Radioen

On air

Notturno  |  Quantum Dot - Okay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Susy Thomé-Schneider

Am Gespréich

Susy Thomé-Schneider

E Liewe fir d'Musek a besonnesch de Gesang ass bei der Susy Thomé-Schneider wuel net iwwerdriwwen ze soen. Si ass Musekerin, Sängerin, Multiinstrumentalistin an oder virun allem Enseignante an der Käerjenger Museksschoul.

auto_stories

4 min

Der Susy Thomé-Schneider hir Léift zur Musek an zum Gesang ass scho ganz fréi ugaangen.

"All Lidd hunn ech menger Mamm virgesongen"

Et ware virun allem zwee Aspekter un déi Sängerin sech erënnert. Schonn an der Spillschoul ass d'Susy Thomé-Schneider heem komm an huet hirer Mamm all Lidd, dat se geléiert huet vir gesongen. Dat war fir hir Mamm ganz normal. An du koum dat zweet Evenement:

"Ech krut mat siwen oder aacht Joer e Bréif vun der Huncherenger Fanfare, u mäin Numm geschriwwen, ob ech keng Loscht hätt Musek léieren ze goen? Do sot ech zu menger Mamm, do ginn ech hin, dat ass fir mech. Meng Mamm war averstane well de Sall wou enseignéiert ginn ass, war just vis-à-vis wou mer gewunnt hunn. Voilà!"

An esou ass d'Susy Thomé-Schneider bei d'Musek komm an och bliwwen.

Lauschtert den 1. Deel vum Gespréichplay_arrow

Musek als Beruff war net esou geplangt

Datt d'Susy Thomé-Schneider aus der Musek e Beruff gemaach huet, ass éischter en Zoufallsproduit. D'Susy Thomé-Schneider huet eng Première gemaach an nom Ofschloss huet et geheescht, schaffe goen an si huet op der Spuerkeess ugefaangen. Dernieft huet si awer ëmmer ganz vill Musek gemaach, de Conservatoire, e sëllege Präisser. Ni stoung et zur Diskussioun, datt d'Susy Thomé-Schneider hätt kéinten oder solle Musek studéiere goen. Iergendwann gouf se awer gewuer datt ee kéint Musek als Fach an der Primärschoul ginn.

"Dat ass et. Dat wëlls de elo maachen. Well ech och ëmmer schrecklech frou mat Kanner war (...) An do sinn ech op d'Gemeng zu Beetebuerg gaange bei e gudde Monsieur deen do Schäffe war, an dee sot: 'Nee dovun hunn ech näischt héieren.' Ech sot vergiess, dat do gëtt guer näischt. An Ugangs September krut ech en Uruff op der Spuerkeess, hei kanns du wgl. nach emol deng Demande nach eng Kéier maachen. (...) A séier eng Demande gemaach, an du sinn ech Chargée de Cour fir Musek an der Primärschoul zu Beetebuerg ginn."

Lauschtert den 2. Deel vum Gespréichplay_arrow

"Falsch Sangen, awer da mat Iwwerzeegung"

D'Susy Thomé-Schneider ass hautdesdaags Enseignante an der Käerjenger Museksschoul, virun allem an der Formation musicale, de fréiere Solfège, wou hir och hir Freed mat Kanner ze schaffen ze gutt kënnt. An dann och nach ganz vill Choueraarbecht. D'Susy Thomé-Schneider huet eng bal onbegrenzte Gedold, an och bei der Chouerdirektioun spiert si bei engem falschen Toun och nach Energie eraus.

"Eng vu mengen Devisen, all Leit, déi mat mer Musek maache kenne mäi Sproch: Sangt! Sangt mat Iwwerzeegung falsch. Mee sangt! Dat ass et. Wann eppes voll aus dem Häerz kënnt, aus der 'Panz' wéi mer Lëtzebuerger sou schéi soen, dann ass et gutt. A wann et da schif war, da weess de dat war et net. An déi nächste Kéier geet et besser."

Op alle Fall gefält der Susy Thomé-Schneider hir Aarbecht an der Käerjenger Museksschoul, an et gi seele Mënschen déi mat esou vill Freed un hir Aarbecht eru ginn.

Lauschtert den 3. Deel vum Gespréichplay_arrow

"Kee Mask! Datt mer eis Liewen erëm kréien"

D'Susy Thomé-Schneider erënnert sech nach un deen Owend vun der Pressekonferenz am Mäerz 2020 wou de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel de Lockdown annoncéiert huet:

"Vu datt ech esou e positive Mënsch sinn, hunn ech dat guer net esou schlëmm gesinn. Ok, da si mer elo e puer Wochen doheem der vläicht nach e bësse méi an dann ass et gutt. Ech hat mech do e bësseli geiert."

An d'Susy Thomé-Schneider elo e Wonsch fräi hätt, wat géif si sech da spontan wënschen:

"Kee Mask! Kee Mask! Jo! Datt mer erëm plus au moins eist Liewe kënnen erëm kréien."

Lauschtert den 4. Deel vum Gespréichplay_arrow