Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträitkultur

Prisma

Sträitkultur

De Philosoph Heraklit sot, datt de Sträit de Papp vun allem wier. Domat wollt hie soen, datt duerch eng Ausernanersetzung Neies entsteet. Näischt stellt den Status quo nämlech méi a Fro, wéi e Sträit. Mee Streide wëllt geléiert sinn. E gesonde Sträit ka konstruktiv sinn, well all Partei zesummen no enger Léisung gesicht huet, an déi och nom Sträit matdroe wëllt. Leider passéiert et awer dacks, datt Sträit destruktiv ass, well deen ee probéiert deen aneren ënnerzebotteren. Iwwerleeungen zu destruktivem a konstruktivem Sträit vum Thomas Koenig.

auto_stories

7 min

De Philosoph Thomas Koenig. Foto: Archiv

Sträitkultur ...

Eng Demokratie lieft vum Sträit. Vum gutt gemengten Austausch vun divergente Meenungen. An dat geet nëmmen, wann d'Leit fäeg sinn, zesummen ze schwätzen a mateneen ze diskutéieren. Mee esou richteg konstruktiv Diskussioune si schwéier ze fannen, ganz gär leeft et éischter dorop eraus, wie säin Diskussiounspartner als éischt brieche kann.

... an d'Absence dovunner

Eppes wat ech zum Beispill lëschteg fannen, ass wéi séier et haut an Diskussioune goe kann.

Kuckt emol déi Diskussioun mat der Tenue correcte. Anscheinend ass et sexistesch, Leit wëllen ze soen, wéi si sech op bestëmmte Plazen undoe sollen. Wann een engem seet, datt ee bestëmmten vu senge Kierperdeeler net wëllt gesinn, zack, Sexismus! Well den eenzege Grond, firwat een engem säi Kierper net wëllt gesi muss jo obligatoresch sexuell bestëmmt sinn. Aner Méiglechkeete kann et jo guer net ginn.

Bon, de Spiiss kann een och ëmdréien. Esou am Genre "it takes a sexist to know one". Wann ech nämlech mengen, datt et sexistesch ass, wann eng Persoun mäi Kierper net wëllt gesinn, ja, vläicht ass dat jo meng Interpretatioun vun der Intentioun vun där anerer Persoun.

Also, déi eng soe jo, et wär fraefeindlech, wann d'Frae sech net däerfen undoen, wéi si wëllen, well si soss virgeworf kréichen, d'Männer ze vill ze erreegen. Mee genee déi Ausso kann ee jo ëmdréien a soen, datt se männerfeindlech ass, well een domat de Männer ënnerstellt, all Selbstkontroll ze verléieren, soubal si eng Fra gesinn. Oder datt se fraefeindlech ass, well domat implizéiert gëtt, datt a punkto Sexualitéit de Mann ëmmer deen ass, deen aktiv ass an d'Fra déi, déi passiv ass a selwer net zu Handlunge fäeg wier. Oder awer och, datt et männerfeindlech wier, well Männer net fäeg wiere mat Fraen ëmzegoen, déi eng dekomplexéiert Attitüd par Rapport zum eegene Kierper hätten.

Bon, also, ech resuméieren: ee Problem, eng Ausso, mee véier verschidden Interpretatiounen. A leider och ganz dacks eng Tendenz, hanner der Positioun vun anere Leit nëmme Schlechtes ze gesinn.

Oder, en anert Beispill: Ech hat eng Kéier d'Ausso gemaach, datt ech et gutt géif fannen, datt mer hei zu Lëtzebuerg Schoulen hätten, déi fir all Mënsch op wären. An ech konnt mol meng Ausso nach net begrënnen, du krut ech als Kommentar "Ah jo, dat ass Kommunismus!". Eng Begrënnung fir déi Ausso koum net.

Interessant ass awer, datt ee meng Ausso awer och op vill Aarten kann interpretéieren. Si kann och kapitalistesch sinn; schliisslech kritt d'Schoul jo och gär virgeworf, si géif just domm Konsumente produzéieren. Oder nationalistesch: Mir brauche Bierger, déi selbststänneg sinn, fir eis Gesellschaft am Verglach zum Ausland kompetitiv ze halen. Oder kolonialistesch: Groussbritannien huet seng Jugend am 19. Joerhonnert net aus rengem Altruismus an d'Schoul geschéckt. Nee, si hu leider misse feststellen, datt wann ee seng Kanner net ausbilt, datt een dann op emol net genuch Leit huet, déi intellektuell kapabel sinn, als Zaldoten an den Kolonial-Truppen ze dengen.

Dir gesitt, op wat ech eraus wëll. Fir de Mann mam Hummer gesäit all Problem aus, wéi en Nol. Dat heescht, datt d'Realitéit am Fong egal ass. Dank menger Ideologie kann ech mer d'Saach ëmmer esou zu Recht interpretéieren, datt ech duerno awer Recht hunn.

D'Problematik

De Problem bei deem Problem ass, datt en d'Diskussiounen extreem schwiereg mécht. Wann ech an enger Diskussioun engem anere virwerfen, datt hien d'Ideologie XYZ vertrëtt, da muss ech jo net méi mat him diskutéieren.

Dann huet déi Persoun de facto Onrecht. Mee net nëmmen dat. Déi Persoun ka par consequent onméiglech Recht hunn. Si vertrëtt jo eng Positioun, déi net just falsch ass, mee och nach moralesch suspekt. Oder carrement antimoralesch. An anere Wierder, déi aner Persoun ass korrupt, pervers, einfach nëmme béis. Dat heescht, schlussendlech, wa si Onrecht huet, da muss ech jo Recht hunn. Dat trëfft sech nämlech gutt, ech weess jo, datt ech Recht hunn, ech sinn jo ee vun deene Gudden!

Bon, do gëtt et leider zwee Denkfeeler. Dat éischt ass zum Beispill den ad-hominem-Denkfeeler. Just well eng Persoun z. B. e Sexist ass, heescht dat net, datt hir Aussoe falsch musse sinn. De Contraire ze behaapten wier ongeféier esou logesch korrekt wéi wann ech géif behaapten, datt d'Vegetarier all moralesch suspekt wieren, well den Hitler jo angeblech och Vegetarier war.

An den Denkfeeler Nummer zwee besteet doran, datt et falsch ass, datt ech automatesch Recht hätt, well mäi Géigeniwwer Onrecht hätt. Vläicht hu mer Allenzwee Onrecht.

Ursaachen

Déi Tendenz, deen aneren esou unzegräifen, ass séier erkläert. Ech immuniséieren domat meng Positioun esou, datt ech net kann Onrecht hunn. Da muss ech mer net nach laang d'Fro stellen, ob ech net vläicht awer Onrecht hätt. Oder op meng Argumenter gutt sinn. Da kann ech mech virun de Spigel stellen a mech houfreg ugrinsen, well ech jo weess, datt ech dee Beschte sinn.

A selbstverständlech invalidéieren ech déi aner Partei domat total, dat heescht, et ass emol net méi néideg, datt ech mech mat hiren Argumenter auserneesetzen. Si ka jo net Recht hunn, a firwat soll ech mech mat eppes befaassen, wou ech am Virfeld scho weess, datt et falsch ass.

Wa mer elo am Krich wieren, géif ech jo soen, datt et clever ass, sech esou ze verhalen, datt een de Feind esou séier an esou einfach wéi méiglech ausgeschalt kritt.

Mee mir sinn eben net am Krich. A fir eis Gesellschaft fräi an offen ze halen, musse mer mat deenen aneren diskutéieren. An dofir musse mer erkennen, datt si net eis Feinde sinn, mee eis Matmënschen. A mir mussen och erkennen, datt et kéint sinn, datt mer Onrecht hunn.

Léisungen?

An dat verlaangt natierlech eng gewëssen Dosis u Selbstvertrauen a Respekt. De Fait, datt ee sech hanner moraleschen Aussoe verstoppt, ass net just op intellektuell Lidderegkeet, op Virurteeler oder Dommheet zeréckzeféieren, mee och ganz dacks just op Onsécherheet.

A wann ech mech hanner menger Ideologie ka verstoppen, da sinn ech jo net eleng, well ech jo op hire ganzen argumentativen Apparat kann zeréckgräifen. An ech hu jo en plus dann nach all déi aner Ideologen, déi mech doranner bekräftegen, datt mer jo all Recht hunn an esouvill besser si wéi déi, déi ze domm si fir d'Iwwerleeënheet vun eiser Ideologie unzëerkennen.

Beschtefalls féieren esou Astellungen zu Shitstormen an de soziale Medien, schlëmmstefalls gëtt et Doudeger. Dat huet ee jo de leschte Weekend zu Paräis gesinn, wou et alt erëm eng Kéier offensichtlech gouf, datt d'Meenungsfräiheet näischt Selbstverständleches ass.

A fir elo ze mengen, datt d'Terroriste jo ëmmer "déi aner" sinn, an ni "ee vun eis", dat ass erëm dat selwecht Muster, wéi dat, wat ech hei diskutéiert hunn. Mir sinn déi Gutt, mir maachen esou eppes net, dat maache just déi aner, an esou weider, an esou fort. E Bléck an d'Geschichtsbuch kann erniichternd sinn.

Paradox

De Philosoph Karl Popper huet gesot, datt de Paradox vun der offener Gesellschaft wier, datt se alles misst toleréieren, ausser eben den Intoleranten.

An et ass net einfach, Leit ze toleréieren, déi engem ënner d'Haut fueren, dat verlaangt Iwwerwannung a Selbstkontroll. An dat verlaangt och eppes, wat sech Ambiguitéitstoleranz nennt. Dat bedeit, datt een fäeg ass ze erkennen, datt sech hanner Meenungen oder Mënschen net just Negatives verstoppt, oder just Positives, mee béides. Datt d'Welt net wäiss oder schwaarz ass, mee faarweg.

Bon, klengt abstrakt a schwéier an ustrengend. An dat kann et och sinn, wann een et net gewinnt ass. Mee et ass wéi bei villem, duerch den Effort kënnt d'Belounung. Fir et also simpel ze halen am Ufank: Déi nächste Kéier, wou een aus Ärem Ëmfeld eppes seet, wou der absolut domat averstane sidd, sot einfach mol "Ech sinn net domat averstanen" a probéiert Grënn ze fannen, firwat déi Ausso falsch ass. Oder ëmgedréit, wann een eppes seet, mat deem der net averstane sidd, iwwerleet Iech mol en Argument, firwat déi Ausso awer vläicht richteg kéint sinn.

A probéiert emol, Iech net doriwwer opzereegen, datt een aneren Iech vläicht net direkt Recht gëtt. Vläicht gesäit dee jo eppes, wat Dir net gesitt.

Also, let's agree to disagree, an dem Sënn, frohes Streiten!