Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Crinan Wood - In Your Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Susy Lentz: No 20 Joer soen d'Makadammen Äddi

Sot emol

Susy Lentz: No 20 Joer soen d'Makadammen Äddi

D'Susy Lentz ass den Ament mat de Makadammen an dem neie Programm "20" uechter Land ënnerwee. Aus engem eemolegen Optrëtt fir de Weltfraendag 2001 sinn elo 20 Joer Makadamme ginn.

auto_stories

3 min

Déi véier Makadammen, d'Susy Lentz, d'Thea Engel, d'Maggy Molitor an d'Monique Mille hu schonn zesummen am Ensembel vum Lëtzebuerger Theater gespillt, wou se gefrot goufen ee Problem fir de Weltfraendag ze realiséieren:

"A mir hu geduecht: hei, dat wier dach eigentlech eng cool Iddi, well et war awer Männerpower am Lëtzebuerger Theater, muss een elo awer éierlech zouginn.(...) Soss war dat vum Spillereschen hir awer net esou groussaarteg fir eis. Mir hu gesot, hei elo kënne mer emol selwer decidéiere, wat mir wëlle maachen. Voilà, hu mer gemaach, et war en immense Succès ."

An dorauser goufen 20 Joer, a mat dem aktuelle Programm geet déi Aventure "Makadammen" elo awer op eng Enn.

"Ech sinn e positive Mënsch"

Natierlech ass de Plang vun de Makadammen duerch Corona-Pandemie duerchernee komm an och si hu mussen de Confinement duerchliewen. Mee d'Susy Lentz ass perséinlech awer gutt iwwer déi Zäit komm.

"Ech sinn e positive Mënsch, ech kucken ëmmer no vir, ech kucken net zeréck, well dat bréngt jo näischt, dat ass meng Devis. Ech mengen, dat ass ville Leit esou gaangen, vu datt mir super Wieder haten dee Moment, do ass et jiddwerengem méi liicht gefall fir méi lues ze trëppelen. Mir sinn immens vill spadséiere gaangen.(...) Mir huet dat näischt ausgemaach, mee ech soen ëmmer: et huet een et méi einfach, wann een anzwousch wunnt, wou ee Gaart huet, wou ee kann erausgoen, wéi wann een an enger Stad wunnt."

Scouten a Lagerfeierromantik

Wa mer an d'Ufankszäiten zeréck ginn, wou d'Susy Lentz mam Sangen ugefaangen huet, da si mer bei de Scouten, de Scoutcampen an der Atmosphär beim Lagerfeier ukomm. An op esou engem nationale Camp huet d'Susy Lentz e Meedche gesinn, dat sech mat der Gittar selwer begleet an dobäi gesongen huet.

"Ech sot: dat do wëlls de och kënnen. Ech krut eng Gittar, do hunn ech mech do versicht, bon mat zwee, dräi Akkorde kann een och scho mol eppes ufänken. Voilà, an do hunn ech meng Stëmm eemol entdeckt an do hunn ech gemierkt: dat do klappt jo ganz gutt."

Den Duerchbroch koum am Meedercherslycée

Ëmmer méi an ëmmer méi huet d'Susy Lentz gespillt, e Repertoire, den hir louch. An do gouf se vun engem Proff gefrot um Schoulfest ze sangen.

"Ech sinn eigentlech e relativ scheie Mënsch an ech sot: Ech weess net, virun esou ville Leit.(...) Ech war natierlech ganz frou, datt dee mech gefrot huet an do hunn ech do "Inshallah" gesongen, an dat war mäi groussen Duerchbroch. "Inshallah" an der Aula vum Meedercherslycée um Lampertsbierg."

Méi Informatioune iwwer den aktuellen a leschte Programm "20" vun de Makadamme fannt Dir op hirem Internetsite.