seng Produiten ze verbesseren?

Bei ville vun dëse Critèrë schneit Lëtzebuerg scho laang manner gutt of, wéi Anerer: Bei der Formatioun, bei der Gestaltung an der Flexibilitéit vun de Salairen, am Gesondheetswiesen, am Enseignement fondamental, bei der Zuel vun den Ingenieuren a Wëssenschaftler, déi d’Ekonomie zur Verfügung huet. Laangfristeg riskéiert dat problematesch ze ginn.

All dat wësse mir eigentlech scho laang. All déi Argumenter do ronderëm si scho gefouert ginn. Status quo also, an iergendwéi beonrouegend. Awer dann och iergendwou normal. Well am Moment schéngt den Zäitgeescht op alles anescht wéi op international Ouverture an oppe Kompetitioun gepoolt ze sinn. Lauschtert nëmmen den Donald Trump - mat sengem “America first” Message - an all déi aner, déi dëser Deeg léiwer méi wéi manner Barrièrë géingen opriichten.