Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Bill Frisell - Nocturne Vulgaire (feat. Alexander Hanson, Brussels Philharmonic, Rudy Royston)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Storytelling fir nohalteg Léisungen

Sot emol

Storytelling fir nohalteg Léisungen

Wat dreift déi jonk Generatiounen op d'Strooss fir fir Ëmweltschutz, Gläichberechtegung, Fridden oder Rassismus ze manifestéieren, sech ze engagéieren, an aktiv ze ginn fir eppes ze beweegen? Wat fir eng Moyenen ginn et dofir?

auto_stories

3 min

Zum Beispill léiere Jonker mat Youth4planet hire Smartphone als Educatiouns-Tool ze benotzen. A klengen Ekippe produzéieren si Filmer zu nohaltegen Theemen.

D'Julia Ruhmann ass zanter Mäerz bei Youth4planet engagéiert, si geet an d'Schoulen a weist de Klassen, wéi Stroytelling funktionéiert. Donieft kréie se Methode gewisen fir hir Geschicht vun der Nohaltegkeet gutt ze presentéieren, mam But hir Meenung iwwert allerlee nohalteg Sujeten ze weisen a matzedeelen. De Basis Tool ass de Smartphone, deen als Educatiounsoutil agesat gëtt.

D'Associatioun Youth4planet ass konventionéiert, a vun zwee Männer initiéiert ginn, déi allebéid an der Filmbranche en Numm hunn, een dovunner ass de Produzent Paul Thiltges, dee mat sengem Kolleeg, dem Realisateur Joerg Altekruse, Youth4planet op Lëtzebuerg bruecht huet.

D'Julia Ruhmann ass wärend hirem Studium op d'Organisatioun gestouss, wéi si huet missten ee Stage maachen.

"Meng Mamm ass Proff am Lycée Robert Schuman, a si haten Workshops iwwer Fairtrade asw gehalen, a meng Mamm weess, datt ech eng grouss Begeeschterung hu fir Natur, an du sot si: hues du keng Loscht däi Praktikum bei Youth4planett ze maachen? Dunn hunn ech si kontaktéiert, gezoomt an ech hu mäi Praktikum bei hinne gemaach. Kuerz Zäit drop war ech fäerdeg mat mengem Praktikum a si haten eng Plaz, an do sinn ech elo gelant."

Den direkten Echange

Sech aktiv an intensiv mat nohaltegen Theemen auserneen ze setzen an iwwer Storytelling ee Bäitrag fir eng méi nohalteg Welt leeschten, dat motivéiert d'Julia Ruhmann.

Fir si entsteet de Fonken, andeems een ufänkt iwwer verschidde Sujeten nozedenken. Jiddwer eenzelen ass een Deel vum Problem, mee och vun der Léisung.

De Projet Storytelling viséiert Jonker dozou Filmer ze animéieren, hir Erfarungen ze erzielen, iwwer d'Zukunft nozedenken an iwwer hir Handyen hir Projeten op eng international Plattform ze deelen.

"Mir ginn an d'Schoulen an da kréien d'Schüler e Virtrag gehalen iwwer wie mir sinn, a mir kucken hir Begeeschterung ze fannen, wou ass hiren Theema. Wou si se bereet sech ze engagéieren an doriwwer e Projet ze maachen, well wann een engagéiert ass, wann ee sech verbonne fillt mam Theema, da kann een ee gudde Produit produzéieren, mir wëllen um Enn och Filmer hunn, déi ee ka weisen. Mir weisen hinnen wéi Interviewen funktionéieren, wéi d 'Kamera gehale gëtt, wat mat der Luucht muss gekuckt ginn, wéi de Schneidprogramm funktionéiert (...) meeschtens si se ganz interesséiert, well et e Medium ass, deen hinne no läit, ech hu bis ewell gutt Erfahrunge gemaach, datt et Spaass mécht, prakteschen an theoretesch ze schaffen, och déi Interviewsituatioun ass interessant, si virun eng Kamera ze stellen an ze gesinn, wat do geschitt".

Der Julia Ruhmann gefält deen direkten Echange mat de Schüler virun allem wa si houfreg op sech sinn, respektiv aner Schüler op hir Komeroden eropkucken, a wann se eppes bäigeléiert hunn.

Ëmweltschutz, Gläichberechtegung, Fridden, nohaltege Konsum oder Rassismus sinn Theemen, déi Youth4planet no stinn. Um perséinleche Plang sti bei der Julia Ruhmann Plastik a Konsum un éischter Platz. Dofir passt si op net méi ze kafen wéi si consomméiere kann, keeft Bio-Labelen, an der Haaptsaach Produiten aus kontrolléiertem Ubau.

Si ass Flexitarier a suergt dofir ze wëssen, wou d'Saachen hierkommen, an erkläert, dat alleguerten dës Ëmstänn souguer hirem Karma gutt dinn.