Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steieren, historesch beliicht

Zäithistoriker

Steieren, historesch beliicht

Enn Februar huet d'Regierung déi grouss Linne vun der Steierreform fir 2017 presentéiert. Den Zäithistoriker kënnt zeréck op d'Geschicht vun de Steieren zu Lëtzebuerg. Eng Geschicht, déi nach gréisstendeels opgeschafft muss ginn.

Denis Scuto / ys

auto_stories

8 min

Mat der virgezunnener Annonce vun der Steierreform huet d'Regierung net nëmmen d'Land iwwerrascht, mee och mech als Zäithistoriker. Ech hunn an de leschten Deeg séier versicht ze kucken, wat iwwer d'Geschicht vun engem esou wichtege Sujet wéi d'Steieren an d'Steierpolitik bis elo geschriwwe gouf. An ech war iwerrascht, wéi wéineg ee fënnt. Eng bibliographesch Sich an de Fichiere vun der Nationalbibliothéik mat deene Stéchwierder, op Däitsch a Franséisch, huet net wäit gefouert. Et fënnt ee méi zur Hondssteier an zu de Steieren am Mëttelalter an am Ancien Régime wéi zur Zäitgeschicht. An der exzellenter Bibliographie vum Paul Zahlen a vum Statec zu wirtschaftlechen a soziale Froe fënnt een all déi Publikatiounen, déi Steierverwaltunge selwer dozou erausginn hunn, an déi e Bléck op d'19. an 20. Jorhonnert erlaben. Während sech déi meescht Artikele vun Economisten a Journaliste mat der Steierpolitik vum haitegem tertiaire Lëtzebuerg beschäftegen. Historiker hu sech der Fro weider net ugeholl.

Op den Assisë vun der Historiographie vu November 2015 op der Uni Lëtzebuerg hat de Paul Zahlen gewisen, datt d'Publikatiounen zur Lëtzebuerger Wirtschaftsgeschicht sech virun allem mat der Stolindustrie an der Eisebunn, souwéi mat de grousse Mutatiounen vun der Lëtzebuerger Economie an de leschten 150 Joer beschäftegt hunn. Mee bal guer net mat anere wirtschaftleche Secteuren, mat de Krisen, mat der Landwirtschaft, mat Technikgeschicht. An eben och ganz wéineg mam Staat als Wirtschaftsacteur, ënner anerem an engem Beräich wéi der Steierpolitik. D'Sozialhistoriker hu sech hirersäits mat der Geschicht vun de Gewerkschaften an de Sozialversécherunge beschäftegt. Mee net mat de Steieren, mat deenen d'Bevëlkerung konfrontéiert gouf.

D'Ufankszäit vum Grand-Duché

Dat ass ëmsou méi iwwerraschend, wëll d'Steierpolitik, oder besser gesot de Protest an de Widderstand géint d'Steierpolitik vum Kinnek-Groussherzog Wëllem I. ee vun de Grënn vun der belscher Revolutioun war, déi zum Londoner Vertrag vun 1839 an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg a senger haiteger Form gefouert huet. Wéi an deenen anere Länner ass d'Geschicht vun der Fiskalitéit enk verbonne mat der Geschicht vum Nationalstaat, an duerno vum Sozialstaat. Eng Fiskalitéit, déi sech verännert huet. Déi d'Liewe vun de Bierger a Biergerinne verännert huet, an déi e wichtege elektoralen Enjeu gouf a bleift.

Am 1815 gegrënnte Groussherzogtum gouf an enger éischter Phase déi franséisch Steierpolitik aus der Zäit vun der franséischer Okkupatioun bäibehal. D'Revolutioun hat en neie Prinzip agefouert: D'Gläichheet virun de Steieren. Déi dräi Haaptsteierzorten goufen och no 1839 iwwerholl: den Impôt foncier um Grondbesëtz, den Droit de patente op den industriellen a kommerzielle Revenuen, an eng Kappsteier, d'Contribution personnelle.

No der Revolutioun vun 1848 gouf zu Lëtzebuerg de Steiersystem moderniséiert. Eng nei Steier, d'"Contribution mobilière" huet den "Impôt personnel" an den "Droit de patente" ersat. Modern heescht net, datt de System mat haitegen ze vergläichen ass. Dat gëtt kloer an den Tauxën, mat deenen ee besteiert gouf: Gehälter, Pensiounen an aner Revenuen aus lounofhängeger Aarbecht  goufen zu 1 Prozent besteiert. Kapitalerträg aus Zënsen, Industrie oder Handel mat 2 Prozent. Vun dëser "Contribution mobilière" ware Persoune befreit, deenen hiert Akommes net méi héich wéi 100 Frang pro Joer war, oder d'Pensioun net méi wéi 200 Frang. Net besteiert goufen d'Zaldoten, d'Gesellen, d'Arbechter, d'Doléiner an d'Dengschtpersonal. D'Revenuë vun de Gemengen, Hospizien an Institutiounen, déi sech ëm déi Aarm gekëmmert hunn, an de Kierchefabrike waren och steierfräi. Eng Grondsteier vun 10 Prozent gouf doriwwer eraus op d'Nettoerträg vun de Proprietéiten, bebaut an onbebaut, erhuewen. Auslänner, déi net permanent zu Lëtzebuerg gelieft hunn, goufe just op deem Akommes besteiert, dat si am Land kritt hunn.

De schlanke Staat

1868 gouf dëse Steiersystem reforméiert. Vun do un huet all Awunner, ausser déi, déi als aarm ugesi goufen, eng perséinlech Steier, "Capitation" genannt, vun 2 Frang bezuelt. D'"Contribution mobilière" blouf bei 1 Prozent. Deen hunn awer elo och d'Aarbechter, d'Doléiner an d'Dengschtpersonal bezuelt, wann si méi wéi 400 Frang am Joer verdingt hunn. An d'Gemengen an d'Kierchefabriken op hir Erträg. D'Steier op Zëns- Handels- a gewerblech Revenuë gouf op 3 Prozent eropgesat. Gewënner, déi iwwert enger Verzënsung vu 5 Prozent louchen a Revenuen aus fräiberuflecher Aarbecht goufen mat 2 Prozent besteiert. Déi Tauxen hu souwuel fir d'Personnes physiques wéi fir d'Personnes morales, also d'Entreprise gegollt. D'Grondsteier gouf op 8 Prozent vum Nettoertrag nom Kadaster erofgesat. Mat der Industrialiséierung ass en "Impôt minier" dobäikomm.

Dir hutt verstanen, datt mir an den Zäite vum liberalen an äusserst schlanke Staat vum 19. Jorhonnert waren. Eng Zäit vu Flat taxes, déi anengems Low taxes waren. Mat där Steierpolitik sinn net vill Suen an d'Staatskeesse komm.

Wéi de frësch genannte Staatsminister Paul Eyschen 1888 virschléit huet, d'50 Joer Autonomie vum Groussherzogtum (1839-1889) ze feieren, gëtt seng Iddi nach net mat Begeeschterung opgeholl. Den Nationalstaat stécht nach an de Kannerschong a fir vill Leit ass 1839 nach genee sou d'Erënnerung un eng Trennung vun de Lëtzebuerger vun deem Gebitt, wat zënterhier Province du Luxembourg heescht, wéi un d'Gebuert vun enger eegestänneger Verwaltung.

Tranzparenz am 19. Joerhonnert

Déi 50 Joër ginn effektiv nëmme vun den Administratioune schrëftlech geféiert, a féieren zu den 20 Bicher vun der "Statistique historique de l’Administration grand-ducale de 1839 à 1889". Ee vun de Bänn gëtt 1899 vun der Administration des Contributions et du Cadastre erausginn, mam Titel: "Renseignements statistiques: Impôt mobilier". Mat folgender Annexe: "Liste des contribuables ayant payé plus de 10 francs de contributions mobilières avec annotation, dans la mesure du possible, de leurs cotes foncières." Hei fanne mir no Gemengen an Uertschaften opgeschlësselt, d'Nimm vun all Steierzueler, Persounen wéi Entreprisen, an déi Steieren déi se bezuelt hunn.

Als Historiker muss ee liicht schmunzelen, wann a Politik a Wirtschaft haut vun Transparenz geschwat gëtt. Eng ëffentlech Lëscht vun all de Steierzueler (Persounen an Entreprisen) an de Montant vun hire Steieren zu Lëtzebuerg, déi méi wéi 5.000 oder méi wéi 10.000 Frang Steieren bezuelen, dat wier dach e flotte Geste vun Transparenz. 1899 huet de Lëtzebuerger Staat et nach fäerdegbruecht.

Déi 10 Frang Steieren, déi d'Wittfra Jacques Sturm, gebuere Grever, op hir Pensioun oder de Sommelier Frédéric Hungerland oder d'Hiewan Marguerite Ernsdorf aus der Stad bezuelt hunn, ginn hei erwähnt. Geneesou wéi déi 650 Frang, déi den Direkter vun der Händschefabrik Albert Reinard, déi 645 Frang déi den Direkter vun der Prënz-Henri-Bunn Jean-Baptiste Dupont, déi 850 Frang déi de Verwaltungsrotsmember vun der Rodanger Schmelz Nicolas Mersch, déi 750 Frang déi de Rentier a Baron Charles d'Hannoncelles oder déi 270 Frang déi de Staatsminister Paul Eyschen bezuelt hunn.

Oppegeluecht gëtt, datt zu Esch d'Dikrecher Brauerei 42 Frang, d'Kierchefabrik 60, d'Escher Gemeng 500, d'Société Metz et cie. 15.750 an den Aachener Hüttenverein, Gesellschaft Rote Erde 42.064 Frang u Steieren berappt huet.

Och wann no 1919 d'Steieren aus dem 19. Jorhonnert an enger grousser Kategorie "Impôt général sur le revenu" zesummegefaasst ginn, mat enger gewësser Progressivitéit, ännert sech näischt un den niddregen Tauxen. Wéi e Geschäftsmann mer eemol sot, ass dat eng vun den Erklärungen, firwat vill privat grouss Fortunen hei am Land méi einfach virum Zweete Weltkrich ze maache waren.

"Das Nazisteuergesetz"

No der franséischer Okkupatiounszäit gëtt déi däitsch nationalsozialistesch Okkupatiounszäit den zweete grousse Broch an der Steierpolitik zu Lëtzebuerg. Den däitsche Steiersystem, deen op déi enorm däitsch Rüstungsfinanzéierung zougeschnidde war, gëtt nom Krich als dat richtegt Instrument ugesi fir d'Käschte vun der Reconstructioun ze decken. An dono zur Basis vum Lëtzebuerger Sozialstaat. Einkommen-, Lohn-, Körperschafts-, Kapitalertragssteuer, Umsatz-, Vermögens-, Gewerbe-, Grund-, Kraftfahrzeug-, Kapitalverkehrs-, Grunderwerbs-, Wertzuwachs-, Wechsel-, Beförderungs-, Feuerschutz-, Versicherungs- und Erbschaftssteuer bleiwen och no der Liberatioun zu Lëtzebuerg eng Institution.

Réckbléckend op déi Zäit virun 1940 schreift de Lëtzebuerger Economiesprofesser Jean-Pierre Hamilius 1967: "Es war einmal ein Steuerparadies..." An deem polemeschen Artikel mam Titel "Das Nazisteuergesetz", gëtt enger Zäit nogetrauert, wou souwuel Eenzelleit wéi Entreprise wéineg besteiert goufen. Mee mär wësse jo, datt am Zäitalter vun der Globaliséierung haut nees vu verschiddene Kreeser vum schlanke Staat gedreemt gëtt.

Andeems hien de Fokus op den héijen Niveau vun de Staatsausgabe leet, vergësst de Professer déi eigentlech Revolutioun vun der Nokrichszäit. Déi zweet no der franséischer Revolutioun, no der philosophesch-politescher vun 1789, déi economesch a sozial vun 1945, déi aus de Steieren a Cotisations sociales am Kader vum Sozialstaat en Outil vu Redistributioun a Solidaritéit gemaach huet: vun de Räichen zu den Aarmen, vun de Gesonden zu de Kranken, vun den Aktiven zu den Net-Aktiven, vun der jonker Generatioun zu der Aler.

Déi Geschicht bleift hei zu Lëtzebuerg nach ze schreiwen, eng interessant a wichteg Geschicht. An och déi geplangten aktuell Steierreform muss am Liicht vun där Geschicht analyséiert ginn, der Geschicht vun der Ëm- an Neiverdeelung vun den Akommes- a Verméigensverhältnisser. Fir ze kucken, a wéi eng Richtung se geet. A Richtung sozial Gerechtegkeet oder sozial Inegalitéiten.